Search

You may also like

Chantier am Gousseler Tunnel: Opgepasst op d’Radaren!
Neiegkeeten

Chantier am Gousseler Tunnel: Opgepasst op d’Radaren!

D’Stroossebauverwaltung informéiert doriwwer, datt Méindes, den 12. August 2019 ab

Géint sexuell Gewalt: de Friddensnobelpräis fir zwee Helden
Neiegkeeten

Géint sexuell Gewalt: de Friddensnobelpräis fir zwee Helden

E Freideg ass de Friddensnobelpräis dem kongoleseschen Dokter Denis Mukwege,

Den Hygiènesdéngscht vun der Stad Bréissel entléisst Islamist
Neiegkeeten

Den Hygiènesdéngscht vun der Stad Bréissel entléisst Islamist

Fir de President vun der „Islam-Partei“, Abdelhay Bakkali Tahiri, deen

D‘Oppositioun huet d‘Regierung net verschount

D‘Oppositioun huet d‘Regierung net verschount

Nodeems e Mëttwoch de Premierminister statt enger „Erklärung zur Lag vun der Natioun“ et virgezunn hat zesumme mat de Gesondheetsministesch eng Deklaratioun zur Sanitärer Kris ofzeginn, war et gëschter un den Deputéierten, sech zu dësen Aussoen ze positionéieren. A wann d‘Majoritéit voller luef war, esou huet et säitens der Oppositioun zolidd Awänn ginn.

Et war dann och d‘Fraktiounspresidentin vun der CSV, Martine Hansen, déi de verbalen Austausch lancéiert huet, an dat mannst wat sech behaapte léist: si huet de verbale „Bräiläffel“ geschwongen. D‘Gestioun vun der Kris wier alles anescht wéi en Erfolleg an d‘Feststellung, datt d‘Regierung keng konkret Pläng fir de wirtschaftlechen Opschwong virleeë kéint, fënnt si inakzeptabel.

Woubäi dat héiert sech nees schlëmmer un wéi et dann ëm Endeffekt ass. Datt d‘Regierung Mëtt Mäerz den Etat de Kris ausgeruff huet, gëtt och weiderhin net a Fro gestallt. Konsens gëtt et och an der Feststellung, datt alles muss esou organiséiert ginn, datt et net zu engem zweete Confinement, respektiv engem Stopp vun der Wirtschaft dierf kommen. Fir de Rescht huet et vill Kritik ginn.

D‘Martine Hansen stellt der Regierung eng schlecht Zensur aus, dat well d‘Gestioun vun dësem Confinement alles anescht wéi koherent war, d‘Kommunikatioun „ech-bezunn“ a deels lamentabel war, mee och de laschen Ëmgang mat den ëffentleche Finanzen, sinn op de Leescht geholl ginn.

Oppositioun

Den Deputéierte Mars di Bartolomeo (LSAP) © Chamber/flickr

Zolidd veriergert ass d‘CSV-Fraktioun doriwwer, datt de Premier seng Erklärung zur Lag vun der Natioun an de Hiecht verluecht huet. De Premier géif senger Verantwortung net gerecht, an d‘Leit hätten e Recht drop gewuer ze ginn, wat op si duer kënnt. Dat wier net aus der Deklaratioun zur sanitärer Kris ervirgaangen. Dobäi wier et ubruecht gewiescht d‘Kaarten op den Dësch ze leeën.

Déi vun der Fraktiounscheffin ervirbruechte Fuerderunge goufen och an den Interventioune vun de Parteikolleege Gilles Roth, Marc Spautz a Léon Gloden gedeelt, déi sech hirersäits op déi ëffentlech Finanzen a déi sozial Komponent vum wirtschaftlechen Opschwong konzentréiert hunn. Ähnlech, wann och eppes méi differenzéiert, hunn et déi aner Oppostiounsparteien zum Ausdrock bruecht.

Esou stellt de Fernand Kartheiser (ADR) fest, datt d‘Land schlecht op d‘Kris virbereet war, woubäi hei ze bemierken ass, datt dat wuel op all Regierung, egal wéi eng Faarwen se gedroen hätt, esou de Fall gewiescht wier. D‘Lescht vun de widderspréchlechen Decisiounen, déi d‘ADR virgeluecht huet ass laang an och mat deem wat do nach komme soll, stéisst bei der ADR op wéineg Zoustëmmung.

Den Defizit, an déi domadder verbonne Verschëldung fir onverantwortlech, esou de Gast Gibéryen, deen der Regierung virgeworf, den zukünftege Generatiounen eng „schwiereg Zukunft“ unzebidden an och net éierlech ze sinn, wat d‘Steiere betrëfft. Et géif gesot, datt et keng Steiererhéijung soll ginn, woubäi dann awer un der CO²Steier an der Erhéijung vun den Accise géif festgehale ginn.

Oppositioun

Fir de Gast Gibéryen (ADR) deen a kierzt säi Mandat vun de Fred Keup wäert oftrieden, war et wichteg drop hinzeweisen, dat d‘Regierung a Punkto Steiere net d‘Wourecht gesot. Äntwerten op seng Froen, huet hie vum Premier trotzdem keng kritt. © Chamber/flickr

Fir de Marc Baum (déi lénk) misst erkennbar sinn, datt déi sanitär Kris och Folgeschied hätt, d‘Gesellschaft sech hei engem kollektiven Trauma ze stellen huet. Richteg béis ass hie mat der Regierung, déi net manner wéi 1,1 Milliarden Euro a Rëschtungsausgabe stieche wëll, wat ugesiichts enger zolitter Wirtschaftskris onverständlech wier. Dat Geld misst besser agesat ginn.

Mam Ëmgang vun de Staatsfinanze war och de Sven Clement (Piraten) éischter onzefridden an hien huet drun erënnert, datt d‘Regierung an der Wirtschaftskris 2008/9 18% vum Bruttoinlandprodukt (BIP) fir d‘Rettung vun de Banken opgewannt huet. Fir D‘Betriber an d‘Leit wieren et elo 15% an et wier der Regierung jo awer bewosst, datt et ouni Kafkraaft kee Konsum, also keng Relance gëtt.

D‘Koalitiounsparteien hunn sech unisono hannert d‘Regierung gestallt. Si begréissen, datt am Hiecht d‘Ried zur „Lag vun der Natioun“ gehale gëtt, an sech emol als éischt op d‘Erkenntnisser vun der sanitärer Kris konzentréiert ginn ass. Déi nächst Woch solle jo déi zwee Covid19-Gesetzer fusionéiert ginn, an och dofir wier d‘Regierungsdeklaratioun vum Mëttwoch wichteg gewiescht.

De Premierminister, deen eng Rei „drénglech Froen“ ze beäntwerten hat, ass leider net op déi vum Gast Gibéryen an de Raum gestallte Froen agaangen, wat och zu engem verbale Schlagaustausch gefouert huet. De Xavier Bettel ass sech awer och bewosst, datt net all Decisioun gutt war, weist awer drop hinn, datt all dës Entscheedungen ëmmer an Ofsprooch mat der Chamber geholl goufen.

Foto: Den DP-Fraktiounschef huet begréisst, datt d‘Regierung elo emol de Bilan gemaach an d‘Deklaratioun zur Lag vun der Natioun an den Hiecht verluecht ginn ass. © Chamber/flickr

Related topics Bilan, Chamber, Debat, Deklaratioun, Ried zur Lag vun der Natioun, Sanitär Kris, Wirtschaftskris
Next post Previous post