Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

E staarkt Benevolat am Naturschutz – de Vullenzuch
Neiegkeeten

E staarkt Benevolat am Naturschutz – de Vullenzuch

Beim ABC vun der Natur sprange mir haut op de

Eng Woch fir Sträichinstrumenter
Neiegkeeten

Eng Woch fir Sträichinstrumenter

Eng ganz Woch laang stinn d‘Sträichinstrumenter am Conservatoire vun der

De Parking Rousegäertche bleift bis op weideres zou
Neiegkeeten

De Parking Rousegäertche bleift bis op weideres zou

Nom schwéiere Feier vum 9. September am Parking Rousegäertchen, hat

Organspenden: Lëtzebuerg wäit hannert den Erwaardungen

Luxembourg Transplant wëll e Sonndeg mam „Spinning Marathon“ sensibiliséieren

Organspenden: Lëtzebuerg wäit hannert den Erwaardungen

De 17. Oktober ass de Weltdag vun der Organspend. En Dag deen zanter 2005 zelebréiert gëtt a vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) initiéiert gouf. An de Constat deen ee maache muss: et gëtt net genuch Organspender, an dat besonnesch zu Lëtzebuerg. Fir de Public op dëse Problem hinzeweisen an och ze sensibiliséieren, organiséiert d‘Asbl Luxembourg Transplant dëse Sonndeg 20. Oktober nees säi „Spinning Marathon“.

Eng Organspend kënnt meeschtens dann zum droen, wann et bei bestëmmte Krankheete keng aner Optioun gëtt. An de Besoin un Organer ass vill méi grouss ee vläicht géif unhuelen. Esou ware fir 2018 bei „Eurotransplant“ – dës hollännesch ONG ass fir d‘Attributioun vun den Organspenden am Benelux, mee och fir Däitschland, Éisträich, Kroatien, Slowenien an Ungarn zoustänneg – 15.000 Patienten op der Waardelëscht ageschriwwen.

Dat sollt engem verständlech maachen, wéi wichteg Organspende sinn. Zu Lëtzebuerg allerdéngs, wou statistesch berechent 11,6 Organspender op 1 Millioun Awunner kommen, läit en op der virleschter Plaz (an der EU) an dat ass wierklech bedenklech. Dëst Joer hunn hei am Land 76 Leit op eng Organspend gewaart. Zum 1. Oktober konnte 15 Patienten esou eng Organspend erhalen, wat, wéi e sech virstelle kann, net zefriddestellend ass.

An dat gefält dem Gesondheetsminister Etienne Schneider (LSAP) guer net. Fir hien ass et wichteg datt een de Leit dat och esou däitlech seet an hien erënnert drun, datt „eng Organspend en Akt vun der Generositéit an der Solidaritéit ass“ dee Liewe rette kann. Mee wéi kann een d‘Leit vun der Sënnhaftegkeet iwwerzeegen? Eigentlech bréicht een dat zu Lëtzebuerg – och wann et natierlech Sënn mécht – net wierklech, mir sinn all Organspender.

Wien net wëll muss dat ausdrécklech soen

An datt all Lëtzebuerger Resident Organspender ass, bis hien dat revoquéiert, ass dem Gesetz vum 25. November 1982 geschëlt, an deem festgeluecht ginn ass, datt jidderee wann e bis gestuerwen ass, bereetwëlleg seng Organer hiergëtt. An eigentlech sollt een sech mussen explizit géint dës „fräiwëlleg“ Organspend ausschwätzen, mee wéi ëmmer, an der Praxis gesäit dat alles nees ganz anescht aus. D‘Gesetz schéngt sech net ëmsetzen ze loossen.

Organspend

Firwat et méiglech ass als zweet Sprooch „englesch“ ze benotzen, net awer d‘Sprooch vun de Lëtzebuerger, wou déi dach sollt gefërdert a promouvéiert, ass grad dowéinst eng gutt Fro, well de Pass fir d‘Liewe jo ausschliisslech Residente virbehalen ass.

Wat notzt awer dat beschte Gesetz, wann d‘Doktere wuel en Doudegen do leien hunn, deem seng Organer ze gebrauche sinn an dréngend gebraucht ginn, mee d‘Famill net bereet ass anzewëllegen? Näischt! Do kéint een unhuelen, datt ee sech dat Gesetz hätt kënne spueren, oder zumindest missen dofir Suerg droen, datt nëmmen dee Verstuerwene mat engem schrëftleche Refus, d‘Organspend quasi prophylaktesch, verwiere kann. Mee nee…

A well dat zimlech komplizéiert ass, een awer muss virukommen, huet de Gesondheetsministère an Zesummenaarbecht mat Luxembourg Transplant eng Informatiounsbroschür an de faméise „Pass fir d‘Liewen“ (gëtt et den ament nëmmen op franséisch) an d‘Liewe geruff. Um Pass deen ausgesäit wéi eng Kreditkaart, ka jiddereen seng „Entscheedung“ festhalen. Woubäi och mat dëser Käertchen, den Dokter nach ëmmer mat der Famill schwätze muss.

Gutt geduecht… wéi beim Gesetz

Richteg ass, datt wann alles ënnert de gënschtegsten Ëmstänn verleeft, also de Patient dee grad gestuerwen ass seng Kaart derbäi hat an dat och d‘Familljememberen iwwerzeegt sinn datt säi Wonsch respektéiert gëtt, kann et zur Organspend goen. Wa gewosst ass wéi en Zäitdrock bei enger Organspend matspillt, mussen also all d‘Zännrieder perfekt anenaner gräifen. Et ass also alles wéi just net einfach oder ofschléissend gekläert.

Et wier awer eng wierklech gutt Saach, wa mir alleguerten eise „Pass fir d‘Liewen“ an der Täsch hätten (och wann deen nëmme franséisch kann), an et kann een nëmmen derzou opruffen sech esou een ze besuergen. De Pass an d‘Broschür kann een um Telefon 247 85 569 bestellen oder um Site www.dondorganes.lu eroflueden. Et gëtt esouguer eng „App“ (leider och nëmmen op franséisch) déi just derzou daacht de Pass online ze bestellen.

Wiem de Sujet elo wichteg ass, dee sollt sech dann och e Sonndeg an der LuxExpo „The Box“ un der 11. Editioun vum „Spinning Marathon“ bedeelegen. Et wier esouguer méiglech datt nomëttes d‘Prinzessin Claire, déi de Patronage huet, iech ermontere kënnt. D‘Organisateure rechne mat gutt 1.200 Participanten, déi sech tëscht 10 an 18.25 Auer mat hirem Effort, all de Patienten déi op eng Organspend waarden, solidaresch weisen.

Ähnlech Sujeten Gesondheetsministère, Luxembourg Transplant, Organspend, Pass fir d'Liewen, Spinning Marathon
Nächsten Artikel Virrechten Artikel