Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Lues awer sécher: Kanada um gudde Wee de rekreative Cannabis ze legaliséieren
Meenung

Lues awer sécher: Kanada um gudde Wee de rekreative Cannabis ze legaliséieren

Kanada huet e weidere Schratt a Richtung Legaliséierung vum rekreative

Den Tour de France 2017: Eng Analyse
Meenung

Den Tour de France 2017: Eng Analyse

Als Klassiker ënnert de Klassiker schreift den Tour de France

CSV: dynamesch Ënnerstëtzung am internationale Beräich
Meenung

CSV: dynamesch Ënnerstëtzung am internationale Beräich

Um Mëttwoch Owend ass eng nei Presidentin fir déi international

Oppene Bréif: Zesummeliewen a menger Gemeng

Oppene Bréif: Zesummeliewen a menger Gemeng

A ville Gemengen ass d’Awunnerzuel an de leschte Jore staark an d’Luucht gaange. Gelder gi massiv an Infrastrukturen investéiert. Mobilitéitsproblemer stellen sech a brauchen Äntwerten. Mee geet et duer, nei Stroossen an nei Gebaier ze bauen a besser Uschlëss un d’Verkéiersnetz an d’Kanalisatioun virzegesi, fir dat an eise Gemengen nei an al Awunner als Gemeinschaft zesummewuessen?

Wunnenge gi gebaut, déi natierlech nei Awunner unzéien. Nei Schoule, Maison Relaise, Kläranlagen a Stroosse musse geplangt a mat Zäit fäerdeg gestallt gi, fir de Bedürfnisser vun dësen neien Awunner gerecht ze ginn. Vill vun hinnen si jonk Stéit, Mënsche mat ganz ënnerschiddleche sozialen a kulturellen Hannergrënn, Lëtzebuerger mat oder ouni Migratiounshannergrond, Awanderer aus aller Häre Länner – elauter Leit di versichen op eisem deiere Wunnengsmaart zu engem méiglechst anstännege Präis eng Wunneng ze ergadderen. Gemenge stinn dofir oft viru risegen Erausfuerderunge, fir hiren Aufgaben nozekommen.

Mam Budget stellen d’Gemengeverantwortlech d’Weiche fir d’Entwécklung vun hirer Gemeng, leeë Schwéierpunkte fest bei den Ausgaben an Investitioune, fir de legitimmen Uspréch vun all hiren Awunner gerecht ze ginn. Iwwert d’Dotation financière, eng direkt Participatioun un ëffentlechen Infrastrukturen oder mat Instrumenter wéi dem Pakt Logement gräift de Staat de Gemengen dobäi anstänneg ënnert d’Äerm.

Sécher sinn Investissementer a Gebaier an Infrastrukturen immens wichteg, fir datt d’Gemengen hiren Awunner eng gutt Liewensqualitéit kënne bidden. Genau esou pertinent wéi d’Finanzéierung vun de Servicer, déi d’Gemeng hiren Awunner bitt, vun der Waasserversuergung an der Gemeinschaftsantenn iwwert de Recyclage an d’Entsuergung vum Dreck bis hin zu sozialen Déngschter oder enger kultureller Offer.

Mee geet dat duer fir dat all d’Awunner zu enger Gemeinschaft zesummewuessen?

Liewe mer net éischter niefteneen oder laanschteneen – trotz oder wéinst eisem Wuelstand a Luxus, trotz oder wéinst eise sëlleche modernen Informatiouns- a Kommunikatiounsmëttel, trotz oder wéinst eiser multikultureller Gemeinschaft?

Gemengepolitiker wëssen, dass mer Plaze brauche, wou d’Leit sech kënnen treffen, kenneléieren oder austauschen. Schonns beim Plange vu neiem Wunnraum muss dru geduecht ginn, wéi a wou d’Awunner zesummentreffen, wéi di ënnerschiddlechst Residenten aus der Gemeng d’Geleeënheet kréie, sech ze begéinen, wéi di nei Awunner mat deenen déi scho mi laang an der Gemeng sinn, kënnen a Kontakt kommen. Ëmmer méi oft gi beim Plange vun neie Lotissementer Treffpunkte bannen a bausse virgesinn, als Brécken iwwert déi d’Zesummeliewen am neie Quartier oder an der neier Residence méiglech sinn a gefërdert kënne ginn. Misst esou eng Approche net systematesch vun Architekten a Promoteure gefuerdert a respektéiert ginn ?

