Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Brexit: Zu London kënnt Bewegung an d‘Virbereedunge
Neiegkeeten Stories

Brexit: Zu London kënnt Bewegung an d‘Virbereedunge

Um Dënschdeg huet déi britesch Regierung matgedeelt, datt se sech

Konstruktive Gedankenaustausch mat der Bauerenzentral
Neiegkeeten Stories

Konstruktive Gedankenaustausch mat der Bauerenzentral

En Donneschdeg huet de Landwirtschaftsminister Romain Schneider (LSAP) eng Delegatioun

dislike
Europa mécht Fortschrëtter, mee d’Frae verdéngen ëmmer nach manner wéi Männer
Neiegkeeten Stories

Europa mécht Fortschrëtter, mee d’Frae verdéngen ëmmer nach manner wéi Männer

Vir all Euro, deen d’Männer verdéngen, verdéngen d’Fraen nëmmen 84

OPYOS GIN – Mir gin(n) dann mol een huelen!

OPYOS GIN – Mir gin(n) dann mol een huelen!

Den Opyos ass zwar nach jonk, vum Goût hir awer scho ganz grouss. Dobäi ass et natierlec ee spannend Erliefnis, och emol hannert d’Kulissen ze kucken an hautno ze erliewen, wéi den Gin aus der Fieder vun dräi jonke Lëtzebuerger entsteet.

Wéi sou oft war et och dës Kéier nees eng Portioun Spontanitéit, gemëscht mat Zoufall an engem Soupçon Gléck, fir datt den Opyos Gin iwwerhaapt zustane kënnt. Bei engem gemitterlechen Owend ënner dräi Kollegen haten si bemol all esou ee Kribbelen an de Fangeren, datt si eppes ganz Spezielles Schafe sollten. Mat kreativem Geescht an Enthusiasmus sollt een Unikat mat staarkem Charakter entstoen.

Eigentlech wollten de Michel, Fränk a Jim jo Drëppen hierstellen. Nodeems si awer de Marché an d’Konkurrenz analyséiert hunn, ass een anert alkoholescht Gedrénks hinnen an d’Aen gefall. Och zu Lëtzebuerg huet den Gin nämlech ëmmer méi grousse Succès erlieft, wouduerch d’Demande natierlech bestanen huet, d’Konkurrenz awer nach net esou grouss war.

Opyos

D’Kenntnisser, wéi een Gin hierstellt, hu si sech selwer bäibruecht © Shari Pleimelding/moien.lu

De Goût haten d’Kollegen ongeféier am Kapp. An esou hu si Test ëm Test op hiert Zil higeschafft een Gin entstoen ze loossen, deen ouni vill Zousätz a senger ganzer Natierlechkeet iwwerzeegt. Bis zu 5 Liter kann een ouni Autorisatioun legal doheem hierstellen. No 12 méi oder manner gelongene Versich konnt een schliisslech op déi grouss Anlag eriwwer goen.

Duerch déi ideal Lag vum Elterenhaus vun engem vun de Kollegen, an engem klengen Duerf, ganz verstoppt tëscht Uebstbeem, huet ee sech och net ëm d’Produktiounsplaz streide missen. De Keller huet genuch Fläch hiergi fir d’Tanken, d’Lagerung, den Etiquettage an d’Verpakungen – och wann een no an no ee Stéck ausbauen oder renovéiere misst. Mëttlerweil huet ass Opyos Gin net nëmme méi eppes fir d’Geschmacksknospen, mee – wann ee léif freet – kann een och déi flott Produktiounsplaz mat pittoresker Ëmgéigend kucke goen.

Opyos

Bei Opyos léisst een den Gin nach eng Zäitchen leien. Och dat mécht de Goût aus! © Shari Pleimelding/moien.lu

Mee wat bedeit den Numm?

Schonn ëmmer hate si den Numm „Opus“ fir hiert alkoholescht Meeschterwierk am Kapp. Mat der Zäit ass de Projet allerdéngs esou grouss ginn, datt ee sech mat Copyright an deem ganze Gedeessems huet missen ausenee setzen. Leider war d’Wuert Opus geschützt.

Et huet ee sech awer net entmuddege gelooss! Bei hirem éischte Logo huet dem dräikäppegen Team schonn d’Verbindung tëscht dem O an dem P, deen eng Onendlechkeetsschläif entstoe léisst, immens gefall. Doduerch wollt een den neien Numm elo ëm dëst Zeeche bauen, a wann een dofir eppes erfanne muss.

An enger aler europäescher Sprooch soll, sou huet de Fränk et emol erkläert, „yos“ d’Wuert fir „méi“ sinn. Esou sollt sech fir d’Aen an d’Ouer net vill änneren, ausser, datt den Gin vläicht liicht griichesch kléngt – wat awer net onbedéngt gewollt war. Fir déi dräi Kollegen ass dat erfonnte Wuert d’Steigerung vum Opus.

