Den Escher Blog
D’Stad Esch freet sech de Start vun hirem neie Blog
12.000 Pompjeeën hunn e Sonndeg géint Bränn a Kalifornien gekämpft.
5 / 28 / 62 / 65 / 70 an
De G20-Sommet zu Osaka steet am Liicht vu wuessende politesche Spannungen an schwaache Wirtschaftsprognosen. An dësem Kontext sollen sech d‘Staats- a Regierungscheffen iwwert déi global Wirtschaft, déi bestoend Handelskricher, d‘Digitaliséierung a de Klimaschutz ënnerhalen.
Beim Optakt vum Sommet huet et awer eng kleng Iwwerraschung ginn. Den Donald Trump, vun deem een eigentlech erwaart hätt datt hien – wann e schonn net de Keeser – dann awer mindestens de japanesche Ministerpresident géif beleidegen. Den Eclat awer ass ausbliwwen an den US-President huet mat enger Rei Frëndlechkeete brilléiert. Wéi laang dësen Zoustand unhält ass net gewosst.
De Shinzo Abe huet als „Haushär“ seng Gäscht zur Kompromëssbereetschaft opgeruff. Et sollt no Gemeinsamkeete gesicht an sech net un Differenzen zerriwwe ginn, esou de japanesche Ministerpresident, dee sech wënscht datt et e Sommet gëtt, vun deem jiddereen um Enn profitéiert.
Mat engem Milliardär, deem seng diplomatesch Erfarung op d‘Geklapps am Schoulhaff verweist, ass dat en éischter „fromme Wonsch“. Deen huet ëmmerhi viru senger Urees nach uerdentlech Kritik u Japan (wéinst militärescher Schwächt), un Däitschland (well net genuch an d‘Rëschtung investéiert gëtt), u China (wéinst dem Handel) an un Indien (ze héich Douanestaxen), ausgedréckt.
Am Kader vum G20-Sommet zu Osaka, huet sech d‘Bundeskanzlerin mam Donald Trump ënnerhalen. Nieft geostrategesche Froen ass och iwwert déi bilateral Handelsbezéiungen, tëscht den USA an Däitschland, geschwat ginn. © Bundesaussenministerium (via Twitter)
Zu Osaka selwer war de Klatzkapp dann nees „conciliant“. Bei enger Entrevue mat der Kanzlerin Angela Merkel, huet hien déi als „fantastesch Fra“ a „Frëndin“ bezeechent. D‘Gespréicher selwer hunn sech mat der Situatioun a Libyen, der Sahelzon, der Ukrain an dem Iran ausenanergesat. Och déi oppe Froen am Kontext vum transatlanteschen Handel an d‘Douanestaxe waren en Thema.
Am Bezuch op den Iran huet den Trump sech och fett am Grëff gehat. Entgéint der ugewannter Rhetorik géintiwwer Teheran, huet hien zu Osaka en aneren Toun ugeschloen. Hien huet géintiwwer der Bundeskanzlerin gemengt: „Mir hu vill Zäit an d‘Iraner kënnen sech och Zäit loossen“. Zum Iran huet sech déi däitsch Kanzlerin net geäussert, dofir awer zu de wirtschaftleche Bezéiungen.
Däitschland, esou d‘Angela Merkel, ass ee groussen a wichtegen Investisseur an Amerika, esou datt et bei den Handelsbezéiunge wäit iwwert den Wuerenaustausch géif erausgoen. Zudeem schafen däitsch Entreprise reell Jobs an den USA. Dat ass richteg, mee den däitschen Handelsiwwerschoss, ass dat wat den Donald Trump esou net méi hinhuele wëll. Dee Knuet ass nach net geléist…
Haut de Mëtteg soll sech den Donald Trump mat sengem russeschen Homolog, de President Vladimir Putin treffen. De russesche Staatschef hat am Virfeld zum G20-Sommet, den Amerikaner als en „talentéierte Mënsch“ bezeechent, dee seng eege Visioun vun der Welt huet. Stëmmt jo och…
Beim G20-Sommet soll dann och de Klimawandel ugeschwat ginn an d‘EU huet sech hei virgeholl, keng Ofschlosserklärung unzehuelen, déi beim Klimaschutz hannert bereets gemaachten Aussoen usteet. De Jean-Claude Juncker huet zum Optakt vum Sommet gesot: „Ech denken, mir brauchen eng staark Erklärung zum Klimawandel, e Réckschrëtt ka vun der EU net akzeptéiert ginn.
mat indymedia/tyo/osa
Foto: Virun der Erëffnung vum G20-Sommet zu Osaka hu sech déi europäesch Partner ofgestëmmt. Mat derbäi: EU-Kommissioun an EU-Rot, esou wéi Däitschland, Frankräich a Groussbritannien. Ageluede waren och Holland a Spuenien © Bundesaussenministerium (via Twitter)