Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Gréng Verlugenheet: Lëtzebuerger Pensiounsfong investéiert an Ueleg an a Kuel
International Neiegkeeten

Gréng Verlugenheet: Lëtzebuerger Pensiounsfong investéiert an Ueleg an a Kuel

De staatleche Lëtzebuerger Pensiounsfong (Fonds de Compensation, FDC) investéiert trotz

Rock de Rack: Fir d’Jugend, d’Demokratie an d’Gläichstellung!
International Neiegkeeten

Rock de Rack: Fir d’Jugend, d’Demokratie an d’Gläichstellung!

De Ministère fir d’Gläichstellung tëscht Fraen a Männer organiséiert en

Editorial: Wie brauch proppert Waasser?
International Neiegkeeten

Editorial: Wie brauch proppert Waasser?

Haut ass de Weltwaasserdag, an déi gesamt Weltgemeinschaft ass sech

Organspenden an Däitschland: Zousproch statt Widdersproch

Majoritéit wiert sech dergéint, datt all Bierger automatesch zum Organspender gëtt, wann dësen net ausdrécklech widdersprécht

Organspenden an Däitschland: Zousproch statt Widdersproch

Déi sougenannt Widdersprochsléisung, wéi se vum däitsche Gesondheetsminister Jens Spahn am Bundestag verdeedegt ginn ass, huet d‘Zoustëmmung net erhalen. 379 Deputéiert waren dergéint, 292 derfir an 3 hu sech enthalen. Et sollen dofir méi Opklärung a Sensibiliséierungscampagne fir d‘Organspend gemaacht ginn.

Den Entworf vun enger Grupp ronderëm d‘Annalena Baerbock (die Grünen) an d‘Katja Kipping (die Linke), dee am wiesentlechen um bestoende Recht festhält – also wou eng ausdrécklech Zoustëmmung erfuerderlech ass – ass uschléissend vun de Parlamentarier ugeholl ginn. An dësem Text ass festgehalen, datt d‘Bierger all 10 Joer op d‘Thema „Organspend“ sollen ugeschwat ginn.

Heibäi sollen d‘Bierger dann och drop opmierksam gemaach ginn, datt si sech an en zentraalt Online-Regëster androe kënnen. D‘Hausdoktere sollte – bei Bedarf – all zwee Joer hir Patienten iwwert d‘Organspend informéieren. Dësen Entworf ass an der 3. Liesung mat 432 Stëmmen derfir, 200 dergéint an awer nach 37 Enthalungen ugeholl ginn.

De Problem deen Däitschland am Bezuch op de Besoin vun Organer huet, ass domatter net geléist. Bei eisen Noperen, wou laut Ëmfroen 80% vun de Mënschen Organspende fir sënnvoll halen, gëtt et eng Waardelëscht vu gutt 9.000 Patienten. 2018 hunn 955 Mënschen no hirem Dout Organer fir aner Patienten hierginn, 2019 waren der nëmmen nach 932. Eng schlecht Tendenz also.

Woubäi et Däitschland och scho schlëmmer war: 2017 war et mat 797 Organspender ganz schlecht. 2019 sinn, esou wäit déi offiziell Zuelen, 2995 Organer un Eurotransplant (hei virun allem Nieren, Liewer a Longen) iwwermëttelt ginn. Eis Nopere bezéien also däitlech méi Organer wéi si der an de System abréngen. Sech hei op de gudde Wëlle vun de Leit ze verloossen…

Och Lëtzebuerg läit am Bezuch op d‘Organspende wäit hannert den Erwaardungen, mee hei gëtt mam „Pass fir d‘Liewen“ schonn eppes méi konkret agéiert. Problematesch bleift d‘Entnam vun Organer bei engem Patient trotzdeem. Asproch a Widdersproch a leschter Minutt maachen et oft komplizéiert, firwat Luxembourg Transplant Asbl, ëmmer nees vill Opklärung leeschte muss.

mat indymedia/ber

Foto: © BzgA

Ähnlech Sujeten Däitschland, Eurotransplant, Luxembourg Transplant, Organspend, Widdersproch, Zousproch
Nächsten Artikel Virrechten Artikel