Natierlech geet et net duer, Plazen ze schafen. Mer brauche lokal Initiativen, déi d’Zesummeliewe fërderen an dës Platze beliewen. Mer brauchen di gesellschaftlech Erkenntnis, dass dëst net méi vum selwe geet, am Bistro um Eck, an der Duerfépicerie, – déi béid ëmmer méi verschwannen, a mer brauchen eng politesch Volontéit, fir déi Initiativen ze ënnerstëtzen.

De Benevolat spillt heibäi op lokalem Plang eng eminent wichteg Roll, mee och de professionellen Encadrement an d’Schaafe vu neie Beruffsbiller op de Schnëttstelle vun der Gemengeverwaltung an der Zivilgesellschaft si wichteg.  An de nächste Jore muss dëst zu enger politescher Prioritéit ginn, wa mer de gesellschaftlechen Zesummenhalt wëlle garantéieren, wa mer de Problem vun de sougenannte Schloofgemenge wëllen an de Grëff kréien, a wa mer wëllen, datt d’Awunner net niewentenee mee matenee liewen. Mer brauchen nei Äntwerten op d’Erausfuerderunge vun der heterogener Populatioun an eise Gemengen, mat all hire verschidde Sproochen, hiren ënnerschiddleche Kulturen an hiren diverse Liewenserfarungen.

Mer sollten net drop waarden, datt d’Zesummeliewe vum selwen entsteet, mee Strukturen a lokal Netzwierker opbauen, déi e ganz natierlechen Echange bei dagdeeglechen Aktivitéiten erméiglecht, z.B. beim Praktizéiere vun enger Sprooch, beim Ausübe vun engem Hobby, beim gesellegen Zesummesinn, beim Entdecke vun der Gemeng an hirem natierlechen a kulturelle Patrimoine, beim Kenneléiere vu frieme Kulturen oder bei anere Sport- a Fräizäitaktivitéiten.

Rezent huet de „Conseil National pour Etrangers“ zesumme mat der „Agence du Bénévolat“ der Familljeministesch ënnert dem Titel LOKAL – lieweg, oppen, kreativ, aktiv, lokal  eng Strategie virgestallt, déi de Gemengen an hire BiergerInnen e Wee, en ongezwongenen Austausch an e liewegt Mateneen tëscht Kulturen a Generatiounen opweist. Eng innovativ an zukunftsträchteg Strategie, déi op politescher Volontéit an op der Freed u gesellschaftlechem Engagement fousst. 

Hoffe mer, datt eis kommunal Verantwortlech beim Verwalte vum Zouwuess an eise Gemengen och un di mënschlech Komponent vum Zesummeliewen denken, an datt di zoustänneg Ministère bereet sinn, innovativ Handlungskonzepter genau esou grousszügeg ze ënnerstëtze, wéi Investitiounen an d’Infrastrukturen.

Iwwregens: mam Internetsite www.integratioun.lu gëtt et zu Lëtzebuerg elo eng nei „Base de données“ mat enger Hellewull konkreten Iddien, Projeten a Kontakter, déi am Kontext vum Zesummeliewen an eise Gemengen eng onerschëpflech Quell vun Inspiratioun an Informatioun duerstellt. En originellt an nëtzlecht Instrument, dat jidderengem onbeschränkt zougänglech ass.

agereecht vun der ASTI an ënnerzechend vum:

  • Philippe ESCHENAUER
  • Marc FABER
  • Laura ZUCCOLI
Ähnlech Sujeten ASTI, Laura Zuccoli, Marc Faber, Philippe Eschenauer, Zesummeliewen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel