Marsch fir de Klima: Bierger vun Europa fuerderen e bessere Klimaschutz
Bréissel, europäesch Haaptstad an Uert wou grondleeënd Entscheedungen zum Klima
Bréissel, europäesch Haaptstad an Uert wou grondleeënd Entscheedungen zum Klima
Ugrëff aus Gaza, datt kennt een an den Ofwiersystem vun
Här Minister Schneider,
D’Plattform Meng Landwirtschaft begréisst dat am Koalitiounsofkommes gesaten Zil “op mannst 20 Prozent” vun der landwirtschaftlecher Notzfläch fir biologesch Landwirtschaft bis zum Joer 2025 bereet ze stellen. Mir sinn allerdéngs der Usiicht, datt fir d’Ëmsetzung vun dësem ambitiéisen Zil keng Zäit ze verléieren ass.
Dowéinst wende mir eis un Iech, fir eis iwwert den aktuelle Stand bei der Entwécklung vum Aktiounsplang fir biologesch Landwirtschaft ze informéieren. Bei eisem Treffen de 5. Mäerz hutt Dir eis matgedeelt, datt dëse virun der Summervakanz fäerdeggestallt soll sinn a mir als “Meng Landwirtschaft” bei der Ausaarbechtung eis Expertis abrénge kënnen. Zanterhier sinn iwwer dräi Méint vergaangen a wäertvoll Zäit fir all betraffen Acteure verstrach.
Mir wëssen natierlech, datt Är Mataarbechter um Aktiounsplang schaffen, ma dëst entsprécht net engem participative Prozess, dee jo gewënscht war an, wéi mir hoffen, geschwënn usteet. D’Membere vu “Meng Landwirtschaft” haten deen ugekënnegte participative Prozess jiddefalls esou gedeit, datt schonn an der Formuléierungsphas Iddien a Moossname vun der Plattform mat afléisse kënnen an et net nëmmen drëms goe géif, e fäerdegt Dokument ze ergänzen. Mir sinn eis bewosst, datt d’Entwécklung vun dësem Aktiounsplang keng einfach Aufgab ass, dowéinst ass et eis ëmsou méi wichteg, den Dialog an den Austausch sou fréi a sou intensiv wéi méiglech gemeinsam ze féieren.
Mir bedaueren immens, datt säitens Ärem Ministère Acteuren aus der Zivilgesellschaft, déi sech säit e puer Joren intensiv mat der Landwirtschaft an Ernierungskultur ausenanersetzen souwéi hir Kompetenzen an hir Interesse bis elo ignoréiert goufen. Och muss festgestallt ginn, datt déi geréng Bereetschaft zum Dialog, déi schonn zanter Joren eisersäits beklot gëtt, net dozou bäidroe wäert déi ustoend Problemer ze bewältegen. Mir erwaarden deemno, datt Dir eis op séierstem Wee iwwert den aktuelle Stand vum Bio-Aktiounsplang informéiert an eis, souwéi och aner concernéiert Acteuren, mat abezéien.
Fir d’Plattform “Meng Landwirtschaft”
Laure Cales
Koordinatorin
Opmaacherfoto: © Jill Wellington/Pixabay
fräi aus dem däitschen iwwersat vum Melvin Hatto