Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

BENU Village – ee Beitrag zur Kreeslafwirtschaft
Neiegkeeten

BENU Village – ee Beitrag zur Kreeslafwirtschaft

Am spéide Mëtteg hat den Direkter vum BENU Village, de

Labour Day zu Lëtzebuerg: „E gudden Dag fir e Bléck an d‘Zukunft“
Neiegkeeten

Labour Day zu Lëtzebuerg: „E gudden Dag fir e Bléck an d‘Zukunft“

Den amerikanesche „Labour Day“ – datt ass eppes wéi eisen

Ultrakonservativen Nationalist Favorit bei Parlamentswahlen an Israel
Neiegkeeten

Ultrakonservativen Nationalist Favorit bei Parlamentswahlen an Israel

Wann haut an Israel d‘Wahlbüroen hir Dieren opmaachen, an d‘Israelien

Ouni Chantiere gëtt et keng Stadentwécklung

Ouni Chantiere gëtt et keng Stadentwécklung

Eis Haaptstad wiisst, demographesch a wirtschaftlech. Dat bedeit awer, datt d‘Infrastrukturen och, a méiglechst am gläiche Rhythmus, un déi nei Fuerderunge mussen ugepasst ginn. D‘Devisë fir Renovéierungsaarbechten an d‘Upassung vun Infrastrukturen waren de roude Fuedem vum Stater Gemengerot.

Op esou munchen Awunner vun der Stad Lëtzebuerg kommen ustrengend Zäiten duer. Mam Projet, deen sech der Erneierung an dem Ausbau vun de ënnerierdesche Reseauen unhëlt, kommen e puer ëmfangräich Chantieren op se duer. A wien sech bis heihinner iwwert d‘Aarbechte wéinst dem Tram beschwéiert huet, kritt hei nach emol seng Gedold op d‘Prouf gestallt.

Et verhält sech nämlech esou, datt d‘Stad Lëtzebuerg sech virgeholl huet, well d‘Aarbechte vum Tram esou gutt virukommen, vun der Geleeënheet ze profitéieren. Um Verlaf vun der Tramslinn, sollen esou d‘Leitunge vum Drénkwaasser an dem Ofwaasser ersat ginn. A wa schonn d‘Lach op ass, soll och direkt de Glasfaserreseau verluecht ginn.

Dovunner betraff ass d‘Streck vun der Stäreplaz bis op d‘Garer Plaz. D‘Aarbechte fir den Tronçon Stäreplaz/Paräisser Plaz (Montant vun 6,6 Milliounen Euro) gi vun der Entreprise „Luxtram“ duerchgefouert. E Projet dee vum Gemengerot eestëmmeg, an esou wéi virgestallt, ugeholl ginn ass.

Ëmdenken heescht Ëmsteigen

Mat dësen Aarbechten, déi fir grouss Chantiere wäerte suergen, gëtt de Leit, déi sech och an der Stad net vun hirem Auto trenne kënnen, zolidd eppes ofverlaangt. Et geet schonn ënner normalen Ëmstänn kaum virun, dat well d‘Stroossen net nëmmen an de Stousszäiten iwwerlaascht sinn. Et heescht also: entweder vill Gedold matbréngen oder den ëffentlechen Transport notzen.

Woubäi dat mam ëffentlechen Transport och net méi einfach gëtt. Während den Aarbechten, a bis d‘Busgare op der Stäreplaz fäerdeggestallt ass, ka kee Bus d‘Charly‘s Gare (Ave. Emile Reuter) bedéngen. Vun der Stäreplaz an de Stadzentrum dierft et ze Fouss dann am séierste goen. Oder et hëlt een ee vun de Busser, déi iwwert de Blvd. Groussherzogin Charlotte ëmgeleet ginn.

D‘Buergermeeschtesch huet drop higewisen, datt an dësem Kontext verschidden Horaire mussen ugepasst oder verännert ginn. Dat an éischter Linn fir all deenen, déi den ëffentlechen Transport notzen, ze garantéieren, datt si och hir Korrespondenz erreechen. Déi nei Zäitpläng soll et ab dem 15. September, pünktlech zur Schoulrentrée, ginn.

Well et am Bezuch op d‘Stäreplaz, besonnesch wéinst dem Passage „Areler Strooss“ bei den Aarbechten net am Dag zu ze grousse Behënnerunge komme soll, dierft hei eng Nuetsschicht ufalen. D‘Lydie Polfer (DP) ass iwwerzeegt, datt d‘Awunner vum Quartier net iwwer Mooss belästegt ginn.

Et gëtt méi Waasser gebraucht

Wa vun Infrastrukture rieds ass, geet et och ëm d‘Waasserversuergung. Méi Awunner a Betriber suerge fir en erhéichte Verbrauch, an dee muss séchergestallt ginn. De Bau vun engem neie Waasserreservoir um Lampertsbierg, deen direkt nieft deem ale Waassertuerm opgeriicht gëtt, soll 2,6 Milliounen Euro kaschten. Den Devis ass eestëmmeg ugeholl ginn.

D‘Schäffin fir d‘Infrastrukturen, Simone Beissel (DP), huet ënnerstrach, datt mat dësem Projet, der demographescher Entwécklung Rechnung gedroe gëtt. Laut eng enger Etüd, esou d‘Simone Beissel, soll de Waasserverbrauch an de Quartiere Belair, Hollerech a Märel, déi iwwert dëse Waassertuerm gespeist ginn, vun eppes méi wéi 500.000 m³ aktuell op iwwer 700.000 m³ klammen.

Den ale Waasserreservoir aus dem Joer 1886 muss weechen – awer net ganz! D‘Fassade vum Gebai soll erhalen, an de Bau an den Inventaire vun den historesche Gebaier opgeholl ginn. De bestoenden Tank, gëtt duerch zwou „Bidden“ mat engem Inhalt vu jee 900 m³ ersat. D‘Ajoute vun engem drëtten Tank gëtt beim Bau berécksiichtegt. Esou soll op en erhéichte Besoin kënne reagéiert ginn.

Ofgerappt gëtt den ale Bau am Abrëll 2019, an dee neie soll schonn am September 2020 operationell sinn. Wat d‘Spillplaz um Fouss vun dësem historesche Gebai betrëfft, esou bleift déi erhalen. Si soll awer iwwerduecht a méi modern ginn.

Déi Gaasperecher Pompelstatioun vergréisseren

Well d‘Pompelstatioun „Drosbach“ zu Gaasperech och hir Grenzen erreecht huet, ass ee Méindeg am Gemengerot iwwert enger Erhéijung vun de Kapassitéiten ofgestëmmt ginn. D‘Pompelstatioun déi beim Rondpoint Gluck geleeën ass, gëtt säit 1997 bedriwwen. Hei ginn d‘Ofwaasser vu Gaasperech, der Cloche d‘Or a vu Leideleng an d‘Kläranlage weidergeleet.

Aktuell huet d‘Pompelstatioun „Drosbach“ eng Kapassitéit vun 130 Liter/Stonn. Mam Ubau vu fënnef neie Pompelen, soll d‘Kapassitéit op 300 Liter/Stonn erhéicht ginn. De Conseiller Carlo Back (déi gréng) huet drun erënnert, datt aktuell all Joer 7,8 Milliounen m³ Waasser an der Stad verbraucht ginn. Den Devis iwwer 1,5 Milliounen Euro ass eestëmmeg ugeholl ginn

Ähnlech Sujeten Chantieren, Gemengerot, LuxTram, Stad Lëtzebuerg, Waasser
Nächsten Artikel Virrechten Artikel