Search

You may also like

E staarkt Benevolat am Naturschutz – Kachékipp
Neiegkeeten

E staarkt Benevolat am Naturschutz – Kachékipp

Mat „Kachen a Brachen mat Äppel“ huet et ugefaangen. Mëttlerweil

money
Bertelsmann restrukturéiert d‘RTL-Grupp
Neiegkeeten

Bertelsmann restrukturéiert d‘RTL-Grupp

Net méi spéit wéi gëschter, huet Bertelsmann fir d‘RTL-Grupp e

„Junction 48“ – Ee Film iwwert d’musikalesch Leidenschaft
Neiegkeeten

„Junction 48“ – Ee Film iwwert d’musikalesch Leidenschaft

E Freideg, de 14. Dezember gëtt am Ciné Utopia ee

Oppositioun an der Chamber

De Premier trëfft net den Toun a kann seng Kopie vum Covid19-Gesetz nach emol iwwerschaffen

Oppositioun an der Chamber

Nodeems e Mëttwoch d‘Regierung an der Presidentekonferenz ëm „Diskretioun“ gebueden hat, hat sech de Premierminister Xavier Bettel virgeholl e Freideg an der Chamber, déi korrigéiert Versioun ze presentéieren. Et ass net ganz esou verlaf, wéi sech dat de Regierungschef eigentlech erwaart hat.

Well de Premierminister net op seng pandemesch „riets Hand“, d‘Gesondheetsministesch Paulette Lenert konnt zréckgräifen, wollt hien d‘Diskussioun zum Covid19-Gesetz (aka Pandemie-Gesetz) reportéieren, wat säitens den Oppositiounsparteien zolidd kritiséiert ginn ass. Als gréisste Fraktioun, huet d‘CSV hei de Lead iwwerholl, an d‘CSV-Fraktiounspresidentin Martine Hansen war laang net esou ëmgänglech, wéi een dat esou vun hir gewinnt ass.

Zum Inhalt „dierf“ sech dank deng Vertraulechkeetsklausel nach ëmmer net geäussert ginn, mee dem Regierungschef un de Kapp ze geheien, datt ee weder mat Aart nach mat der Form averstanen ass, dat goung schonn. An esou kritt d‘Regierungsekipp virgeworf, datt si mat dësem Gesetz den Noutstand „verdeckt“ verlängere wéilt. De Virworf: Hei soll ee Kader-Gesetz geschafe ginn, dat uschléissend mëttels groussherzogleche Reglementer soll deklinéiert ginn.

Chamber

D‘Regierung géif sech also quasi vun der Chamber ee Blanko-Scheck hei wëllen ausstelle loossen, fir sech iwwert den Etat de Crise eraus, eng ganz Rëtsch u Sonnermuechten ze sécheren. Dat géif awer bedeiten, datt déi Deputéiert, ergo d‘Chamber hire Pouvoir als Legislateur géife beschnidde kréien. Geet et der Oppositioun no, soll et zu spezifesche Gesetzer iwwert den Ensembel vun de Moossname kommen, déi nom Noutstand a Kraaft bleiwen.

Fir de Premier awer géif et sech heibäi net ëm ee Blanko-Scheck handelen, an hie wier och kee Frënd dovunner. De Message vun der Oppositioun schéngt hien awer net mëssverstanen ze hunn. Also gëtt de Prinzip vum Covid19 nach emol am Ministerrot (ee Méindeg) op de Leescht geholl, iert dann en Dënschdeg nees dat ganzt an de Chamber soll diskutéiert ginn. Et heescht och, datt d‘Regierung sech nach emol mat de Sozialpartner berode wëll.,

Illustratioun: Geheimniskréimerei, eng verännert Kommunikatiounsstrategie, en dubiéise Projet fir e Gesetz mat onbekannte Vollmuechten… dat an den Ëmgang mat der Oppositioun, léist sech an engem Bild zesummefaassen. © Quino Al / unsplash

Related topics Chamber, Covid19-Gesetz, Krautmaart, Oppositioun, Pandemie-Gesetz, Regierungsrot, Xavier Bettel
Next post Previous post