Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Chamberwahlen: Eng verhale Campagne?
https://moien.lu/generic-dating-profile/ korean actor dating american

https://moien.lu/dating-sites-paphos/

Wann ee bedenkt datt dës Campagne séier wéineg Interessi erwächt

https://moien.lu/online-dating-was-suchst-du/
https://moien.lu/generic-dating-profile/ korean actor dating american

„Junction 48“ – Ee Film iwwert d’musikalesch Leidenschaft

E Freideg, de 14. Dezember gëtt am Ciné Utopia ee

Dokteren ouni Grenzen: Wou Liewen ass, ass Hoffnung
https://moien.lu/generic-dating-profile/ korean actor dating american

Dokteren ouni Grenzen: Wou Liewen ass, ass Hoffnung

Zu Mossul am Irak stinn sech d’Kräfte vun der Koalitioun

Orkan Harvey: en Tëschebilan

Orkan Harvey: en Tëschebilan

Den Orkan Harvey hällt d’Mënschen am Otem. Mir zéien e provisoresche Bilan vum Harvey, en Orkan, deen zum tropesche Stuerm ginn ass, grouss Deeler vu Süd-Texas ferm beschiedegt huet an sech elo a Richtung Louisiana beweegt.

Vill Waasser vun uewen

De Berechnunge vun de Meteorologe folgend, sinn bis ewell 41 Trillioune Liter Reen op Texas gefall. Laut dem nationale Wiederdéngscht (NWS) si bis zu 132 Zentimeter Reen a verschidde Géigende vun der texanescher Küst, tëscht Samschdeg a Mëttwoch néiergaangen.

De traurege Rekord hält de Kanal „Cedar Bayou“ mat 131,7 Zentimeter. Dat ass den héchste jeemools gemoossene Niveau um amerikanesche Kontinent, während engem Orkan. A bei dëse Berechnunge sinn d‘Nidderschléi am Nopeschstaat Louisiana, wou den Harvey sech grad ophält, net matgerechent.

D‘Affer vum Onwieder a senge Folgen

Laut den Zuelen, déi d‘Autoritéiten um Mëttwoch erausginn hunn, wier den Orkan Harvey direkt oder indirekt schold um Doud vum 33 Mënschen. Zéng Affer sinn a verschidde Grofschaften am Südoste vum Texas bestätegt ginn.

23 weider Stierffäll gi mam Wieder verbonnen, erkläert d‘Spriecherin vun de Pathologe vun Harris, der Grofschaft zu där Houston zielt. Hei war de Stuerm besonnesch hefteg an de Reen extrem zerstéieresch.

E Bëbee konnt an engem grousse Miwwel-Lager eng sécher Plaz ergatteren. (© Brendan Smialowski/AFP)

Wann de Bilan och am direkte Verglach mam Orkan Katrina (1.800 Doudesaffer am Joer 2005) verhältnesméisseg niddreg ausfält, esou ass et awer nach net eriwwer. D‘Autoritéite vum Texas ginn dovunner aus, datt esou wéi d‘Waasser sech zréckzitt an een an déi iwwerschwemmte Gebidder erakënnt, mat weideren Doudegen ze rechnen ass.

Ouni Dach iwwert dem Kapp

D‘Zuel vun de Leit déi hiert Heem hu missen opginn ännert stënterlech. Déi federal Agence fir Drénglechkeetsfroen (FEMA) huet am Moment 230 Opfanglageren ageriicht, wou bis zu 30.000 Leit en Ënnerdaach fannen. Laut der FEMA waren nach eng ronn 1.800 Persounen an Hoteller ënnerbruecht ginn.

Vum amerikanesche Roude Kräiz war matgedeelt ginn, datt si an hir Partnerorganisatiounen um Dënschdeg 32.000 Mënschen an hiren Zentre versuergt hunn. Den Art Acevedo, Chef vun der Police zu Houston, huet matgedeelt, datt seng Leit iwwer 3.500 Mënschen an der Metropol gerett hunn. D‘FEMA rechent domadder, datt bis zu 450.000 Leit Hëllef wäerte mussen an Usproch huelen.

Houston mat méi wéi nëmmen de Féiss am Waasser (© Win McNamee/Getty Images/AFP)

Dat gëtt eng Zolidd Rechnung

Laut dem Brock Long vun der FEMA, hunn op federalem Niveau sech bis ee Mëttwoch 195.000 Leit agedroe fir finanziell Ënnerstëtzung ze kréien. D‘Agence selwer huet bis ewell scho 35 Milliounen Dollar ausginn.

Laut den Analyste vun der Agence Bloomberg, kéint de materielle Schued bis 100 Milliarden US-Dollar erreechen. Dovunner ass de gréissten Deel net duerch Assurancen ofgedeckt.

mat AFP

Foto: Eng Fra kënnt d‘iwwerschwemmte Strooss erof. Zu Houston huet et Deeg laang wéi mat Eemere geschott. (© Brendan Smialowski/AFP)

Ähnlech Sujeten Harvey, Houston, Orkan, Texas, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel