Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Dammefussball: SC Beetebuerg um eegenen Terrain „Souverän“
https://moien.lu/dating-fame-reddit/ Neiegkeeten

grace slick dating

Fir d‘Damme vum AS Rupensia Lusitanos aus der Fiels gouf

dating driffield
https://moien.lu/tammy-hembrow-dating/
https://moien.lu/dating-fame-reddit/ Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du d’Nordstad?

Och wann d‘Nordstad nach éischter eng Theorie wéi eng Tatsaach

Gemeinsam EU-Standarts fir gréng Investitiounen
https://moien.lu/dating-fame-reddit/ Neiegkeeten

Gemeinsam EU-Standarts fir gréng Investitiounen

An engem neie Communiqué vun der grénger EU-Deputéiert Tilly Metz

Fir d’moslemesch Communautéit huet den Trump de Fridde sabotéiert

Fir d’moslemesch Communautéit huet den Trump de Fridde sabotéiert

Um Mëttwoch hu moslemesch Leader d‘Welt opgeruff, Ostjerusalem als Haaptstad vu Palestina unzëerkennen. Dat wär dann d‘Äntwert op d‘Entscheedung vum Donald Trump Jerusalem als Haaptstad vun Israel ze erklären. De Sommet vun Istanbul war deemno „mouvementéiert“.

„Mir proklaméieren Ostjerusalem zur Haaptstad vu Palestina a ruffen all déi aner Länner op de Staat Palestina an seng besaten Haaptstad Ostjerusalem unzëerkennen“, esou de Communiqué nom ausseruerdentleche Sommet vun der OIC (Organisatioun fir Islamesch Kooperatioun) zu Istanbul.

Et ass keng nei Positioun, ugesicht der Tatsaach, datt vill arabesch-moslemesch Länner Ostjerusalem längst als Haaptstad vu Palestina unerkannt hunn.

„Mir verwerfen a veruerteelen op dat schäerfst, déi irresponsabel Entscheedung déi illegal an unilateral vum US-President getraff ginn ass, a Jerusalem als déi sougenannten Haaptstad vun Israel festleet“, esou de Communiqué weider.

Keng gutt Virlag fir de Fridden

Aus Communiqué ass dann och erauszeliesen, datt een dovunner ausgeet, datt d‘Entscheedung vum Donald Trump Fudder fir den Extremismus an Terrorismus ass. Et wier e Sabotageakt un allen Ustrengunge fir zu engem Fridden ze fannen. Den US-President géif sech géint de Fridden an d‘Weltsécherheet stellen.

D‘Leader vun der arabescher Welt hunn dann och däitlech gemaach, datt mat dëser „Entscheedung“, déi entgéint allen internationale Resolutioune getraff ginn ass, d‘USA och hire Rôle als Mediateur fir Friddensgespréicher opginn hunn.

„Déi amerikanesch Administratioun encouragéiert Israel, d‘Besatzungsmuecht, seng Koloniséierung, och d‘Apartheid an déi ethnesch Pürge an de säit 1967 besate Gebidder weider ze féieren“, esou de Communiqué weider.

Fir de President vun der OIC, den Recep Tayyip Erdogan, huet den Donald Trump eng zionistesch Denkweis. „D‘Zukunft vu Jerusalem kann net an den Hänn vun engem Land gelooss ginn, dat sech vum Blutt erniert, seng Grenze verréckelt an deem Kanner, Fraen an Zivilisten ermuerkst ginn“, esou den tierkesche President.

Ugespaante Rhetorik

De palestinensesche Leader, Mahmoud Abbas beschëllegt den Trump „Jerusalem als Kaddo un den zionistesche Mouvement iwwerreecht“ ze hunn. Hien huet dann och an enger Ried vu seelener Häert Israel an Amerika gewarnt, datt „et kee Fridden, keng Stabilitéit“ ka ginn, wann Ostjerusalem net als Haaptstad vu Palestina unerkannt gëtt.

Iwwerhaapt ass Israel, beim Sommet net gutt ewech komm. Den Erdogan, grousse Verdeedeger vun der palestinensescher Kausa huet a senger Ried, mat där de Sommet opgemaach ginn ass, Israel als „Besatzungsmuecht“ an als „Terroriste-Staat“ verkläert.

„Esou Deklaratiounen impressionnéieren eis net“, esou d‘Reaktioun vum israelesche Premierminister Benjamin „Bibi“ Netanyahu an enger Ried, nom Appell vun den OIC-Länner . „D‘Palestinenser wiere gutt beroden d‘Realitéit unzëerkennen a sech fir de Fridden, net fir den Extremismus, anzesetzen“.

An och wann et elo vill verbal Attacken a rhetoresch Dréiunge ginn huet, esou muss ee feststellen, datt aus dëser grousser „Versammlung“, wou déi meeschte Länner ënnert iergendenger Form eng Allianz mat den USA agaange sinn, keng konkret Mesure ervirgaange sinn.

Keng Eenheet

D‘Welt vun de Moslemen ass keng vun der Eenheet. Se sinn sech fir déi meescht selwer net geheier. Um Beispill vu Saudiarabien, datt mat den USA an d‘Bett geet, fir „sech staark géintiwwer dem Iran ze fillen“, selwer awer am Yemen Krichsverbrieche begeet an och den Terrorismus finanzéiert.

Och déi arabesch Liga, déi bei engem Meeting leschte Weekend, sech just mat enger verbaler Veruerteelung zefridde ginn huet, an Amerika opgeruff huet seng Entscheedung ze „iwwerdenken“. Anescht den Hassan Rohani, President vum Iran, dee ganz oppe bedauert huet, datt verschidde Länner mat den USA an dem zionistesche Regimm zesummeschaffen. Den Iran huet Israel ni unerkannt an huet net grad gutt Bezéiungen zu Saudiarabien.

Ënnert den Staatscheffen déi der Aluedung vum Erdogan nokomm sinn, wéi grad erwäänt, den Iraner Hassan Rohani, de Kinnek vu Jordanien Abdallah II, den Emir vum Katar Cheikh Tamim ben Hamad al-Thani an och de Libanes Michel Aoun.

De sudanesesche President Omar el-Béchir, dee wéinst dem Genozid am Darfour ugeklot ass, war grad esou do wéi de Venezuelaner Nicolas Maduro, deen zwar net Member vun der OIC, awer och kee Frënd vun den USA ass. Well d‘Stëmmung tëscht Egypten an der Tierkei grad net zum beschte steet, war hei „nëmmen“ den Ausseminister Sameh Choukry geschéckt ginn. Och Saudiarabien war duerch den Ausseminister Nizar Madani vertrueden.

mam Gokon Gunes/AFP

Foto: Den tierkesche President Recep Tayyip Erdogan huet d‘Welt opgeruff, Ostjerusalem als (besaten) Haaptstad vu Palestina unzëerkennen. De Mahmoud Abbas, President vu Palestina, huet d‘USA gewarnt, net weider an der Roll als Mediateur opzetrieden. © Yasin Akgul/AFP

Ähnlech Sujeten Israel, OIC, Ostjerusalem, Palestina, Recep Tayyip Erdogan, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel