Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

tonguedislike
Och de Guatemala wëll seng Ambassade op Jerusalem plënneren
Neiegkeeten

Och de Guatemala wëll seng Ambassade op Jerusalem plënneren

De Jimmy Morales, President vum Guatemala mécht et dem staarke

Ass et zu Lëtzebuerg zu enger plëtzlecher Verschlechterung vun de Wunnkonditioune komm?
Neiegkeeten

Ass et zu Lëtzebuerg zu enger plëtzlecher Verschlechterung vun de Wunnkonditioune komm?

Reegelméisseg verëffentlecht Eurostat Statistiken doriwwer, a wéi engem Zoustand sech

Een neit musikalescht Highlight: De Kleeschen huet de Blues!
Neiegkeeten

Een neit musikalescht Highlight: De Kleeschen huet de Blues!

D’Gemeng Koplescht huet nees ee musikaleschen Highlight ze presentéieren, an

Oppene Bréif un den Educatiounsminister Claude Meisch

Oppene Bréif un den Educatiounsminister Claude Meisch

Här Minister,

Mir schreiwen Iech am Numm vu „Voix de jeunes femmes“, eng jonk Kommissioun vum Conseil National des Femmes du Luxembourg. Mir sinn ee Grupp u jonke Fraen a Männer tëschent 16 a 25 Joer, wouvun der vill Schüler an engem vun de verschiddene Lëtzebuerger Lycéeë waren. Mir setzen eis an fir d’Fërderung vun der Chancëgläichheet, vun de Rechter an d’Behandlung vu Fraen a Männer.

Dat bréngt eis dozou Campagnen zur Sensibiliséierung an zum Lobbying ze maachen, virun allem bei Konferenzen, Diskussiounsronnen, Interventiounen a Schoulen a Lycéeën, wéi och bei ëffentlechen Evenementer.

No enger Campagne fir den ING Marathon am Mee 2017 iwwert déi weiblech Athletinnen zum Thema „I run like a girl“, ënnerstëtzt vun Ernst & Young, Pricewaterhouse Coopers, Deloitte, der Banque de Luxembourg, Elvinger Hoss Prussen an dem Cactus, wéi och no diversen anere Campagnen zur Promotioun vu Fraen, déi a soziale Medie bekannt sinn, attackéiere mir heimadder „Tamponssteier“, déi am Koalitiounsprogramm 2018-2023 vun der neier Regierung opgeholl gëtt.

Haut adresséiere mir dësen oppene Bréif iwwert eng essentiell Fro, geleeënt un d’Educatioun vun de Jonken a Lëtzebuerg, un Iech.

No villen Diskussioune mat Lycéesschüler hu mir fest gestallt, datt den offizielle Programm vun de Lëtzebuerger Lycéesbicher net nëmmen zimlech maskulin ass, duerch männlech Auteuren a Protagonisten, mee och duerch sexuell a sexistesch Gewalt iwwersiedegt ass.

Zu Lëtzebuerg maachen d’Schüler hiren Ofschloss, ouni jeemools ee Buch, entweder vun enger weiblecher Persoun geschriwwen oder engem femininen Haaptpersonnage, gelies ze hunn. Déi puer wéineg weiblech Figuren an de Bicher um Programm sinn ëmmer zweetrangeg, gi vergewaltegt, géint hire Wëlle bestuet oder als sexuellen Objet reduzéiert.

Ass dat d’Bild wat mir de Jonke wëlle mat op de Wee ginn? Sollt een de Meedercher net weisen, datt si d’Heldin kënne sinn an datt och si ee vun de grousse „klasseschen Auteure“ kenne ginn? Sollt een net emol de Jonge weisen, datt Respekt an Zoustëmmung net verhandelbar sinn?

Den EIGE (European Institute of Gender Equality) huet viru kuerzem ee Rapport iwwert sexistesch a sexuell Gewalt zu Lëtzebuerg verëffentlecht. Dobäi hu si eraus fonnt, datt 67 % vun de Meedercher iwwer 15 Joer zu Lëtzebuerg schonn emol d’Affer vu sexueller Belästegung gi sinn (déi europäesch Moyenne läit bei 55%).

Fir dës Meedercher ze fanne muss een net wäit siche goen. Si sëtzen an den Ofschlossklassen, confrontéiert mat der detailléierter Geschicht iwwert d’Vergewaltegung vum Blanche an „Streetcar named desire“, wou der Protagonistin hir Roll a Fro gestallt an no der eegener Schold gekuckt gëtt. Si mussen Texter vum Goethe sengem „Faust“ auswenneg léieren, ee Personnage den jonk Meedercher manipuléiert fir hinnen hir Onschold ze huelen. Nodeems déi eegen Entwécklung een präsent Thema a ville Wierker ass, stelle mir eis d’Fro, wisou d’Halschent vun enger Klass, also d’Meedercher, kee weiblecht Idol hu mat dem si sech identifizéiere kennen?

Mir verstinn, datt um Programm vun den Ofschlossklasse Bicher stinn, déi de kriteschen Esprit entwéckele sollen an déi zum Nodenken iwwert eis Gesellschaft an déi grouss mënschlech Froen ureege sollen. Och wann dës Wierker déi grouss Klassiker an der Literatur an, an der Geschicht si, bedauere mir, datt déi meescht Bicher um Programm just eng Banalisatioun vu sexuellen Iwwergrëffer uschneiden. Wier et net un der Zäit aner Bléckwénkelen an ze bréngen?

De Koalitiounsaccord fir 2018 bis 2023 setzt den Akzent op d’Verfolgung vun enger Baisse vun der Ongläichheet tëschent Männer a Fraen an op de Kampf géint d’Gewalt géint Fraen. Als Educatiounsminister spillt Dir eng wichteg Roll.

Mir wëssen, datt d’Lëscht vun de Bicher um Programm ännere wäert an hoffen, datt eise Standpunkt bei der Upassung vun der Lëscht berécksiichtegt gëtt.

Mat déifstem Respekt,

Voix de Jeunes Femmes

Ee Communiqué vu Voix de Jeunes Femmes – Iwwersat vum Shari Pleimelding/moien.lu.

Ähnlech Sujeten Claude Meisch, Feminismus, Gläichberechtegung, Goethe, Oppene Bréif, Voix de Jeunes Femmes
Nächsten Artikel Virrechten Artikel