Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

USA: Schéisserei an der Synagog zu Poway
chanyeol dating rumours https://moien.lu/gay-dating-sites-indianapolis/

good manners dating

Zu Poway (Kalifornien) enger amerikanescher Klengstad bei San Diego, ass

https://moien.lu/dating-profile-example-for-man/
chanyeol dating rumours https://moien.lu/gay-dating-sites-indianapolis/

Vill mam Auto ënnerwee? Da kenns du bestëmmt eis Nationalstroosse gutt!

Hei teste mer däi Wëssen, wat d’Nationalstroossen ugeet. Wéi gutt

D’Weltgeschicht an 20 Minutten? Kee Problem!
chanyeol dating rumours https://moien.lu/gay-dating-sites-indianapolis/

D’Weltgeschicht an 20 Minutten? Kee Problem!

Et ass schnell eriwwer, wann een sech nëmmen op di

Verdriwwen a gejoht erliewe Migranten zu Ouistreham eng nei Hell

Verdriwwen a gejoht erliewe Migranten zu Ouistreham eng nei Hell

Ee Joer nodeems den Dschungel vu Calais „opgerappt“ ginn ass, liewen eng 80 bis 100 Afrikaner an der fiichter Keelt vum Hafen zu Ouistreham am Departement Calvados. Dank de Spende vun den Awunner an trotz der systematescher Gängelung duerch d‘Autoritéiten, déi al Form vu „Camp“ wëlle verhënneren, halen se aus.

„Et ass d‘Hell. Déi lescht Nuecht konnte mer net am Bësch schlofen, et huet déi ganzen Zäit gereent. Mee ëmmer wa mer versicht hunn iergendwou an der Stad ënner ze kommen, waren och schonn d‘Gendaarmen do fir eis ze verjoen. Si maache wat een hinne seet, mee mir hunn déi ganz Nuecht keen Aen zou gemaach“, erzielt de Badr, e Sudanes vu 25 Joer deen erkläert et all Dag op e neits ze probéieren u Bord vun enger Fähr ze gelaangen.

Hannert dem Badr, eng déck Dose Benevoller, vun dëser Stad déi knapp 9.000 Awunner zielt. All gutt beschäftegt, wéi se et zwee mol an der Woch maachen, de Migranten Iessen auszedeelen, an deenen déi et brauche medezinesch Hëllef ze leeschten.

Dat erkläerten Zil: Groussbritannien

Déi meescht si Sudanesen, si geeschteren an de Stroossen vum 2.gréisste franséischen Hafen (am Bezuch op d‘Passagéieropkomme vun a no Groussbritannien) ëmhier. Dräi Fähre fueren hei all Dag a Richtung Portsmouth.

Et ass ee wäit vu Calais, wou et all Dag 40 Fähre sinn an d‘Prefektur nach eng 450 Migranten zielt. Mee an der klenger normannescher Küstestad waren se virun engem Joer kaum ze gesinn, wéi den Dschungel vu Calais, déi „improviséiert“ Barackesiidlung, ofgerappt huet.

Hei zu Ouistreham, fannen d‘Migranten déi Deeg wou et net reent, am kleng Bësch, deen am Agang vun der Stad geleeën ass, en „Ënnerdaach“. Dësen Donneschdeg stinn se zou véiert ronderëm engem Feier, fir sech wéinstens ee bësschen am äisege Reen opzewiermen.

Ënnert hinnen, den Ahmad, och ee jonke Sudanes. Hien erzielt eiser AFP-Korrespondentin: „Hei ass et batter Kal an d‘Liewen ass haart. D‘Fransousen si ganz frëndlech eis géinteniwwer, mee d‘Autoritéite sinn stänneg hannert eis hir“. E puer Schrëtt méi wäit schléift e fënneften ënnert enger Baatsch.

Wann déi kommunal Déngschter an zwee Gendaarmen an dëst klengt Stéck Bësch kommen, ginn d‘Migranten hinnen aus de Féiss. Et brauch och net laang fir déi puer Habséilegkeeten, Decken a Schlofsäck, hannen an den Drecksauto ze verfrachten. Alles Saachen déi ëmmer erëm an op e Neits aus dem Keller vum Kollektiv fir Migranten-Hëllef vun Ouistreham (CAMO) verdeelt (musse) ginn.

