Search

You may also like

Wie seng Geschicht vergësst huet keng Zukunft
Neiegkeeten

Wie seng Geschicht vergësst huet keng Zukunft

Am Kontext vun engem sech ëmmer méi an der „Mëtt

Taxi-Reform: Zäit fir de Bilan
Neiegkeeten

Taxi-Reform: Zäit fir de Bilan

Se war gutt gemengt, mee et ass nach net wierklech

money
Netflix investéiert Milliarden an eegen Inhalter a belieft domatter e krasse Konkurrenzkampf
Neiegkeeten

Netflix investéiert Milliarden an eegen Inhalter a belieft domatter e krasse Konkurrenzkampf

Netflix wëll am Joer 2018 insgesamt 8 Milliarden Dollar an

Orientatioun am Fondamentale: Wann den Drock op d’Psychologen ze grouss gëtt

Orientatioun am Fondamentale: Wann den Drock op d’Psychologen ze grouss gëtt

An engem Bréif vum 23. September 2019 huet den Educatiounsminister Claude Meisch all d’Psychologen, déi an der nationaler Educatioun schaffen, quasi dozou gezwongen, mat enger aktiver Aarbechtsweis un der Orientatioun vun de Schüler am Cycle 4.2. deelzehuelen.

D’Orientatioun am Enseignement Fondamental zum Secondaire ass eng Decisioun, déi zesumme mat den Elteren an den Enseignante vum Cycle 4 geholl gëtt. Sollte béid Säiten net zou enger gemeinsamer Entscheedung kommen, esou decidéiert d’Orientatiounskommissioun, déi aus dem Direkter vun der Regioun, engem Enseignant aus dem Cycle 4 aus engem Bezierk, zwee Enseignante vum Secondaire, wéi och engem Psycholog vum CEPAS besteet.

A Realitéit sinn allerdéngs net genuch Psychologe vum CEPAS do, fir d’Demande vun den Elteren ze decken. Dofir wëll de Ministère elo d’Psychologen aus de spezialiséierte psychopedagogesche Kompetenzzentren dozou drécken, fir un dëser Orientatiounsprozedur am Cycle 4.2. deelzehuelen. Heivir ginn d’Direktioune vun de verschiddenen Zentre gebieden, eng Lëscht mat de Coordonnéeë vun de Psychologen ze iwwermëttelen. Op een neits sicht de Minister no enger einfacher a bëlleger Léisung.

D’Aarbecht an dëser Orientatiounsphas hëlt dobäi immens vill Zäit an. Ee Psycholog kann nämlech tëscht 20 a 50 Schüler zougewise kréien. Pro Klass ginn ronn 4 Stonnen an d’Tester investéiert, woubäi uschléissend 15 Minutte Verbesserungszäit pro Schüler virgesi ginn. Fir d’Reunioun tëscht den Enseignanten an den Eltere ginn nach emol 2 Stonnen, fir d’Presentatioun vun de Resultater 30 Minutte pro Schüler gerechent.

Virun allem d’Interesse vun de Kanner a jonk Persoune mat spezifesche Besoine komme bei dëser Rechnung ze kuerz. Alt nees ginn déi Schwächst zum Affer vun der Recurementspolitik, déi duerch eng Dréchent op allen Niveaue vum Enseignement staark beaflosst gëtt.

Aus dësem Grond kritiséieren d’Association du Personnel des Centres de Compétences et de l’Agence (APCCA) an de Syndicat Education et Sciences (SEW) vum OGBl dem Minister Meisch säin Zwang, datt d’Psychologen aus dem CEPAS Lächer an der Orientatioun stoppe sollen, an dobäi ganz d’Kanner mat spezifesche Besoinen vergiessen.

Related topics apcca, CEPAS, Claude Meisch, Drock, Educatiounsministère, Enseignement Fondamental, Enseignement Secondaire, Lycee, OGBL-SEW, Orientatioun, Psycholog, spezifesch Besoinen, Zwang
Next post Previous post