Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Bettel-Macron-Michel: dat ass net eise Gesellschaftsmodell
https://moien.lu/persona-4-golden-dating-everyone/

Bettel-Macron-Michel: dat ass net eise Gesellschaftsmodell

„Grouss Biergerconsultatioun“: esou gëtt d‘Houmass tëscht dem President vun der

https://moien.lu/2-kinds-of-dating/
https://moien.lu/persona-4-golden-dating-everyone/

https://moien.lu/benefits-of-dating-a-girl-that-lifts/

An der Stock-Car Saison war den 22. Juli Halbzeit ugesot,

Meenung: Liewenslänglech fir de Metzler vum Balkan, Ratko Mladic
https://moien.lu/persona-4-golden-dating-everyone/

Meenung: Liewenslänglech fir de Metzler vum Balkan, Ratko Mladic

De bosnesch-serbesche Generol Ratko Mladic, dee besser bekannt ass als

Krautmaart: Oppositioun entscheet politescht Aarmdrécke fir sech

Regierung gëtt dem Drock vun der CSV no an d‘Ministeren erklären sech an der Chamber

Krautmaart: Oppositioun entscheet politescht Aarmdrécke fir sech

D‘Affär ëm de Casier-bis an/oder soss geheim Fichiere bei Police a Justiz hat en Dënschdeg zum Eclat um Krautmaart gefouert. D‘CSV hat eng Modifikatioun vun der Dagesuerdnung ugefrot, an d‘Koalitiounsmajoritéit dat net agesinn. Doropshin ass d‘Oppositioun geschlossen aus dem Sall gaangen a well zwee Deputéiert vun der Majoritéit och net do waren, war d‘Bier geschielt…

Ënnert dësen Ëmstänn an esou kuerz virun der politescher Summerpaus, schéngt d‘Regierung sech agestanen ze hunn, datt ee wuel besser sech dem Problem ze stellen huet, wéi dann ze probéieren, dësen auszesëtzen. A gëschter waren et dann och direkt dräi Minister, déi sech dem Debat zu den ominéise Fichiere gestallt hunn. De Premier, de Justizminister an de Minister fir Bannesécherheet si komm.

Vun der Regierung heescht dann och weiderhin, datt een déi ganz Transparenz an dëser „Affär“ wëll erbäiféieren, ee sech awer wëll Zäit loossen an näischt iwwert de Knéi brieche wëll. De Minister fir Bannesécherheet, François Bausch (déi gréng), huet bemierkt, datt hien d‘Gefill hat, schonn alles an der Kommissioun gesot ze hunn, besonnesch am Zesummenhang mam Dateschutz.

De François Bausch betount nach emol, datt hie bei den zoustännege Servicer (Generalinspektioun vun der Police an der Nationaler Dateschutzkommissioun CNPD) eng ëmfänglech Berichterstattung zu de Fichieren, déi beim Parquet als „Ju-Cha“ a bei der Police als „zentrale Fichier“ genannt ginn, ugefuerdert huet. Dat awer sinn déi „bekannt“ Fichieren an et sollt jo och där geheimer ginn, oder?

Et sollt ee vläicht dat Ganzt reforméieren

Wann ee bedenkt, datt mat der Aféierung vun der EU-Direktiv zum Dateschutz (GDPR) alles sollt besser ginn, a Lëtzebuerg am Juli d‘lescht Joer mat 57 vu 60 Stëmmen dat neit nationaalt Gesetz zum Dateschutz ugeholl huet, dierft no Bekanntgi vun den Onregelméissegkeete bei Police a Justiz, ersiichtlech sinn, datt dat Ganzt nach emol muss op d‘Lee geholl an eventuell reforméiert sollt ginn.

De Minister fir Bannesécherheet wëll no Analys vun den ugefuerderte Berichter berécksiichtegen, datt muss kloer an däitlech definéiert ginn: wéi eng Donnéeë gesammelt, wien dës Donnéeën dierf consultéieren a wéi laang se dierfen „archivéiert“ ginn. Well elo awer zanter dem „9-11“ d‘Welt eng aner ass, an d‘USA an allem eng Bedreeung erkennen, huet och Lëtzebuerg „nei Besoinen“.

Et gëtt dann och aacht Gesetzer déi der Police erlaben an der Vergaangenheet vun de Bierger ze wullen. Ugefouert ginn ëmmer nees gären: de Waffeschäin oder Personal op kritesche Plazen, wéi beispillsweis d‘Sécherheetsleit um Fluchhafen. Dobäi ass géint d‘Sécherheet an déi begleedent Mesuren näischt ze soen, mee et sollt transparent sinn an et muss een dierfen Asproch erhiewen.

Asproch léisst sech awer bekanntlech nëmme géint eppes erhiewen, dat et offiziell gëtt a vun deem ee weess datt et dat gëtt. Datt deem net esou ass – a mat absoluter Sécherheet och nees Weeër fonnt ginn dat esou bäizebehalen – ass den zentrale Punkt vun dësem Dissens tëscht Oppositioun a Majoritéit. Trotzdeem soll d‘CNPD e Formulaire ausschaffen, deen d‘Nofro rechtlech erméiglecht.

D‘Recht op „Vergiessen“?

Et muss een am Kontext vun dësem Skandal awer ervirhiewen, datt et der Oppositioun net drëms geet der Police an/oder Justiz e wichtegt Instrument ze entzéien, dat eigentlech bis ewell gutt Déngschter geleescht huet. Schliisslech huet et an deene gefillten dausend Joer CSV Regierung dee System och scho ginn a jidderee wousst datt e wäissen Ziedel net och en onbeschriwwent Blat ass.

E seriéise Problem stellt dann elo awer de Fakt duer, datt vun der Jugendsënn bis hin zu falsche Rumeuren, alles wat eng Persoun belaaschte kann „gesammelt“ gëtt. Et ass zudeem net bekannt – an dat mécht engem richteg Angscht – datt Elementer déi eng Persoun „entlaaschten“ wichteg genuch wieren, fir och déi Piècen dem Dossier zouzeféieren. Mee wa keen et weess, stéiert et keen.

Also brauch et Zoufäll – oder wéi an dësem Fall ee ganz gescheite Beamten, deen eng Decisioun mat illegalen Informatioune begrënnt – fir datt et zu engem Skandal komme kann. De Justizminister Felix Braz weist d‘Deputéiert zu Recht drop hin, datt déi Acteuren ënnert hinnen, déi iwwert eng Staatsbiergerschaft ze befannen haten, jo och vun dëse Fichiere Gebrauch gemaach hätten.

Um Krautmaart haten sech dann um Enn d‘Gemidder zumindest op der Oppositiounsbänk nees eppes berouegt, och wann et däitlech Indizien dofir gëtt, datt net jiddereen iwwerzeegt ass, datt hei mat oppene Kaarte wäert gespillt ginn. Bleift opstoen ob de Sujet iwwert de Summer a Klamere gesat gëtt, an ob déi versprache Moossnamen sech net och op d‘Verfassungsreform auswierken.

Illustratioun: Peggy a Marco Lachmann-Anke/Pixabay

Ähnlech Sujeten Casier-bis, Geheimniskréimerei, Krautmaart, Oppositioun, Regierung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel