Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

En neie Stroossebelag fir d’Autobunn A1 (26.-29.06.2020)
Neiegkeeten

En neie Stroossebelag fir d’Autobunn A1 (26.-29.06.2020)

D’Stroossebauverwaltung informéiert doriwwer, datt op der Autobunn A1 tëscht dem

Iran: Dialog amplaz Konfrontatioun!
Neiegkeeten

Iran: Dialog amplaz Konfrontatioun!

D’Ereegnisser vun de leschten Deeg beleeën, wéi militäresch Eskalatiounsspiralen funktionnéieren

money
Steieramt: Wou d‘Effizienz nei definéiert muss ginn…
Neiegkeeten

Steieramt: Wou d‘Effizienz nei definéiert muss ginn…

Eng Steierreform léisst déi aner of, an zanter 2013 gi

Besuergneserreegend Zoustänn an de Lëtzebuerger Naturschutzgebidder

Besuergneserreegend Zoustänn an de Lëtzebuerger Naturschutzgebidder

Mat engem oppene Bréif un d’Ministerin Carole Dieschbourg an d’Ministere François Bausch a Lex Delles gëtt op déi besuergneserreegend Zoustänn vun de Lëtzebuerger Naturschutzgebidder opmierksam gemaach.

Zesumme mat lokalen Naturschutzveräiner a Benevollen aus dem ganze Land ënnersträicht natur&ëmwelt Asbl, datt et begréissenswäert ass, datt de Mënsch d’Rou an d’Natur am Groussherzogtum genéissen an entdecke wëll. Just esou léiert een dës Naturraim wäert ze schätzen a gesäit, wat et ze schütze gëllt.

An awer sinn eis Schutzgebidder net op den Ustuerm u Leit agestallt. Ze wéineg Informatiounen an ze vill Visiteuren, Onwëssenheet an Ignoranz géifen zu onubruechtem Verhalen mat deels dramatesche Konsequenze féieren.

Als Beispill gi si op d’Naturschutzgebitt „Haff Réimech – Baggerweieren“ an, wou aktuell verschidde Vullenaarten bréien. Gëtt den Terrain vum Mënsch genotzt, fir sech ze sonnen, ze picknicken oder och mam Ball ze spillen, da kann dat fatal Folge fir d’Vullen hunn. Et géif een och ëmmer erëm feststellen, datt d’Mënsche an hir Hënn an d’Waasser ginn, obwuel dëst net komplett fir ze schwamme fräiginn ass.

Dobäi kënnt de ganzen Offall, deen d’Visiteuren no hirem Besuch am Fräien hannerloossen. Souguer Biller vun Ausscheedunge vun engem Fuuss mat enger Gummi-Händsch dran, wieren natur&ëmwelt zougeschéckt ginn. D’Informatiounscampagne erreeche soumat net wierklech de Visiteur.

Campagne déi eist Land ervirhiewen, sou wéi beispillsweis #vakanzdoheem, mussen och am Summer weiderhin d’Diversitéit an d’Schéinheet vun der Natur schützen, wouduerch am oppene Bréif verschidde Fuerderunge gestallt ginn.

Heizou gehéiert, datt d’Ëffentlechkeet méi iwwert de richtege Beholl an den Naturschutzgebidder informéiert a speziell Beamten op d’Plaz geschéckt solle ginn, fir d’Visiteuren bei engem Feelverhalen zurecht ze weisen. Dës weideren gëtt verlaangt, datt eis Natur besser geschützt gëtt, andeems d’Gesetzer agehale ginn a bei engem Verstouss entspriechend Sanktiounen folgen. Dës sollen an engem Rapport festgehale ginn.

Eis Natur ass e wäertvolle Privileeg, wouduerch d’Campagne vun der Regierung d’Biodiversitéit ënnerstëtzen an d’Bewosstsinn schäerfe mussen. Eis Gesondheet, eis Natur an déi zukünfteg Generatioune wäerten dankbar sinn.

De ganzen oppene Bréif fannt Dir HEI.

Opmaacherfoto vun natur&ëmwelt

Ähnlech Sujeten Benevolat, besuergneserreegend Zoustänn, Campagnen, Carole Dieschbourg, François Bausch, Lëtzebuerger Naturschutzgebidder, Lex Delles, natur&ëmwelt Asbl, Naturschutzgebidder, Oppene Bréif, Promotioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel