Search

You may also like

Milliardär fuerdert d‘Doudesstrof
Kultur Neiegkeeten

Milliardär fuerdert d‘Doudesstrof

Bei Schéissereie sinn de Weekend an den USA 30 Mënschen

Verkackt Parlamentswahlen a Spuenien
Kultur Neiegkeeten

Verkackt Parlamentswahlen a Spuenien

Ah wann dat de „Generalissimo Francisco Franco“ mat eegenen Aen

Google Datenzenter: Näischt Genaues weess een net, mee et kann ee jo emol unhuelen…
Kultur Neiegkeeten

Google Datenzenter: Näischt Genaues weess een net, mee et kann ee jo emol unhuelen…

Dat mam „intelligente“ Wirtschaftswuesstem musse mir eis zu Lëtzebuerg nach

The Original USA Gospel Singers & Band zu Besuch am Trifolion

Eng vun de beschte Gospel-Chéier weltwäit

The Original USA Gospel Singers & Band zu Besuch am Trifolion

Iwwer 20 Joer Tournee-Erfarung a méi wéi eng Millioun Fans kann de Gospel-Chouer elo scho virweisen. D’Erfollegsgeschicht vun The Original USA Gospel Singers & Band geet de 17. Dezember am Trifolion zu Iechternach weider!

Déi afroamerikanesch Gospel-Grupp mat Live-Band a grousser Liicht- a Bühneshow bréngt dat ursprénglecht Gefill vun der schwaarzer Gospel-Kultur authentesch no an erzielt dobäi déi eege Geschicht. Vun de Wuerele bis zur haiteger Zäit, vu Mahalia Jackson bis James Cleveland, hei gëtt een immense Repertoire gebueden. Den Ensembel ëmfaasst ausgewielte Spëtzesänger, talentéiert Solisten a Museker, déi an engem Programm vun zwou Stonnen all dat bidden, wat Gospel dach esou schéi mécht: Emotiounen, Relioun a pur Liewensfreed.

Gospel

The Original USA Gospel Singers & Band © Frank Serr Showservice Int

D’Zil vun der Show ass et, Mënschen duerch déi immens spirituell Kraaft vun den eenzele Lidder ënnerenee méi no ze bréngen. Wichtege Bestanddeel vun all Optrëtt ass déi aktiv Participatioun vum Publikum. Hand an Hand erliewen d’Spectateuren d’Authentizitéit vum echte Gospel. Een onvergiesslecht Erliefnis erwaart Iech!

Wéi, wat a wou?

The Original USA Gospel Singers & Band spillen en Dënschdeg, de 17. Dezember um 20:00 Auer am Trifolion zu Iechternach. Ticketen ginn et bei alle bekannte Virverkafsplazen oder och um Internet ënnert www.kultopolis.com a www.luxembourg-ticket.lu.

Opmaacherfoto: The Original USA Gospel Singers & Band © Frank Serr Showservice Int

Related topics Gesang, Gospel-Kultur, Iechternach, Musék, Relioun, The Original USA Gospel Singers & Band, Trifolion
Next post Previous post