Search

You may also like

money
Zu Lëtzebuerg kascht déi duerchschnëttlech Aarbechtsstonn 37,60 Euro
International Neiegkeeten WTF

Zu Lëtzebuerg kascht déi duerchschnëttlech Aarbechtsstonn 37,60 Euro

Zu Lëtzebuerg sinn d’Aarbechtskäschten héich: D’Groussherzogtum packt et op déi

Vereedegungsmarathon fir d’Gemeng Helperknapp
International Neiegkeeten WTF

Vereedegungsmarathon fir d’Gemeng Helperknapp

Um haitege Mëtteg sinn de Buergermeeschter, wéi och dräi Schäffe

Giel Gileten Akt XXVII: Et geet zum Enn hin…
International Neiegkeeten WTF

Giel Gileten Akt XXVII: Et geet zum Enn hin…

Si waren de leschte Samschdeg schonn net méi „déi kritesch

surprise

Orkan „Irma“ verbreet Angscht a Schrecken

Orkan „Irma“ verbreet Angscht a Schrecken

Déi franséisch Insele Saint-Barthélémy a Saint-Martin sinn op Alarm „Mof“ gesat ginn, déi héchste Warnung déi ausgeschwat gëtt.  Schold dorunner den Orkan Irma, deen sech mat enger Intensitéit ukënnegt déi et esou nach net soll ginn hunn. Erwaart gëtt „Irma“ um fréie Mëttwochmueren am Norde vu de klengen Antillen.

Irma, en Orkan vun der Kategorie 5, soll laut „Météo France“ mat voller Kraaft déi zwou Inselen am Atlantik treffen. D‘Institut wéist drop hin, datt si bis ewell nach keen Orkan vun esou enger Stäerkt opgezeechent hunn.

Den Orkan, dee sech mat enger Vitesse vu 24 Kilometer/Stonn deplacéiert, steiert voll op Saint-Barthélémy a Saint-Martin zou. Irma ass vun der Intensitéit méi staark wéi d‘Orkaner „Luis“ (1995 St-Martin) oder „Hugo“ (1989 Gouadeloupe, 15 Doudeger).

Vill méi kräfteg och wéi den Harvey, dee kierzlech den Texas an Louisiana op d‘Kopp gestallt huet. En Orkan, dee verantwortlech gemaach gëtt fir 42 Affer an iwwer 100 Milliarden US-Dollar Schued.

Bei „Mof“ muss een doheem bleiwen

De Niveau vun der Alerte ass deen héchsten deen ausgeschwat ka ginn. Wann deen op „Mof“ gestallt gëtt, heescht sech verbarrikadéieren, dann ass et wierklech ganz schlëmm. Mat engem Wellegang dee sech mat iwwer zwielef Meter ukënnegt, ass et net fir sech um Strand opzehalen.

Op de Küste ginn dann och „Deferlanten“ vu gréisster Gewalt erwaart. Déi niddreg geleeën Terrainen, hei méi prezis Marigot, Grand Case a Gustavia, musse mat heftegen Iwwerschwemmunge rechnen.

Schonn an der Nuecht op e Mëttwoch huet et Wandstéiss ginn déi ëm 100 Km/h geleeë sinn. Nach iert d‘Sonn op geet steigert sech dat op bis 200 Km/h. Richteg batter da gëtt tëscht 6.00 an 12.00 Auer (lokal) wann d‘Wandstéiss iwwer 300 Km/h erreechen. Mat zäitweis bis 360 Km/h soll de Wand iwwert d‘Insele blosen.

Et misst e schonn op den Orkan Gilbert (1988) zréck blécken, fir op vergläichbar Wandspëtzten ze kommen. Hei sinn et dann och déi onmoosseg Variatiounen an der Wandrichtung (Nord, West an um Mëttwoch Süd) déi eng grouss Gefor duer stellen.

Vill Reen

Virausgesot gëtt och massive Reen. Dee soll et während der zweeter Halschent vun der Nuecht ginn, och am Laf vum Moien, soll et staarken Nidderschlag ginn. Mat 40 Liter op de Quadratmeter muss ass hei ze rechnen.

Säit en Dënschdeg sinn an de klengen Antillen sämtlech Schoulen an Administratiounen zou. D‘Leit déi ze no un der Küst wunne sinn evakuéiert ginn. Ze erwaarden ass, datt „Irma“ och Haiti an duerno Florida an Angscht a Schrecke versetze kéint.

Direkt vum Irma betraff sinn: Barbuda, Antigua, Saint-Barthélémy, Saint-Martin an Anguilla. Fir Saint-Barthélémy a Saint-Martin ass et déi éischte Kéier, datt se vun esou engem Wiederphänomen getraff ginn.

Op d‘Autoritéite lauschteren

D‘Anne Laubies, Cheffin vun der Prefektur vun den zwou Inselen, huet déi 11.000 Leit, déi an der Geforenzon liewen opgefuerdert, sech aus de Féiss ze maachen. „Et muss en elo goen, et ass d‘Liewe wat um Spill steet“, huet si mat Nodrock de Leit matgedeelt.

Um Dënschdeg dann, hunn d‘Gendaarme zu Saint-Martin verschidde Quartieren am viraussiichtlechen Iwwerschwemmungsgebitt evakuéiert. Eelef Ënnerstänn, déi virum dem Zyklon Schutz bidden, sinn opgemaach ginn. Och d‘Kierchen sinn opgefuerdert ginn, de Leit en Ënnerdaach ze ginn.

Oh wann d‘Guadeloupe elo net dat schlëmmst vum „Irma“ soll ofkréien, esou hei awer nach déi rout Alert ausgeruff ginn. Eng honnerte Schutzariichtunge, oft Schoulen, heiansdo Kapellen, hu bis ewell schonn ee puer dausend Leit opgeholl.

Matten dran an net just derbäi

Am hollänneschen Deel vu Saint-Martin (Sint Marteen) ware schonn e Méindeg Zaldote vu Curaçao an Aruba als Verstäerkung ukomm. Zaldote sinn och op den Insele St-Eustache a Saba agedeelt ginn. Zu Porto-Rico huet de Gouverneur d‘Nationalgarde mobiliséiert an d‘Ënnerstänn.

Iwwerall op den Inselen hunn d‘Leit sech mat Waasser, eppes z‘iessen a Batterien agedeckt. D‘Leit zu Saint-Martin, der Insel vun där een ausgeet dat se matten dran ass, sinn dann och besuergt. Zu Saint-Barthélémy hunn d‘Awunner d‘Beem ronderëm den Haiser geschnidden, d‘Fënster an d‘Dieren zougeneelt.

Vu Regierungssäit ass esouwäit alles ënnerholl ginn. E Krisestab ass aktivéiert an eng 60 héich Responsabel vun der Protection Civile op d‘Insele verdeelt ginn. Fir d‘Martinique heescht et „Alerte rouge“ dat virun allem wéinst engem geféierleche Mier. Den Niveau d‘Alerte fir Wand a Reen ass steet bei giel.

mam Laurent Czerniejewski, Saint-Martin an dem Cécile Azzaro, Paräis/AFP

Foto: © Jose Romero/NOAA/RAMMB/AFP

Related topics Antillen, Irma, Orkan, Saint-Barthélemy, Saint-Martin
Next post Previous post