Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – Dat éischt Bild vun engem Koméit
kutchi dating uk

What the Fakt – Dat éischt Bild vun engem Koméit

No laange Beobachtunge vum Koméit Donati ass dem Moler a

https://moien.lu/completely-free-dating-glasgow/
kutchi dating uk

seventy thirty matchmaking reviews

Um zweete Spilldag zu Buenos Aires muss sech Tennisspillerin Eléonora

Vinorama – een neie Magasinn fir de Lëtzebuerger Wäin
kutchi dating uk

Vinorama – een neie Magasinn fir de Lëtzebuerger Wäin

Passend zur Expogast, déi momentan vum 24. bis den 28.

„Casier-bis“ – Den oppene Bréif vun de Minister un d‘Press

„Casier-bis“ – Den oppene Bréif vun de Minister un d‘Press

An hirem oppene Bréif un d’Lëtzebuerger Press, hunn de Justizminister, Félix Braz an de Minister fir Bannesécherheet, François Bausch, an Zesummenhang mam vun der Oppositioun denoncéierte Mëssbrauch vu perséinlechen Daten, déi an engem „geheime“ Fichier klasséiert wieren, elo emol e puer Punkte „gekläert“.

Elo ass et net esou, datt et iergendeen – mat Ausnam vun engem Affekot, der Oppositioun an der Press – géif interesséieren an eigentlech sollt een dat ganzt och als deen „Non-Event“ bezeechnen deen et ass. Wann awer d‘Politik net labber léisst, ass d‘Mediewelt scho bal genéidegt och drop anzegoen. Zudeem wollt jidderee gewosst hunn, datt esou e Casier oder Datebank ginn huet…

Wann all Mënsch vun eppes weess, kann et kee Geheimnis sinn. An d‘Ministere vun déi gréng sinn sech dann och eens: „Et gëtt keng geheim Datebank bei der Police an och kee „Casier-bis“ bei der Magistratur“, esou unisono de Félix Braz an de François Bausch. Ob de Fichier vun der Police, oder de juristesche Casier, alles géif sech strikt an engem legale Kader ofspillen, näischt ass geheim.

Béid „Datebanken“ sinn e wichtegt Instrument fir d‘Justiz, déi derzou bäidréit, datt esouwuel Police wéi d‘Geriicht hire Missiounen effizient kënnen nokommen. Et hätt zudeem mat den neie Gesetzer zum Dateschutz (GDPR) an der Police, déi allebéid den 1. August 2018 a Kraaft getruede sinn, eng nei gesetzlech Grondlag ginn, wat zu däitleche Verbesserunge gefouert huet, esou d‘Ministeren.

Säit Joerzéngte kee Geheimnis

D‘Ministere verweisen och zou Recht drop hin, datt jidderee säit Joerzéngte vum zentrale Fichier vun der Police weess. Dee berout um groussherzogleche Reglement vum 2. Oktober 1992. An dëse wier dann och a regelméissegen Ofstänn aktualiséiert ginn. Et wier zudeem der stänneger Kritik vum Staatsrot geschëlt, datt dat legaalt Fundament net esou séier wéi gewollt ugepasst gi wier.

Wat d‘Gesetz vum August 2018 betrëfft, esou berout dëst op den europäesche Kritären, an déi wiere bekanntlech déi bescht op der Welt. Zudeem ass d‘EU-Direktiv um Krautmaart sengerzäit mat 57 vu 60 Stëmmen ugeholl a ratifizéiert ginn. Dat alles schéngt esou awer net an der ganzer Mediewelt ukomm ze sinn. An dofir nach emol an eegener Saach: „Et interesséiert och wierklech kee Mënsch“.

Onmoosseg dann awer, datt mat dësem Bréif – an den Titel weist däitlech drop hin – d‘Press eppes zur Uerdnung soll geruff ginn. Gutt bëlleg Beschëllegungen a Schléi ënnert de Rimm si keng a ginn och ni eng Reklamm fir seriéise Journalismus. Anersäits versicht jidderee sech esou gutt ze verkafe wéi et méiglech ass. Wa si allerdéngs esou der Polemik virgräife wollten, da leien si falsch…

Illustratioun: Gerd Altmann/Pixabay

Ähnlech Sujeten Casier-bis, Felix Braz, François Bausch, Oppene Bréif
Nächsten Artikel Virrechten Artikel