Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

SOLDEN!
International Neiegkeeten

hello dating sites free

Déi Stater si bereet fir d‘Solden (28 Juni – 27.

https://moien.lu/local-dating-sites-in-japan/
International Neiegkeeten

De Streik am Fleegeheem zu Beetebuerg kritt eng nei Dimensioun

No der Circulaire déi d‘COPAS (Federatioun vun de Prestataire fir

Wat huet de Franséische Wahlkampf zu Lëtzebuerg verluer?
International Neiegkeeten

Wat huet de Franséische Wahlkampf zu Lëtzebuerg verluer?

Des Fro stellt sech d’Sylvie Mischel op Facebook. D’Presidentin vun

Orbit: Zwee nei Satellitte fir d‘Waasser op der Äerd ze iwwerwaachen

Orbit: Zwee nei Satellitte fir d‘Waasser op der Äerd ze iwwerwaachen

Déi privat Weltraumentreprise SpaceX huet um Dënschdeg zwee Satellitten an den Orbit „gesat“ deenen hir Missioun et wäert sinn, d‘Verännerunge vum Waasser op der Äerd ze moossen. Mat enger nach ni do gewieschte Prezisioun, solle béid Himmelskierper während de nächste fënnef Joer nokucken, wéi vill Äis an der Arktis schmëlzt, a wéi et sech op d‘Weltmierer auswierkt.

D‘Trägerrakéit eng Falcon 9, huet sech mat senger wäertvoller Fracht problemlos vun der US-Militärbasis „Vandenberg“ a Kalifornien lassgeléist. Déi zwee Fuerschungssatellitte sinn d‘Resultat vun engem Partenariat tëscht Däitschland an der NASA. A well nach Plaz war, si nach fënnef Satellitte vum Kommunikatiounsreseau Iridium matgeholl ginn.

No eelef Minutte Fluch, op enger Héicht vun ongeféier 500 Kilometer, sinn als éischt d‘Satellitte vun der Missioun GRACE-FO ausgesat ginn. Eng kleng Stënnche méi spéit, sinn och „déi Kléng“ ausgesat ginn.

Orbit

D‘Satellitte vun der Missioun GRACE-FO sinn an Däitschland bei Airbus (Defence & Space) zesummegebaut ginn. Op dësem Bild gesäit een d‘Satellitten am Test bei IABG, engem Soustraitant vun Airbus zu München. © A.Ruttloff/Airbus DS GmbH

D‘Fuerschungssatellitten iwwerhuelen d‘Nofolleg vun der Missioun GRACE, där hir Satellitte vun 2002 bis 2017 d‘Äerd iwwerflunn hunn. Mat den Daten déi dës Satellitte gesammelt hunn, ass Mount fir Mount eng Kaart erstallt ginn, op där d‘Verännerunge vum Waasservolume repertoriéiert goufen. Do stellt sech natierlech d‘Fro, wéi kann aus dem Weltall d‘Waasser op der Äerd moossen?

D‘Gravitatioun ass eppes Interessantes …

Mat den zwee Satellitten, jiddereen esou grouss wéi en Auto, déi als „Koppel“ nieftenaner, mee 220 Kilometer vunenaner ewech, iwwert eis Käpp ewech fléien, gëtt gemooss. An d‘Instrumenter u Bord vun de Satellitten, kënnen déi geréngste Variatioune vun der Mass ënnert hinnen (Bierger, e Séi, d‘Äis, a villes méi) erfaassen.

Dat ass dorunner geleeën, datt eng Verännerung vun der Masse, mat engem minimalen Afloss op d‘Gravitatioun, d‘Distanz tëscht de Satellitte kuerzzäiteg verännert. D‘Moossinstrumenter vun de Satellitten, halen d‘Changementer, bis op de Mikron (1/1000 Millimeter) genee fest. Déi Opnamen erlaben et de Fuerscher d‘Variatioune vun der Mass op der Äerd ze erfaassen.

Orbit

Eng „artistesch“ Duerstellung vun den Zwillingssatellitten um Orbit ronderëm d‘Äerd. © JPL-Caltech/NASA

Heibäi ass et egal, op déi Variatiounen op der Uewerfläch oder ënnert dem Buedem stattfannen. Et ass zudeem interessant, datt d‘Changementer vun der Mass, nëmmen duerch Verännerungen déi a Verbindung mat Waasser ze brénge sinn, stattfannen. Äis dat schmëlzt fléisst an d‘Mier, Waasser dat verdonst, Reewaasser dat d‘Grondwaasserreservoiren nees opfëllt.

… an d‘Informatiounen dorausser wichteg

Datt d‘Methode funktionéiert, datt ass dank der (éischter) Missioun GRACE bewise ginn. Hei hunn d‘Fuerscher dann och eng Abberzuel u Kaarten erstallt, un deene ganz genee festzestellen ass, wéi vill Äis op Grönland, tëscht 2002 an 2016, geschmolt ass. Et waren datt dann och net manner wéi 280 Milliarden Tonne pro Joer.

Gläichermoossen hunn d‘Fuerscher gekuckt, wéi vill Waasser zu de Reserven am Okavango-Delta (Botswana) derbäi komm ass. Ma et waren hei 29 Milliarden Tonnen d‘Joer. An elo, mat der neier Missioun, déi do weider soll maache wou déi al opgehalen huet – den „FO“ am Numm vun der Missioun steet fir „follow on“ – kënnen d‘Tendenze weider iwwerwaacht ginn.

Orbit

Illustratioun vun der Missioun GRACE-FO iwwer Alaska. © JPL-Caltech/NASA

SpaceX huet mat dëser Fuerschung nëmmen esouvill ze dinn, als datt si sech ëm „d‘Logistik“, also den Transport këmmeren. Dat dann awer och ganz erfollegräich a mat Rakéiten déi ee méi oft ka benotzen. An dësem Fall war et den 10. Start, an den 1. Stack vun der Rakéit war schonn am Januar genotzt ginn. Et ass awer de fir dëst „Stéck“ de leschten Asaz gewiescht.

mat AFP

Foto: D‘Falcon 9 vu SpaceX um „pas de Tir“ vun der Vandenberg Air Force Base a Kalifornien. © Bill Ingals/NASA

Ähnlech Sujeten Airbus, NASA, Orbit, Satellitten, SpaceX
Nächsten Artikel Virrechten Artikel