Welt-Orang-Utan-Dag: Just 57.000 Déieren existéieren nach
Den 19. August ass de Welt-Orang-Utan-Dag. Dës Primatenaart aus der
Dat Zäiten net déi beschte sinn, fir Fuerderungen ze stellen
Wéinst dem Escher Kulturlaf 2019, kënnt et e Samschdeg 7.
D’Erklärung kënnt Dir Iech souwuel als Video ukucken, wéi och a schrëftlecher Form liesen (ënnert dem Video).
Léif Madamm Lenert,
ech wéilt am Moment net onbedéngt an Äre Schong stiechen; d‘Situatioun an déi Dir era katapultéiert gouft, ass méi wéi ondankbar an ech ka mir virstellen, wat dat fir e Stress fir Iech ass.
En plus sidd Dir als Juristin, fir a Saache Santé kënnen ze decidéieren, op de Rotschlo vu baussen ugewisen, an der Hoffnung, dass d‘Meenung vun Ären Experte méi richteg ass wéi déi vun deenen déi et anescht gesinn.
Zu dem Drock deen Dir souwisou schonn hutt, kënnt zousätzlechen Drock aus enger ëmmer méi onzefriddener Populatioun. D‘Vertrauen an d‘Politik an d’Medien geet dramatesch erof an d‘Unzuel vun de Suiciden dramatesch erop. Dir sidd am Moment laut aktuellen Ëmfroen dee leschte verbleiwende Sympathieträger – och fir mech – an dofir schreiwen ech Iech elo och un.
Dir hutt et net einfach an de But vun dësem Bréif ass et net, fir Iech et nach méi schwéier ze maachen. Bien au contraire!
Mäi Wonsch wier et, dass de ganze System endlech géing ufänken d’Problemer un der Wuerzel unzepaken a sech net exklusiv op d’Symptombekämpfung géing limitéieren. Dat passéiert nämlech permanent, zanter e puer honnert Joer an dës Tendenz verstäerkt sech praktesch exponentiell an zwar an alle Beräicher: fir d’éischt schafe mir e Problem an da siche mir no Léisunge fir d’Konsequenze vum Problem ze behiewen, woubäi d’Niewewierkungen vum Problem an déi vun der Léisung sech à long terme addéieren. Dat ass zwar finanziell interessant, awer Sue maachen d’Leit an de Planéit net gesond. Et gëtt och keen Ënnerscheed tëschent Ëmwelt a Gesondheet, déi 2 si strictement inséparabel.
Wier et net vill méi einfach a natierlech, wa mir einfach géingen ophalen, Problemer ze schafen?
Genau! Mir hunn deemno 2 Problemer: mir hu vill ze vill Leit deenen hiren Immunsystem defekt ass an onse Gesondheetssystem ass scho méi wéi saturéiert domadder, deene Leit déi net gutt mat hirer Gesondheet ëmginn, mat der (lukrativer) Symptombekämpfung ënnert d‘Äerm ze gräifen.
D‘Bild vun de Leit, déi stonnelaang am Auto (!!!) mat Masken (!!!) an der Waardeschlaang vum McDonalds (!!!) gewaart hunn, esou dass d‘Police huet missen intervenéieren, ass déi perfekt Karikatur fir onse System.
Eng Santé, déi éierlech un der Gesondheet vun de Leit interesséiert ass, mécht a mengen Ae Folgendes:
Wann ech mech politesch géing opsetzen da wier dat en Deel vu mengem Walprogramm: Positivismus, Perspektiven a Gesondheet! Meng Lëscht ass nach vill méi laang, mee Dir hutt vill ze dinn, Madamm Lenert.
2 Bréiwer d‘lescht Joer, also laang virun der Pandemie, un Äre Virgänger an un onse Staatsminister goufe leider ganz lapidar traitéiert, mat Verweis op d‘Recommandatiounen vun der Santé … wou ech awer ganz vill „falsch“, vereelzten, respektiv vun Interesse gefierfte Recommandatioune gesinn.
Ech schreiwen Iech dëse Bréif als Primal Health Coach, eppes wat ech aus perséinleche Grënn niewelaanscht studéiert hunn, fir meng eege Gesondheet erëm hierzestellen, eppes wat onse System, esou wéi en opgebaut ass, net fäerdeg bruecht hat. Et geet ëm eng ganzheetlech, natierlech Approche am Aklang mat onser Genetik.
An deem Kontext stinn ech an enkem intellektuelle Kontakt mat Dokteren, déi d’Fachwëssen wat ech mir an de leschten 10 Joer ugëeegent hunn, confirméieren a mäi Buch aus vollem Häerz recommandéieren. Vun hinne kréien ech och ëmmer erëm gesot, dass ech mech mat der Santé soll zesummen ze dinn, fir meng ganzheetlech a natierlech Approche ënnert d‘Leit ze bréngen. Haaptberufflech sinn ech Ekonomist a mir deemno duerchaus bewosst iwwert déi finanziell Konsequenzen vun enger besserer Gesondheet vun der Populatioun. Mee do wou manner era kënnt, entfalen am Géigenzuch och vill Käschten, déi mat de „moderne“ Krankheeten ronderëm de metabolesche Syndrom, Kriibs, Autoimmunkrankheeten a vill méi Mësselen verbonne sinn. Dat ass, wéi Dir sécher wësst, eng astronomesch Zomm.
Villäicht sidd Dir jo méi interesséiert an open-minded wéi Äre Virgänger; ech géing mech iwwert e konstruktiivt, virun allem positiivt Gespréich mat Iech immens freeën a wënschen Iech weider vill Courage an der aktueller Situatioun.
Nathalie Meier-Hottua
www.revolution.lu
Opmaacherbild © Emma Simpson / Unsplash