Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wäilies un der Lëtzebuerger Musel – Wat versprécht den 2019er Joergang?
International Neiegkeeten

Wäilies un der Lëtzebuerger Musel – Wat versprécht den 2019er Joergang?

De Romain Schneider, Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung,

Russescht Geld fir britesch Politik
International Neiegkeeten

Russescht Geld fir britesch Politik

Wéi et heest soll zu London der Regierung eng Bericht

Yumm Festival: Du bestëmms wéi e Food-Truck dee beschten ass
International Neiegkeeten

Yumm Festival: Du bestëmms wéi e Food-Truck dee beschten ass

Haut (an dat nach bis e Samschdeg) fënnt um Kierchbierg,

D‘Ofgrënn vum mënschleche Beholl

Franséisch Gedenkstätt „Oradour-sur-Glane“ ass vu geféierlechen Idiote verschandelt ginn

D‘Ofgrënn vum mënschleche Beholl

Den 10.Juni 1944 haten Zaldote vun der 2. SS-Panzerdivisioun „Das Reich“ iwwer 400 Fraen a Kanner an der Kierch vun Oradour-sur-Glane agespaart. Zur Vergeltung fir eng Aktioun vun de franséische Partisanen, gouf d‘Kierch a Brand gestach… Nëmme wéineg Affer hunn d‘Massaker iwwerliewen. Dat ganzt Duerf gouf nom Krich zum Uert vun der Erënnerung.

OradourBei dësem onbestreitbare Krichsverbriechen si 642 Zivilisten op eng gräisslech Aart a Weis vun däitschen Zaldote massakréiert ginn. Nom Krich gouf en neit Duerf opgeriicht, mee op Uerder vum deemolege President, Charles de Gaulle, ass dat originellt Duerf als stännegt nationaalt Monument a sengem ursprénglechen Zoustand, esou wéi et vun den Zaldote verlooss gouf, erhale ginn.

Elo hunn Onbekannter dësen Uert verschandelt. Op der Stele am Agang vum Mémorial ass d‘Wuert „Martyr“ mat wäisser Faarf iwwerstrach ginn an d‘Wuert „Ligener“ dernieft gemoolt ginn. Zum Graffiti de Numm vun engem bekannten Negationist… Bei eisen Noperen herrscht Onverständnis, Roserei a Trauer. A virun allem ploen sech d‘Leit op der Plaz mat der Fro: „Firwat mécht een dat?“.

Oradour

Mëttlerweil bedeckt eng blo Batsch de Frevel, d‘Autoritéiten hunn Ermëttlungen ugeuerdent an et wier ze hoffen, datt dësen Akt vu Vandalismus mat aller Konsequenz verfollegt a bestrooft ka ginn. De Buergermeeschter vun Oradour-sur-Glane, Philippe Lacroix huet kaum Wierder zum Virfall fonnt: „Datt een d‘Wuert Martyr duerchsträocht an duerch Ligener ersetzt, an dann de Numm vun engem Revisionist an d‘Plaz schreift, dir wäert verstoen datt mir geschockt sinn“.

De franséische President Emmanuel Macron huet senge Leit versprach, dat alles wäert gemaach ginn, fir d‘Auteure vun dëser schänterlecher Dot ze ermëttelen. De Premierminister Jean Castex condamnéiert d‘Aktioun an och soss ass d‘Veriergerung Parteiiwwergräifend. De Leader vun der Oppositioun, Jean-Luc Mélenchon (La France Insoumise) huet op Twitter däitlech Wierder benotzt.

OradourFir den nationale Sekretär vun der kommunistescher Partei (PCF) Fabien Roussel steet fest: „Den Negationismus ass eng Barbarei am selwechte Mooss wéi et den Nazismus war“. De Sozialist Alain Rousset huet d‘Dot als Feig an Onwierdeg bezeechent. „Et muss eis elo ermonteren d‘Erënnerung op dësem Uert wakereg an d‘Geschicht mat Nodrock um Liewen ze halen“, esou säi Fazit.

Esouguer déi éischter radikal riets orientéiert Politiker, wéi den Eric Ciotti – en erkläerte Rassist an Homophob – huet opgeruff esou Aktiounen net ze banaliséieren an d‘Erënnerung weiderzereechen. D‘Marine Le Pen (Rassemblement National – rietsextrem) sot: „Et wier un der Zäit d‘Schrauwen unzezéie fir d‘Renaissance vun dësen Doten déi schmäerzen am Keim ze erstécken“.

Oradour

Oradour

Nach um Samschdegmuere gouf d‘Plainte géint Onbekannt opgeholl an d‘Enquête, och wa gewosst ass datt se net wäert einfach sinn, soll bis zur Opklärung duerchgefouert ginn. „D‘Auteure sollte wëssen, datt si wäerten opfonnt ginn, egal wéi laang et dauert. Si musseb sech fir hir geféierlech Idiotie veräntwerten an all d‘Konsequenze vun hirer Dot ze erdroen hunn“, esou de Procureur.

mat indymedia/par

Foto: Esou wéi d‘SS d‘Duerf vun Oradour-sur-Glane verlooss hunn, esou ass et als Mahnung erhale ginn. (Davdavlhu cc by-sa 4.0)

Ähnlech Sujeten Frankräich, Gedenkstätt, Negationismus, Oradour-sur-Glane, Vandalismus
Nächsten Artikel Virrechten Artikel