Search

You may also like

An der Belsch wëllen se de Fouss vum Gas huelen
International Neiegkeeten

An der Belsch wëllen se de Fouss vum Gas huelen

Wann et eescht gemengt ass, bis 2030 den Ausstouss vun

Summer a Sonn genéissen – Entscheet dech richteg!
International Neiegkeeten

Summer a Sonn genéissen – Entscheet dech richteg!

Sonn tanken a vum Summer profitéieren, an dat am Beschten

„Ouni Angscht“: Barcelona néng Deeg nom Uschlag
International Neiegkeeten

„Ouni Angscht“: Barcelona néng Deeg nom Uschlag

Mat Blumen an der Hand… esou ginn haut dausende Spuenier

Orkan iwwer Europa

Stuermdéif Sabine/Ciara suergt fir eppes Chaos op de Stroossen, de Schinnen an an der Loft

Orkan iwwer Europa

Irland, Groussbritannien, d‘Belsch an och eis däitsch Nopere waren déi éischt, déi vum Orkan – dee jee no Géigend Sabine oder Ciara genannt gëtt – Iwwerall huet et Ausfäll beim Fluchverkéier ginn, de Schinneverkéier war och zolidd ageschränkt. Schied an Iwwerschwemmunge vervollstännegen de Chaos. Et ass den éischte Wanterstuerm fir dëst Joer…

Ganz batter ass et fir Irland a Groussbritannien: Staarkreen a Wandstéiss mat bis zu 150 Kilometer an der Stonn hu flächendeckend fir Stroumausfall gesuergt, Flëss sinn iwwert d‘Ufer getrueden an d‘Beem blockéiere Stroossen a Schinnen. D‘British Airways huet seng Cliente gebueden hir Flich vun oder a Richtung London ëmzebuchen an och Virgin Atlantic huet seng Flich ausgesat.

OrkanOch déi britesch Eisebunnsgesellschaft réit vun Zuchreesen of, d‘Fähren déi tëscht der Insel an dem europäesche Festland zirkuléiere sinn an den Häfe bliwwen. E Spëtzespill vun der Premier-League zu London an och den 10 Kilometer-Laf an der Haaptstad goufen ofgesot. Vill Parke goufe wéinst dem staarke Wand gespaart an d‘Queen huet hire Kierchgang zu Sandringham ausfale gelooss.

Zu Perth (Schottland) ass den Dach vun engem Pub agefall, dräi Persoune goufen heibäi blesséiert. An Irland hunn d‘Autoritéite virun Iwwerschwemmungen an der Küsteregioun gewarnt. Zu Galway goufen all d‘Veranstaltungen zu europäescher Kulturhaaptstad 2020 schonn e Samschdeg ofgesot.

Vun der Belsch bis bei d‘Fransousen

Och eis belsch Noperen haten aus Sécherheetsgrënn vill Sportveranstaltungen an all d‘Spiller vun der éischter Liga ausgesat. Um Fluchhafen zu Bréissel goufe vill Flich annuléiert. D‘Pompjeeë vu Léck kréien all dräi Minutten en Appell eran an hu schonn iwwer 700 Asätz gefuer. Ähnlech gesäit et zu Charleroi an Namur aus. Déi meescht Asätz betreffen ëmgefale Beem an Äscht op der Strooss.

An der „Province du Luxembourg“ ware 75 Pompjeeë quasi am Dauerasaz, eng 260 Mann goufen an der Reserve gehalen. Och hei hunn déi meescht Asätz ëmgefale Beem gegollt, esou wéi zu Hotton, wou ee Bam op e Bungalow gefall ass. Och Flandern ass net verschount ginn. Zu Antwerpen waren et nieft de Beem, d‘Chantieren déi de Pompjeeë schwéier Aarbecht bereet hunn.

OrkanBei eise franséischen Noperen – wou wéi bei eis den Héichpunkt fir haut de Muere respektiv de fréien Nomëtteg erwaart gëtt – sinn 42 Departementer an erhéichten Alarmbereetschaft gesat ginn. An de Vogesen gëtt mat Wandstéiss vun iwwer 140 Kilometer an der Stonn gerechent. D‘Regioune Loutrengen an Elsass hunn hire Bierger geroden doheem ze bleiwen a sech net a Gefor ze bréngen.

An den nërdleche Küsteregioune gëtt et scho Stroumausfäll an d‘Alarmbereetschaft besteet vum Finistère (Atlantik) bis an de Bas-Rhin (Elsass). Och am Frankräich sinn e sëlleche Veranstaltungen a Fussballsmatcher aus Sécherheetsgrënn ofgesot ginn. Zu Paräis gëtt et erhieflech Problemer am Eisebunn- a Fluchverkéier, an och hei ginn d‘Waasserstänn kontinuéierlech iwwerwaacht.

An Däitschland heescht d‘Ciara Sabine

De Wanterstuerm huet och wäit Deeler vun Däitschland voll am Grëff. Ëmgestierzte Beem, eng Rei blesséiert Persoune a massiv Verkéiersbehënnerunge sinn déi logesch Folleg. Déi däitsch Eisebunn (DB) huet gemellt, datt bis 10 Auer just Regionalzich – wou et méiglech ass – zirkuléieren. Vill Schoule loossen haut den Unterrecht ausfalen. Bis ewell awer hält sech de Bilan a Grenzen…

OrkanVum däitsche Wiederdéngscht zu Offenbach koum dann elo och d‘Informatioun, datt de Stuerm am Norden noléisst a sech d‘Kalfront aktuell vum Saarland a Richtung Berlin deplacéiert. Am Südoste gëtt d‘Onwieder géint Mëtteg erwaart. Nordrhein-Westfalen schéngt besser ewechkomm ze sinn: hei gouf et liicht blesséierter wéinst eroffalenden Äscht, mee gréisser Schied goufe keng gemellt.

Zu Saarbrécken sinn zwee Mënschen duerch en ëmstierzende Bam op der Parkplaz vum Klinikum Saarbrécken schwéier verwonnt ginn. Wann d‘Wiedermodeller stëmmen, sollt et an der Groussregioun awer bis an de Nomëtteg nees eppes méi gemälleg virugoen. Trotzdeem warnen d‘Experte viru Wandstéiss vu bis zu 90 Kilometer an der Stonn, déi nach bis muer unhale kënnen.

Wéi gesäit et zu Lëtzebuerg aus?

OrkanOch Lëtzebuerg ass net verschount bliwwen an hei gouf dann och den Noutfall-Interventiounsplang aktivéiert. Iwwer 200 Asätz fir de CGDIS an iwwer 130 Asätz fir d‘Stroossebauverwaltung huet de Stuerm gefuerdert. An deene meeschte Fäll geet ëm Materialschued an/oder ëmgefale Beem. Eng ganz Rei Stroossen hu misse gespaart ginn. Haut de Moie waren nach folgend Strecke betraff:

  • CR101 (Koplescht – Schëndels)
  • CR101 (Lëntgen, Fëschbecher-Strooss)
  • CR118 (Mëllerdall – Konsdref)
  • CR121 (Blummendall – Reilandermillen)
  • CR122 (Gonnereng – Roudemer)
  • CR154 (Alzeng – Syren)
  • CR176 (Déifferdeng – Roudenhaff)
  • CR176/177 (Zowaasch – Héiseng)
  • CR189 (Giewel – Simmerschmelz)
  • CR306 (Viichten – Groussbus)
  • N8 (Sëll – Kräizerbuch)
  • N23 (Maarteleng)
  • N28 (Hierheck – Groussbus)

Déi „rout“ Alerte gëllt dann och nach bis de Moien 9 Auer, duerno soll se op „Orange“ erofgesat ginn. Et soll zudeem nach weider masseg Ree ginn, firwat och virun Iwwerschwemmunge muss gewarnt ginn, d‘Pegelstänn sinn zur Stonn dann och um klammen, an dat deels ganz séier. De Moien um 4 Auer hat et dann och ënnert der Leedung vun der Inneministesch Taina Bofferding nach eng Sëtzung vun der Krisenzell ginn.

Et gëtt de Leit dann och geroden, wann et méiglech ass einfach doheem ze bleiwen an ze waarde bis de Stuerm sech nees geluecht huet. Dat ass fir déi meescht wuel net esou einfach a schlecht Wieder ass keng Entschëllegung fir net schaffen ze goen…<s

mat indymedia/lon

Foto: Ongemitterlech Zoustänn zu Brightlingsea (Essex). © Stephen Johnson

Related topics CGDIS, Ciara, Orkan, Sabine, Wanterstuerem
Next post Previous post