Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Däitschland: Kannermëssbrauch op Campingsplaz
Meenung Neiegkeeten

Däitschland: Kannermëssbrauch op Campingsplaz

Op engem Camping an Nordrhein-Westfalen (Landkrees Lippe) sollen op mannst

Muer an enger Woch ginn d‘Butzen nees an d‘Schoul
Meenung Neiegkeeten

Muer an enger Woch ginn d‘Butzen nees an d‘Schoul

Et ass gewosst, datt den Educatiounsminister Claude Meisch den Ament

Euro-Composites zu Iechternach: Eng Hal vun 2000 m² a Flamen
Meenung Neiegkeeten

Euro-Composites zu Iechternach: Eng Hal vun 2000 m² a Flamen

Gëschter Mëtteg um 12:30 Auer ass beim 112 een Appell

Oppene Bréif: Wa Grenzschléissungen d’europäesch Gemeinschaft bedreeën

Zur Grenzschléissung als Konsequenz vun der Covid-19 Pandemie

Oppene Bréif: Wa Grenzschléissungen d’europäesch Gemeinschaft bedreeën

Madamm Ministerpresidentin Malu Dreyer, Här Ministerpresident Tobias Hans,

D’Mënschen am Museldall erliewen momentan zoue Grenzen, déi et offiziell dank dem Schengener Ofkommes an eiser Groussregioun net méi gëtt. Als Verantwortlech vun der Lëtzebuerger an Däitsche Grenzgemengen si mir enttäuscht vum aktuellen Ëmgang mat dem europäesche Gedanken.

An eiser Regioun gëtt Europa all Dag virbildlech gelieft. Op béide Säite vun der Musel fannen alldeeglech Elementer vum Liewen – Wunnen, Schaffen, Akafen, Kultur- a Fräizäitofferen – selbstverständlech an ouni Grenze statt.

Déi Europäesch Gemeinschaft gouf ënnert anerem mat dem Gedanken geschaaft, a Krisesituatiounen, wéi der aktueller Covid-19 Pandemie, gemeinsam méi effizient Léisunge fannen ze kënnen. Leider muss een grad feststellen, datt genau de Géigendeel geschitt a vill Staaten an al Verhalensmuster zeréckfalen, amplaz gemeinsam mat den europäesche Partner no Ausweeër aus der Kris ze sichen.

Zoue Grenzen a bewaffent Grenzkontrolle gi vu ville Bierger vun eise béide Länner, 75 Joer nom Krichsenn, Joren an deenen grenziwwerschreidend Frëndschaften zum Wuel vun alle Matbierger vun der Groussregioun entstane sinn, als belaaschtend a symbolesch feel un der Plaz empfonnt.

D’Aschränkungen a Restriktiounen am Groussherzogtum Lëtzebuerg sinn däitlech méi schaarf, wéi déi vun Däitschland. Déi a Lëtzebuerg getraffe Moossnamen am Gesondheetssecteur sinn europawäit virbildlech. Vu Lëtzebuerg geet net méi an net manner Gefor aus, wéi vun Däitschland. Mir musse Vertraue weisen: an eisen Noperen an an eiser europäescher Famill. Mir gefärden mat enger weider undauernder Grenzschléissung vill Errongenschaften vun eisem europäesche Projet.

Mir benéidegen an der Groussregioun, an där mir an de leschte Joren ouni Grenzen zesummeliewe konnten, verbindlech Entscheedungsstrukturen. Déi europäesch Unioun huet Strukturen geschaaft fir dëst ze erméiglechen, leider weist déi aktuell Situatioun, datt dës Méiglechkeeten ze vill am wirtschaftleche Beräich genotzt ginn, aner wichteg Beräicher vum Zesummeliewen goufe vernoléissegt.

Mir bieden Iech, sech dofir anzesetzen, datt d’Grenzen nees opgemaach ginn, d’Grenzkontrollen opgehuewe ginn a Färverbindungen tëscht Waasserbëlleg an Uewerbëlleg nees a Betrib geholl ginn. Alles selbstverständlech am Respekt mat den aktuell absolut noutwennege Moossnamen an hygienesche Verhalensreegelen. An Zukunft sollte grenziwwerschreidend politesch Gremien an der Groussregioun fir all Beräicher vum Zesummeliewen ageriicht ginn, fir nohalteg sozial a wirtschaftlech Beanträchtegungen méiglechst geréng ze halen.

Madamm Ministerpresidentin, Här Ministerpresident, déi momentan Aschränkungen a sanitär Moossnamen sinn dat bescht Mëttel fir d’Verbreedung vum Covid-19-Virus auszebremsen, eng Schléissung vun de Grenzen an der Groussregioun gehéiert allerdéngs net dozou.

Ënnerzeechent vum Thomas Michael Thelen, Buergermeeschter vu Wasserliesch (D); dem Jérôme Laurent Buergermeeschter vu Mäertert (LU); dem Andreas Beiling, Buergermeeschter vun Uewerbëlleg (D); dem Herbert Schneider, Buergermeeschter vun Temmels (D); dem Léon Gloden, Buergermeeschter vu Gréiwemaacher (LU); dem Hans Dostert, Buergermeeschter vu Wellen (D); dem Peter Leo Hein, Buergermeeschter vun Nittel (D); dem Max Hengel, Buergermeeschter vu Wuermer (LU); dem Elmar Schömann, Buergermeeschter vu Wincheringen (D); dem Marco Albert, Buergermeeschter vu Stadbriedemes (LU); dem Florian Wagner, Buergermeeschter vu Palzem (D); dem Jacques Sitz, Buergermeeschter vu Réimech (LU) an dem Michel Gloden, Buergermeeschter vu Schengen (LU).
Den Original fannt Dir HEI.

Opmaacherbild: © Markus Spiske / Unsplash

Ähnlech Sujeten Coronavirus, Däitschland, Grenzschléissung, Lëtzebuerg, Malu Dreyer, Musel, Oppene Bréif, Schengener Ofkommes, Tobias Hans
Nächsten Artikel Virrechten Artikel