Search

You may also like

Aus der Chamber: Police-Reform
Neiegkeeten

Aus der Chamber: Police-Reform

Et ass gëschter an der Chamber net nëmmen ëm de

OGBL: Den Dialog mam neie portugiseschen Ambassadeur
Neiegkeeten

OGBL: Den Dialog mam neie portugiseschen Ambassadeur

D’Delegatioun vum OGBL, bestoend aus dem President André Roeltgen, dem

Covid19 Iwwersiicht
Neiegkeeten

Covid19 Iwwersiicht

Zanter dem Méindeg, hu mir zu Lëtzebuerg all Dag am

Haut ginn d‘Spillplazen nees op!

Iwwert eng Stonn laang gouf sech an der Chamber iwwert eng CSV-Motioun gestridden

Haut ginn d‘Spillplazen nees op!

Zanter dem leschte Freideg ass gewosst, datt de Wonsch zur Erëffnung vun de Spillplaze vun de Bierger ëmmer méi grouss gëtt. An der Gesondheetskommissioun war een sech scheinbar eeneg, d‘Ouverture dës Woch – wann d‘Zuelen et zouloossen – och esou ze beschléissen.

An der Chamber huet dann d‘CSV awer eng Motioun abruecht, mat där d‘Regierung sollt genéidegt ginn, d‘Ouverture vun de Spillplazen „elo direkt an ouni weider Verzögerung“ opzemaachen. Dat kéint d‘Chamber esou fuerderen, mee dofir brauch et natierlech Majoritéiten. Woubäi net kloer ass, op hei net éischter eng politesch Intentioun méi Gewiicht, wéi den eigentlechen Zweck huet.

Datt, esou wéi dat vum Marc Baum (déi lénk) an de Raum gestallt ginn ass, bei der Krisegestioun net alles koherent ass, dierft verständlech sinn, bezitt sech awer op eng festgeluechte Strategie, déi d‘Regierung net stänneg op d‘Kopp dréine wëll. Si hat sech dofir entscheet, déi verschidde Phasen an der Dauer (véierzéng Deeg) ze espacéieren, a wëll och un dëser Strategie festhalen.

Fir de Sven Clement (Piratepartei) ass dëst „Spill op Zäit“ lächerlech. Um Mëttwoch (also haut) géif sech jo op d‘Zuele vum Dënschdeg baséiert, et wier also méiglech dës um Enn vun der Sëtzung virzeleeën, an d‘Entscheedung ze treffen. Dat elo mat an de Regierungsrot ze huelen, fir et dann an der Mëttegstonn ze proklaméiere wier einfach lächerlech. D‘Piraten hunn d‘Motioun och gestäipt.

Jo mee nee… an awer

Säitens der ADR war et de Gast Gibéryen, dee mat senger „roueger Aart“ d‘Simone Beissel (DP) gehéierlech un d‘Grenze vum verbale Beholl gedriwwen huet. Deen huet wärend der selwer operluechter Quarantaine festgestallt, datt d‘Regierung eppes Abus an der Kris gedriwwen huet, an de Staatssender Bertelsmann-RTL virrangeg zur Selbstduerstellung genotzt huet.

Och hei géif sech d‘Regierung mat hirer Koalitiounsmajoritéit géint eng Motioun stäipen, just fir dann een Dag drop, nees op der Antenn vum genannte Medium, d‘Opmierksamkeet vum Public op sech ze zéien. Et wier jo offensichtlech, esou den ADR-Deputéierten, datt d‘Spillplazen den 10. Juni géifen opgemaach ginn. De Vizepremier François Bausch (déi gréng) huet versicht ze berouegen.

Alles an allem war dat ganzt Gestreits, datt sech iwwert eng Stonn ewechgezunn huet, éischter enttäuschend. D‘Intervenante vun der Majoritéit hu sech verwonnert gewisen, datt nom Konsens an der Kommissioun, hei esou en Drama opgefouert gëtt. De Virworf, datt sech d‘Regierung awer wéilt de Privileeg virbehalen, d‘Reouverture ze annoncéieren, huet sech net verflüchtegt.

Et si Biller a verbal Exactiounen déi de Bierger seele matkritt. Wien ausser Journalisten a politesch engagéiert Leit kuckt och scho Chamber-TV? An natierlech hätt et der Oppositioun eppes méi Visibilitéit ginn, wann de Premier gëschter um Enn vun der Sëtzung d‘Ouverture vun de Spillplaze verkënnt hätt. D‘Motioun awer gouf erwaardungsgeméiss Verworf an d‘Privileegie bleiwen erhalen.

Illustratioun: Op et elo wierklech sënnvoll war sech verbal géigesäiteg esou ze zerklappen, wou et just eng Fro vu Stonne war, bis d‘Spillplazen nees op ginn, dat mussen d‘Oppositiounsparteie mat sech selwer ausmaachen. Eng ganz Rei Virwërf ware sécher berechtegt, mee den Thema selwer net zwéngend passend. Zudeem ass et drëms gaange wien de Privileeg vun der Proklamatioun sollt hunn. Elo weess een, dee gehéiert der Regierung. © Alexander Schimmjek / unsplash

Related topics Coronavirus, Covid19, CSV, Deconfinement, Motioun, Regierung, Reouverture, Spillplazen
Next post Previous post