Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Editorial: Prost Neijoer!
Meenung Neiegkeeten

Editorial: Prost Neijoer!

Eng laang Nuecht geet op en Enn, fir déi wou

Lëtzebuerger Ausseminister besuergt
Meenung Neiegkeeten

Lëtzebuerger Ausseminister besuergt

Zwee Deeg laang hat déi vun den europäeschen Ausseminister ofgehale

#YouthYourFuture: De Wee an d’Aarbechtswelt vereinfachen
Meenung Neiegkeeten

#YouthYourFuture: De Wee an d’Aarbechtswelt vereinfachen

No intensive Formatiounen an der Entwécklung vun de perséinleche Kompetenzen

Oppene Bréif un den Här Claude Meisch, Schoulminister

Oppene Bréif un den Här Claude Meisch, Schoulminister

Här Minister, wéi vill sinn Iech d’Schüler aus de Kompetenzzentre wierklech wäert?

Dës Fro muss sech d’Apcca, Personalvertriedung vum Personal aus de Kompetenzzentren, zesumme mam SEW/OGBL stellen, well, bis elo an esou kuerz virun der Reprise, Dir et nach net fir wichteg fonnt hutt Iech Gedanken iwwert d’Schüler mat spezifesche Besoinen ze maachen, respektiv dem Personal an den Elteren Detailer matzedeelen.

Dir sidd Iech bewosst, dass am C1 net déi selwecht Mesure wéi am C2-4 kënnen agehale ginn, mee op d’Kompetenzzentre ginn Dir NET an ! Et kéint ee bal mengen, dass d’Kompetenzzentren net zu Ärem Ressort géinge gehéieren!

Sinn déi Kanner manner wichteg?

Wier et net ubruecht, dass Dir Iech och intensiv ëm déi Kanner géift këmmeren déi och scho virun enger COVID-19 Pandemie un Adaptatiounen an Hëllefsstellunge vun der Gesellschaft ugewise waren. Et gëtt einfach alles deenen eenzelen Direktiounen iwwerlooss!

Bis dato ass gewosst, dass d’Schüler aus de Kompetenzzentren net an de Maisons Relais betreit ginn. Mee wouhin da mat eise Schüler ? Och déi Eltere brauchen Ënnerstëtzung bei der Betreiung. Gewosst ass och, dass moies keen Accueil virun 8 Auer méi organiséiert gëtt.

Här Meisch, wéi stellt Dir Iech dat vir ? Wéi ass dës Mesure mam Beruffsliewen ze vereenbaren? An der Press, maacht Dir en Appell un d’Patronen, si solle Versteesdemech fir hiert Personal hunn, wann se moies net um 8 Auer op der Aarbecht sinn.

Här Meisch, hutt Dir dann och Versteesdemech fir Äert Personal wann et moies net um 8 Auer an der Schoul ka sinn, well se hir eege Kanner eréischt fir 8 Auer an der Schoul kënnen ofginn ? D’Personal an och d’Eltere vun eise Schüler wëssen net wéi se sech sollen organiséieren a fillen sech komplett eleng gelooss!

Et gëtt just probéiert « auf Biegen und Brechen » ouni Récksiicht Är Mesure ëmzesetzen an dat op Käschte vum Personal, den Elteren a virun allem de Kanner mat spezifesche Besoin.

Well och fir d’Schüler aus de Kompetenzzentren ännert sech esou munches. Vill Aktivitéite falen ewech, well déi pedagogesch ganz wäertvoll Mëttelen (wéi z.b. Snoezelraum, Airtramp, Schwämm, Turnhal, Léierkichen) no der Reprise net méi benotzt dierfe ginn!

Dës Aktivitéiten si wichteg, well ouni Spill, Sport a Schwamme wäerte vill vun eise Schüler net ausgeglach sinn an d‘Konflikter huelen zou. Kierperkontakt gëtt Sécherheet. Eis Schüler verstinn net, dass een een net dierf upaken a maachen et trotzdeem. Impulskontroll vun eise Kanner ass extrem reduzéiert an Distanz halen am Affekt mat Emotioune wäert net méiglech sinn.

Soll elo just nach Frontalunterrecht gemaach ginn?! Här Meisch, wat ass Äre Plang?

Et gëtt héich Zäit, dass Dir Iech äussert!

Matgedeelt vum SEW/OGBL an der APCCA

Opmaacherbild: © master1305 / Freepik

Ähnlech Sujeten apcca, Beruffsliewen, Bildung, Claude Meisch, Elteren, Gesondheet, Maisons Relais, OGBL-SEW, Oppene Bréif, Pandemie, Schoulminister, Schüler, Sécherheet
Nächsten Artikel Virrechten Artikel