Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

UN: „Mir verléieren am Jemen de Kampf géint d‘Hongersnout“
dating a photographer jealousy Neiegkeeten

what to expect when dating a man with adhd

Déi Verreenten Natiounen (UN) sinn derbäi de Kampf géint d‘Hongersnout

https://moien.lu/matchmaking-agency-singapore/
dating a photographer jealousy Neiegkeeten

Chômage: Réckgang vun 8,7 % an engem Joer

D’ADEM huet elo Zuelen zum Chômage an den Aarbechtssichende verëffentlecht,

Grouss Ëmfro zur Gesondheet vun de Lëtzebuerger Bierger
dating a photographer jealousy Neiegkeeten

Grouss Ëmfro zur Gesondheet vun de Lëtzebuerger Bierger

D’Direktioun vun der Gesondheet huet, a Kollaboratioun mam Luxembourg Institute

Orkan Irma: D‘Florida Keys zéien de Bilan

Orkan Irma: D‘Florida Keys zéien de Bilan

Agefalle Gebaier, plattgedréckte Mobilhomer, Trëmmer esou wäit e kucke kann. Den Orkan Irma huet am Süde vu Florida ganz Aarbecht geleescht. 85% vun de Logementer si ganz oder schwéier beschiedegt.

Den Donald Trump gëtt um Donneschdeg a Florida erwaart. Den amerikanesche President wëll sech op der Plaz en eegent Bild vun der Situatioun maachen. D‘Wäisst Haus deelt mat, datt och seng Fra Melania hie wäert begleeden.

De franséische President Macron am Gespréich mat engem Awunner vu Saint-Martin. Hei ass esou gutt wéi kee Steen op deem anere bliwwen. Alles nees opzeriichte wäert vill Zäit an Usproch huelen an d‘Awunner musse Gedold hunn. (© Christophe Ena/Pool/AFP)

An der Karibik ass de franséische President Emmanuel Macron schonn en Dënschdeg ukomm. Zu Saint Martin, wou hien d‘Nuecht verbréngt, huet hien sech den Awunner gestallt a versprach, alles ze maache wat méiglech a néideg ass.

De Kinnek vun Holland, Willem Alexander huet sech sengersäits e Bild vun der Lag op der hollännescher Säit (Sint-Marteens) vun der Insel gemaach.

D‘Keys bidden e ganz trauregt Bild

Den Archipel vun de Keys, eng schmuel Landzong déi sech just e puer Meter iwwert de Mieresspigel erhieft, huet um Dënschdeg ee ganz trauregt Bild gebueden. D‘Patty Purdo, eng Serveuse vu 55 Joer, huet ënner Tréinen d‘Iwwerreschter vu sengem Mobilhome betruecht. Honnerte Mobilhomer op dëser Plaz huet dat selwecht Schicksal getraff. „Mir sinn et déi de Kaffi zerwéieren (…) Mir sinn net räich“, seet et an ass besuergt doriwwer dat de Proprietär d‘Geleeënheet kéint notze fir d‘Pacht ze kënnegen. „Mir fäerten, datt op dëser Plaz Appartementer an Haiser fir déi Räich gebaut ginn“.

Den Trailer-Park vun Islamorada huet den Orkan Irma net iwwerstanen. Op de Keys gëtt et vill esou Mobilhome-Communautéiten. Si sinn am schwéierste betraff a sinn op Hëllef ugewisen. (© Marc Serota/Getty Images/AFP)

Laut dem Brook Long, Direkter vun der amerikanescher Agence fir Noutfäll (FEMA), sinn „esou gutt wéi all d‘Haiser a Mobilhomer am Archipel op déi eng oder aner Manéier betraff. 25% si ganz zerstéiert an op mannst 60% hu grousse Schued erlidden“.

D‘Segelboot am Gaart

Den Orlando Morejon, e Chirurg vun 51 Joer ass glécklech, datt d‘Segelboot vun 12 Meter dat a sengem Gaart erëmfonnt ginn ass, net um Haus „gelant“ ass. „D‘Reparature wäerte wuel eng Staang Geld kaschten, mee d‘Haus ass jo emol nach ëmmer do. A vill méi wichteg, mir sinn nach ëmmer do!“.

Am Rescht vu Florida, wou d‘Folge vum Irma net ganz esou dramatesch sinn, huet den Alldag nees seng Plaz ageholl. Iwwer 15 Millioune Leit waren zwar nach ouni Stroum, d‘Situatioun selwer schéngt sech awer ze normaliséieren. Vill Haiser, deenen den Orkan de Dach ewechgerappt huet, entwuerzelt Beem… esou nach ëmmer d‘Bild vu ville Gemengen uechter Florida.

Booter, Autoen an aner Trëmmer sinn iwwert déi kleng Gemeng vu Marathon verstreet. D‘Opraumaarbechte ginn hei elo lass, mee wéi op der Karibikinsel Saint-Martin, mussen d‘Awunner sech hei gedëllegen (© Chip Somodevilla/Getty Images/AFP)

De Fluchhafe vu Miami konnt um Dënschdeg awer schonn nees en Drëttel vu sengen Operatiounen duerchféieren. Et dierft allerdéngs bis d‘nächst Woch daueren iert nees alles normal leeft. Och hunn zu Miami eng ganz Rei Brigangen d‘Geleeënheet genotzt fir Geschäfter auszeraiberen. Mindestens 25 Persounen huet d‘Police verhaft.

Orlando nach ausser Otem awer mat Stroum

Am Fräizäitpark „Disney World“ dee seng Dieren nees opgemaach huet, an esouwuel Awunner wéi Touriste bei sech ophëlt, déi hir Wunnengen an Hoteller verlooss hunn, ass d‘Stëmmung esouwäit gutt.

„Mir sinn hei, well mer bei eis doheem zu Melbourne kee Stroum hunn. Mir hunn eis gesot, datt wa mer scho schweesse mussen, da kann et dat grad esou gutt bei Disney“, esou Veann Grigatjis géintiwwer der AFP.

De gréisste Schued huet den Orkan Irma awer an der Karibik ugeriicht. Mat ronn 40 Doudeger, huet dee schlëmmste jee gemoossenen Orkan vill Leed an Trauer an eng u sech paradisesch Géigend bruecht.

mam Leila Macor an dem Karim Lebhour/AFP

Foto: De St. Johns Floss zu Jacksonville huet villes iwwerschwemmt. Op Skateboarde muss een hei wuel nach laang verzichten. (© Sean Rayford/Getty Images/AFP)

Ähnlech Sujeten Florida, Irma, Karibik, Orkan, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel