Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Alternatives: en neie Berodungszenter fir Kanner a Jugendlecher
free dating sites bay area

Alternatives: en neie Berodungszenter fir Kanner a Jugendlecher

Um Méindeg gouf zu Diddeleng de neie Berodungszenter vun der

https://moien.lu/who-is-kylie-jenner-dating-travis-scott/
free dating sites bay area

Mat Power of Peace géint d’Maueren an der Welt

Dem weltbekannte Gittarist Carlos Santana, dee kierzlech säi 70. Gebuertsdag

ROBLES Gastronomie a Restauratioun: Och no 65 Joer nach mat Häerz dobäi!
free dating sites bay area

ROBLES Gastronomie a Restauratioun: Och no 65 Joer nach mat Häerz dobäi!

Mat méi wéi 65 Joer Erfarung an der Restauratioun a

Osteopathie: Ab 2018 endlech unerkannt

Osteopathie: Ab 2018 endlech unerkannt

Et ass e verkannte Beruff, a vill schwätze gäre vum „Schënner“ mee vill Mënschen si frou datt et se gëtt: d‘Osteopathen. Laut dem Ministère wieren se zu hirer 60, sinn an engem Verband vereent an hu selwer gefuerdert, de Beruff ze reguléieren.

Dat war dann och e Versprieche vun der Regierung deem nozekommen, an d‘Gesondheetsministesch wëll dat och am Sënn vum Patient an der Professioun ëmsetzen. D‘Lydia Mutsch (LSAP) ënnersträicht dann och, datt d‘Qualitéit vun der Behandlung am Zentrum vum Gesetz soll stoen.

„Zudeem gëtt e gudde Grond“, esou d‘Ministesch „dat ass d‘Realitéit um Terrain“. An datt een d‘Professioun reglementéiert, bréngt net nëmmen dem Patient Sécherheet, mee och dem Osteopath selwer. Mat der Aschreiwung vum Osteopath an d‘Gesondheetsprofessioune besteet dann och Rechtssécherheet an d‘Behandlung sollt – zumindest partiell – vun der Krankekeess gedroe ginn.

Gutt iwwerluecht

Et ass awer och de néidege Wee, mat deem verhënnert ka ginn, datt een e Beruff ausüübt, deen e net geléiert huet. Dofir wäert et Obligatioune ginn, zumindest fir déi nei, wëll wien aktuell scho laang am Beruff dran ass soll dat och weiderhin dierfe maachen. Fir déi aner wéi gesot, wäert ee mindestens en Equivalent „Master“ musse virweisen.

Ganz interessant, de Fait, datt sech d‘Osteopathen an Zukunft all Joer musse 40 Stonne weiderbilden. An enger Transitiounsphas vu sechs Méint sollten dann och all déi Aktiv Osteopathen sech de Spillregelen ugepasst hunn. Dovunner wier och d‘Beruffsvereenegung vun de Lëtzebuerger Osteopathen (ALDO) iwwerzeegt.

E sensibele Beräich

Wichteg ass et och ze wëssen, datt d‘Osteopathie ee relativ sensibele Beräich vun der Medezin bleift, an och d‘Leit aus dem Beruff sech gewësse Restriktioune musse gefale loossen. Bei „Uwendungen“ am Kappberäich, oder awer och bei klenge Kanner, kann nëmme mam Accord vum Dokter geschafft ginn. Iwwerhaapt deet e gutt drun säin Hausdokter ëm Rot ze froen.

Et ass awer keng „Mussesaach“ an et dierf een och ouni Dokter bei den Osteopath goen. Deen ass awer gehalen, wann et dann indiquéiert ass, dem Patient zu engem Besuch bei engem Dokter ze roden..

Alles kann ee léieren

Hale mer nach fest, datt de Beruff virun allem eng Optioun fir Hiewanen, Kinesitherapeuten an och Infirmieren ass. Wien Osteopath wëll ginn, ass gutt beroden sech am Frankräich forméieren ze loossen. Do ass de Beruff schonn unerkannt a reglementéiert. Dat kann et eppes méi liicht maachen, wann ee bis esouwäit ass, datt ee d‘Equivalenz vum Diplom wëll ufroen.

De Gesetzprojet soll also bis spéitstens zum Fréijoer an d‘Chamber kommen, wa bis dohinner jidderee säin Avis ofginn huet an et net ze vill Ännerunge gëtt. D‘Lydia Mutsch ass bei dësem Punkt awer ganz zouversiichtlech. Et wier gutt am Virfeld geschafft ginn, déi meeschten Detailer erläutert an et géif europäesch Normen op déi ee sech ka beruffen.

Foto: (v.l.n.r.) Dr. Jean-Claude Schmit, Lydia Mutsch a Laurent Mertz © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Gesondheet, Gesondheetsministère, Lydia Mutsch, Osteopathie
Nächsten Artikel Virrechten Artikel