Opyos

D’Friichten, déi de super Aroma schenken, kommen aus der Heemescht. Den Hunneg gëtt souguer direkt hannert dem Haus produzéiert © Shari Pleimelding/moien.lu

Eng ginvoll Iddi!

Den Opyos Gin berout op enger Basis vu rengem neutralen Alkohol. An engem nächste Schrëtt gi Kraider, sou wéi aner Ingredienten dozou gemëscht. De Lëtzebuerger Produit zeechent sech nämlech doduerch aus, datt d’Kollege beispillsweis mat Hunneg, Hielänner oder och Wakelter gespillt hunn, sou datt ee ronnen, awer och komplexe Goût entsteet, bei deem een net onbedéngt nach Tonic oder Ähnleches dobäi mësche muss.

Och relativ ontypesch fir Gin ass et, datt een dat Ganzt nach e bëssi leie léisst. Bei Opyos léisst een de Produit ganzer 2 Méint roueg, wëll dës Auslagerung wuel och nach liicht eppes um Goût ännert. Doduerch, datt de Michel, Fränk a Jim hire Produit bis zur Perfektioun ausgeschafft hunn – wat zum Deel awer och mat Chance verbonne war – konnten si een eenzegaarten Gin entstoe loossen, deen duerch seng Inhaltsstoffer bei all Drëps ee Stéck Lëtzebuerg enthält.

Bei engem éischte Versuch hiren Opyos un de Client ze bréngen, konnt den Gin am Dezember 2017 zu Wuermer komplett iwwerzeegen. Mat den zuelräiche Virbestellunge war de Produit schonn ausverkaaft, ier en seng Etikett iwwerhaapt hat. A wien elo denkt, datt hei nëmme Famill a Frënn vun de Grënner hir Fläsch bestallt hätten, deen iert. Et ware virun allem nei Clienten, déi hir Demande ofginn hunn, wat d’Opyos-Ekipp mächteg houfreg gemaach huet.

Opyos

Och beim Design huet ee sech natierlech Gedanke gemaach! © Shari Pleimelding/moien.lu

Net nëmmen een Gin

Mëttlerweil entstinn am ëmgebaute Scheierkeller divers Zorte vum Opyos-Gin. Mëttlerweil kann een en beispillsweis am Pallcenter Uewerpallen, am Shopping Center Maassen, sou wéi um Online Shop bestellen. Gebuede kritt een:

Opyos Luxembourg Dry Gin
Mat 26 Inhaltsstoffer- dovunner 8 direkt aus Lëtzebuerg – ass ee fantastesche Gin entstanen. Enthale sinn ënnert anerem Hielännerbléien a -bieren, Päerdsbier, Spakelter, Schléiwen, Kiefersprossen, Rouseblieder an Hunneg. Als Umierkung muss hei gesot ginn, datt den Hunneg virum brennen an d’Gedrénks kënnt, an doduerch herno keen Zocker iwwreg bleift.

Opyos Luxembourg Sloe Gin
Um Numm kann ee schonn erkennen, datt dëse Gin mat Schléiwen (engl. „Sloe“) produzéiert ginn ass. Mat senger fruchteger Nott an der schéiner rouder Faarf kritt een direkt Loscht ze schmaachen!

Opyos Cask Aged Gin
Bei dëser, op 1400 Fläsche limitéierter Editioun, huet een den Gin an 3 verschiddene Fässer leie gelagert. Duerch d’Mëschung vun dësen anescht genotzten Hëlzer kënnt et zu engem komplexen Arome, deen ee sech net entgoe loosse sollt.

D’Friichten, déi an er Produktioun net genotzt ginn oder och esou ufalen, ginn natierlech net ewech gehäit. Déi schlau Käpp vun Opyos loossen heiraus nämlech Gebeess entstoen, deen och – wéi sollt et anescht sinn – eng liicht Gin-Nott huet, awer ganz ouni Alkohol.

Bei esou vill Passioun an Léift zum Detail vun den dräi innovative Käpp ass et dann och kee Wonner, datt hire Gin net nëmmen zu Lëtzebuerg super ukënnt. Eréischt am Januar vun dësem Joer konnt Opyos de Präis fir de beschte Lëtzebuerger Gin zu London gewannen. Dës Auszeechnung huet elo seng Plaz, nieft den zuelräichen anere Präisser fonnt.

Opmaacherfoto: Och beim Etiquettage iwwerléisst een näischt dem Zoufall. Dofir huet d’Ekipp sech seng eege Maschinne beschaft © Shari Pleimelding/moien.lu

Ähnlech Sujeten Alkohol, Hunneg, Opyos Cask Aged Gin, Opyos Gin, Opyos Luxembourg Dry Gin, Opyos Luxembourg Sloe Gin, Schléiwen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel