Search

You may also like

Startschoss fir d’Schéiferei Weber: Elo gëtt nees gewandert!
Neiegkeeten

Startschoss fir d’Schéiferei Weber: Elo gëtt nees gewandert!

Déi déieresch Méimaschinne sinn nees ënnerwee. No der wanterlecher Auszäit

Ouschteren am Préizerdaul – Hei leeft den Hues!
Neiegkeeten

Ouschteren am Préizerdaul – Hei leeft den Hues!

Wien kennt schonn net déi legendär Beachparty am Préizerdaul oder

surprise
Ongemitterlech Course zu Mexiko
Neiegkeeten

Ongemitterlech Course zu Mexiko

De Lëtzebuerger Espoir am internationale Motorsport, Dylan Pereira, ass dëse

Zum oppene Recyclingszenter an den Déngschter vum Service Hygiène

Zum oppene Recyclingszenter an den Déngschter vum Service Hygiène

D’Stad Lëtzebuerg informéiert, datt de Recyclingszenter op der Areler Strooss ab e Méindeg, den. 20. Abrëll 2020 nees seng Dieren opmécht. Och de Service Hygiène vun der Stad Lëtzebuerg wäert säi Service vun der gratis Kollekte op Demande vu Gaardenoffäll nees ubidden.

Informatiounen a Consignen fir de Recyclingszenter

  • Et ass op vu Méindes bis Freides vun 10:00 bis 16:00 Auer;
  • Gaardenoffäll net akzeptéiert, mee d’Bierger gi gebieden fir d’Kollekte ee Rendez-vous festzesetzen (Tel.: 4796 3640 oder hygiene@vdl.lu);
  • De Second Hand Shop bleift weiderhin zou;
  • Maximal 12 Gefierer sinn op der Plaz erlaabt;
  • Just 1 bis maximal 2 Persounen dierfe sech am Gefier befannen a sech ëm d’Entluede këmmeren;
  • Déi bekannt Sécherheetsmesure mussen agehale ginn (Ofstand, kee physesche Kontakt,…);
  • D’Droe vum Mundschutz ass obligatoresch.

Zum Strauchschnëtt

  • D’Demande fir d’Kollekte ka vu Méindes bis Freides vun 8:00 bis 16:00 Auer gemaach ginn (Tel.: 4796 3640 oder hygiene@vdl.lu);
  • De Service Hygiène këmmert sech ëm d’Ewech-Huelen an der Limit vun den eegene Kapassitéiten;
  • Organesch Gaardenoffäll mussen an engem Sak oder oppene Back sinn (keng Plastikstuten notzen!);
  • De Sak oder Back dierf d’Gewiicht vu 15 kg net iwwerschreiden;
  • Äscht, Straich an Hecken mussen an handleche Päck (max. 1,50 Meter laang a 15 kg schwéier) gebonne sinn;
  • Den Diameter vun den Äscht dierf 10 Zentimeter net iwwerschreiden.

Zu de Grieser

  • D’Gras vum Méien soll an de Bio-Offall kommen.

Generell soll d’Gewiicht vu 15 kg net iwwerschratt an et solle keng Plastikstute genotzt ginn.

Related topics Areler Strooss, Gesondheet, Gras, Grünschnëtt, Informatiounen, Offall, Recyclingszenter, Sécherheet, Service Hygiène
Next post Previous post