Keng Hoffnung opkomme loossen

Wann et och richteg wier, datt „d‘Migranten zum ganz groussen Deel keng Problemer a punkto Aggressivitéit maachen (…) esou steet net zur Debatt datt et a menger Gemeng zu engem nohaltegen Openthalt ka kommen (…) et géif ee just weider Kandidaten unzéien“, erkläert de Buergermeeschter Romain Bail (LR).

Hien huet dann och en Dekret verfaasst, deen de Zougang zum Terrain verbitt, deen elo ofgeholzt gëtt fir e Camp ze verhënneren. Och d‘Zuel vun de Gendaarmen ass sensibel eropgesat ginn. Säit Mëtt-November sinn se zu hirer 100, dovunner 50 sougenannt „mobil“ Gendaarme vu Calais.

Ouistreham

Bei engem klenge Bësch onwäit vun Ouistreham, sichen d‘Migranten, déi meescht vun hinnen aus dem Sudan, Schutz. Bei engem Feier gëtt sech, esou gutt wéi et ebe geet, gewiermt. © Charly Triballeau/AFP
Migration is a big issue in Europe and politicians are under pressure to bring down the number of asylum seekers after hundreds of thousands of migrants flooded the continent since 2015.
/ AFP PHOTO / CHARLY TRIBALLEAU

Se huelen hinnen d‘Decken, d‘Schlofsäck an esouguer hiren Telefon of. Dat ass renge Mobbing. Déi Männer hu Schlëmmeres gesinn an erlieft, hir Komeroden hunn doudeg um Mier gedriwwen, mee et ass keng Aart a Weis. Et ass dramatesch“, esou de Michel Martinez, e vun de Matbegrënner vu CAMO.

D‘Kollektiv beschëllegt esouguer verschidde mobil Gendaarme punktuell iwwer d‘Sträng ze schloen (wéinst dem Asaz vun Tréinegas). Mee d‘Prefektur stéiert sech net drun a verséchert, datt alles am Aklang mam Gesetz vu sech geet. Och gëtt däitlech drun erënnert, datt d‘Migranten hiert Liewen op d‘Spill setzen, wa se sech illegal u Bord vun enger Fähr schläichen.

Erhéngeren oder erfréieren, béides kann een net zouloossen

A well soss kee wëll zoustänneg sinn, „këmmeren sech d‘Awunner dorëms. Maache wat néideg, wat méiglech ass, fir datt déi Mënschen net erhéngeren oder erfréieren“, bedauert de Michel Martinez.

Hien, deen nach betount, datt verschidden Associatiounen, dorënner och d‘CAMO, eng einstweileg Verfügung erwierke wëllen. Déi eenzeg Méiglechkeet vum Staat ze erwierken, sanitär Anlagen, wéi zu Calais ze installéieren.

Richteg ass et och, datt et Awunner gëtt, déi de Migrante feindlech géinteniwwer stinn „mee all Dag tëscht 15 an 20 Auer bleiwen Autoe viru menger Dier halen. Se bréngen dat néidegt, z‘Iessen an Decke fir d‘Migranten“, gëtt och de Buergermeeschter ze bedenken, dee net wäit vun engem „Treffpunkt“ wunnt.

D‘Sandrine Simon, eng Fëschhändlerin déi hire Stand net wäit ewech vum Terminal huet, arrangéiert sech och, wéi se kann, fir ze gi wat se ka ginn. „Se siche Waasser fir sech ze wäschen, Stroum fir den Handy ze lueden“ erzielt si eis.

mam Chloé Coupeau/AFP

Foto: Net wäit ewech vu Caen, kucken zu Ouistreham Migranten duerch den Drot. (Hei en Archivbild vum 30. Oktober) De Buergermeeschter wier hinne gäre lass, an d‘Gendaarme ginn och net zimperlech mat hinnen ëm. Mee si wëllen no Groussbritannien an et kritt een se net ofgehalen. © Charly Triballeau/AFP

Ähnlech Sujeten Caen, Calais, Calvados, Groussbritannien, Migranten, Ouistreham
Nächsten Artikel Virrechten Artikel