Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – Haut scho Sushi gerullt?
Kultur Neiegkeeten

https://moien.lu/dating-in-de-buurt-app/

Et kéint een deelweis denken, et wier eng Erfindung vun

hookup 4 securesaferoute
Kultur Neiegkeeten

Gutt gefëllten Dagesuerdnung fir de Jean Asselborn beim EU-Ausseministerrot

Um Méindeg huet de lëtzebuergeschen Ausseminister zu Bréissel um EU-Ausseministerrot

Trump als Mann vu Fridde begréisst
Kultur Neiegkeeten

Trump als Mann vu Fridde begréisst

Et war eng kuerz Visite déi den amerikanesche President an

Östlund gewënnt d’Palme d’Or mat Statement géint Political Correctness

Östlund gewënnt d’Palme d’Or mat Statement géint Political Correctness

De Filmfestival vu Cannes gëtt mat enger riseger Iwwerraschung op en Enn. D’gëlle Palm fir de beschte Film gouf et fir de Film „The Suare“ realiséiert vum Ruben Östlund. De Film ee gehässegt Koméidistéck a wellechem d’Welt vun der Konscht an der „gudder“ Gesellschaft ad absurdum gefouert gëtt.

Den Östlund, dee 2014 de Präis vun der Jury an der Kategorie „Un certain regard“ mat „Snow Therapy“ gewonnen hat, ass domadder deen éischte Realisateur dee fir Schweden déi éischt gëlle Palm gewënnt. An „The Square“, deen an der leschte Minutt an de Concours opgeholl ginn ass, spillt den dänesche Schauspiller Claes Bang en Direkter vun engem Musée fir zäitgenëssesch Konscht, deen eng Ausstellung iwwer Toleranz a Solidaritéit virbereet. Dem seng Welt geréit aus der Fou, wéi him Handy a Portmonnie, am Ament wou hien enger Fra zu Hëllef kënnt, geklaut ginn.

Et ass ee formidabele Film an eng formidabel Equippe“, proklaméiert den Östlund an invitéiert der Public vum Festival am grousse Palais mat him vu Freed ze jäizen. A sengem Film, ee vun deene seelene dee duerch seng Komik fir Tréine gesuergt huet, wollt den Östlund mat gutt gewieltem Sarkasmus déi kleng a grouss Feigheete vun de kultivéierte Verméigende géinteniwwer de Migrante, Refugiéen a Strummerten, denoncéieren.

Hien huet dëse besonnesch lëschtege Film meeschterhaft realiséiert. Et handelt vu politescher Korrektheet, déi eng Diktatur ass, vläicht genee esou schrecklech wéi all Diktatur. Dësen eeschte Sujet ass mat enger onvirstellbarer Imaginatioun behandelt ginn“, kommentéiert de Pedro Almodovar.

An der zweeter Rei

D’Favorite „120 battements par minute“ vum Franzous Robin Campillo a „Faute d’amour“ vum Russ Adrej Zviaguintsev si wuel net eidel ausgaangen, mee de „Grand Prix“ fir de Campillo an de „Prix du Jury“ fir de Zviaguintsev kann een als Trouschtpräisser betruechten. Hir Sujete waren ergräifend an aktuell, sinn absolut als Referenz vum Genre unzegesinn, mee konnten zu gudder Lescht net d’Hoffnungen déi se erwächt haten, erfëllen.

Fir eng weider Iwwerraschung, während de Film u sech éischter mat Zréckhalen opgeholl gi war, huet d’Amerikanerin Sofia Coppola gesuergt. Mat „Les Proies“ dee sech am amerikanesche Biergerkrich ofspillt (ee Remake vum Don Siegel sengem 1971 gedréite Wierk) kritt Si de Präis fir déi beschte „mise en scène“ mam Nicole Kidman an dem Colin Farrell.

Dräi weider Frae konnten sech och nach an de Palmarès aschreiwen. Esou d’Nicole Kidman mam „Prix special“ fir de 70. Anniversaire vum Festival. D’Diane Kruger aus Däitschland erhält de „Prix d’interprétation féminine“ an „The Fade“ vum Fatih Akin. D’Realisatrice Lynne Ramsay (You never were really here) deelt sech de „Prix du scénario“ mam Griich Yorgos Lanthimos, Auteur vum „La mise à mort du cerf sacré“. De „Prix d’interprétation masculine“ geet un de Joaquin Phoenix.

Wéi erwaart sinn d’Produktioune vun Netflix net am Palmarès erschéngen. Mat sengen zwee Filmer, fir déi Netflix vun Ufank u kloer gemaach hat, datt se net an de Kinossäll géife gewise ginn, hat sech déi amerikanesch Plattform selwer diskreditéiert an huet déi vum Pedro Almodovar ugekënnegt Quittung kritt. En Thema deen awer sécherlech nach fir Diskussiounen dierft suergen.

mam Aurélie Mayembo an dem Nicolas Pratviel (AFP)

Foto: De schwedeschen Direkter Ruben Östlund mat senger gëlle Palm bei der Ofschlossfeier vum 70. Filmfestival zu Cannes © Alberto Pizzoli/AFP

Ähnlech Sujeten Cannes, Film, Kultur, Netflix
Nächsten Artikel Virrechten Artikel