Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Britesche Premier wëll Neiwahlen
free dating website for singles Stories

https://moien.lu/dating-guys-10-years-younger/

Et war en interessant Interview, dat de britesche Premierminister Boris

dating after starter marriage
hookup spots lubbock
free dating website for singles Stories

Den Duerchbléck am Label-Dschungel

Promotioun vun de Landwirtschaftsproduiten ass dem Landwirtschaftsminister Fernand Etgen ee

dating after starter marriage
Éischt Erfolleger bei Bekämpfung vun der Laangzäitaarbechtslosegkeet
free dating website for singles Stories

Éischt Erfolleger bei Bekämpfung vun der Laangzäitaarbechtslosegkeet

Den Aarbechtsminister Nicolas Schmit, huet um Freideg zu Wolz an

Ouni Dialog wäert et zum Sträit kommen

Gewerkschafte vereent fir d‘Patronat un de Verhandlungsdësch ze zwéngen

Ouni Dialog wäert et zum Sträit kommen

An a ronderëm de Park Hotel Alvisse zu Dummeldeng ass gëschter Owend näischt méi gaangen, wat dem Appell vun den dräi Gewerkschaften – CGFP, OGBL an LCGB – geschëlt war, déi zur grousser Maniff fir ee fortschrëttlecht Aarbechtsrecht opgeruff haten. Eng 1.500 Membere vun de genannte Gewerkschafte waren dësem Appell nokomm.

Firwat esou en Opruff? Ma d‘Gewerkschaften denoncéieren déi offensichtlech salariatsfeindlech Aktivitéite vun der UEL a méi besonnesch de Beholl vun hirem President Nicolas Buck. Un deem huet de LCGB-President Patrick Dury kee gutt Hoer gelooss: et wier en inkompetente Personnage! Ugesiichts der Aart a Weis wéi se bei UEL an der lescht kommunizéieren, duerchaus verständlech.

Net ze vergiessen, datt et d‘Vertrieder vun der UEL waren, déi den 18. September den „Permanente Comité vun der Aarbecht a Beschäftegung“ (CPTE) – an deem nieft de Gewerkschaften och nach d‘Regierung vertrueden ass – verlooss hunn. De Nicolas Buck a seng traureg Geselle behaapten sech drop, datt den Tripartite-Model 40 Joer laang dem Patronat nëmme Verloschter bruecht huet.

Dat ass zwar glat gelunn, mee iergend en Argument muss ee jo ervirbréngen. An dozou mengt den André Roeltgen, President vum OGBL: „Nach ni a senger Geschicht huet d‘UEL sech esou oppe vum soziale Partenariat distanzéiert“. An de CGFP-President Romain Wolff freet sech, wat et soll bréngen, sech vun engem Model ze trennen, deen alle Parteien nëmme Virdeeler bruecht huet?

Et muss een et positiv ugoen…

Fir de Romain Wolff ass et (wuel eppes ironesch ënnerstrach) awer och d‘Geleeënheet gewiescht dem „grousse Patron“ ze gratuléieren. Deem wier et schliisslech gelongen, déi dräi maassgeeblech Gewerkschaften am Land ze vereenen, wat eigentlech eng „Konscht fir sech ass“. An dës „Unioun“ sollt der UEL ze denke ginn, och wann dat elo erwisenermoossen net hir gréisste Stäerkt ass.

Den André Roeltgen weist dann och drop hinn, datt wien sech dem Dialog mat de Gewerkschafte verschléisst kee Sozialpartner ass, an dat wie kee Sozialpartner ass, sech zum Feind vum Salariat erkläert. Gett awer de soziale Kompromëss gestéiert, ass et och mam soziale Fridde séier gedoen. Wann se bei der UEL bereet sinn d‘Ausmooss vun de Konsequenzen ze droen, da kann et lass goen.

Nach steet de Gewerkschaften hir Dier op, woubäi et ufänkt mat „zéien“ wat ëm dës Joreszäit net ubruecht ass. A wann d‘Patronat sech net endlech begannt an un de Verhandlungsdësch zréckfënnt, kéint d‘Dir an d‘Schlass falen an zu anere „Mëttel“ gegraff ginn. Wat een dorënner ze verstoen huet gouf net mat aller Däitlechkeet zum Ausdrock bruecht, mee datt et wäert wéi doen ass gewosst.

Net den Aascht ofseeën op deem ee sëtzt

Elo fuerderen d‘Gewerkschaften dann och en „accentuéiert Streikrecht“ an erwaarden sech och vun der Regierung sech an dësem Konflikt ze positionéieren. Dat awer wëlle ganz besonnesch déi vun der DP net esou, ëmmerhin ass et hir liberal Clientèle déi hei vun de Gewerkschafte „kujenéiert“ gëtt. D‘Gewerkschaften hirersäits stellen sech hannert den Aarbechtsminister Dan Kersch (LSAP).

Si bedaueren, datt d‘Koalitiounsregierung dësem wéineg „Solidaritéit“ signaliséiert. Wann déi aner Regierungsmemberen den Aarbechtsminister am Ree stoe loossen, stäipen si eesäiteg d‘UEL a maachen sech matschëlleg un engem méigleche Sozialkonflikt, esou d‘Gewerkschaften. Déi sinn dann och weiderhi bereet ouni Reserven d‘Verhandlunge vir en Aarbechtsrecht 4.0 opzehuelen.

Déi nächst Sëtzung vum CPTE soll den 2. Dezember stattfannen, an dat ass dann och den Datum dee vun de Gewerkschaften als „Ultimatum“ gesat gëtt. Sollten de Nicolas Buck a seng Geselle bis dohinner de Buedem ënnert de Féiss net erëmfonnt hunn, dierft ee mouvementéierte Joreswiessel ustoen. Et hänkt also den Ament alles dovunner of, wéi sécher sech déi vun der UEL fillen…

D‘UEL gesäit sech als Affer

Elo kann een awer zum Deel erkläre firwat de Patronatsverband – deen am eigentleche Sënn net wierklech Patronen, mee Aktiëgesellschafte vertrëtt – wéineg Problemer huet et zum engem zolitte Sozialkonflikt kommen ze loossen. Déi wou sech hei dem Dialog verweigeren, riskéieren net dat eegent Geld ze verléieren an hir Aktionäre fuerdere schliisslech och de maximale Profit.

Well de neien UEL-President awer och d‘Wirtschaftsinteresse vum Land muss behäerzegen, ouni dat seng liberal Famill him géif op d‘Fangere klappen, beméit hie sech d‘Aussoe vun de Gewerkschaften ze relativiséieren a schwätzt vun engem „semantesche Problem“ woumatter awer gemengt ass, datt et eigentlech den Entreprise misst iwwerlooss sinn wéi ee verhandelt.

Datt hie virun déck enger Woch de Bertelsmänner um Kierchbierg erzielt huet, datt et net d‘UEL ass déi de sozialen Dialog a Fro stellt – dee géif an de Entreprisen a „sektoriell“ gutt funktionéieren – mee et d‘Gewerkschafte sinn, déi sech weigeren op nationalem Niveau de Konsens ze fannen, ass zwar eppes gewot, passt awer bei de Personnage. Hie wëll sech de krich net erkläre loossen…

En Argument wéi en anert

Datt d‘UEL de Verhandlungsdësch verlooss hätt soll dann och dem Fait geschëlt sinn, datt sech d‘Gewerkschaften net un d‘Spillregelen halen. De „Permanente Comité vun der Aarbecht a Beschäftegung“ hätt zum Zweck engersäits iwwert d‘Beschäftegung ze diskutéieren, also iwwert d‘ADEM an de Chômage; an anersäits iwwert d‘Aarbecht an d‘Aarbechtsinspektioun.

„Et ass net déi richteg Plaz fir politesch Dossieren ze beroden oder ze diskutéieren“, esou den UEL-President, dee sech vum Minister erwaart, datt wa schonn iwwert en neit Aarbechtsrecht soll befonnt ginn, dëse mat alle Acteuren – also Gewerkschaften a Patronat – separat ze schwätzen hätt. De CPTE wier net geduecht fir d‘Moderniséierung vum Aarbechtsrecht ze debattéieren.

Interessant heibäi: den Nicolas Buck recommandéiert de Gewerkschaften deen Zirkus ze beendegen deen hien héchstperséinlech lassgetrëppelt huet. D‘Membere vun der UEL hätten elo 40 laang ënnert der Fuchtel vun de Gewerkschafte gelidden a vill Geld dobäi verluer. Zuelen déi dat awer kéinte beleeë gëtt et keng. Elo hu se 2 Wochen Zäit an sech ze goen an den Challenge unzehuelen.

Foto: Déi dräi hei, also den CGFP-President Romain Wolff, de LCGB-President Patrick Dury an den OGBL-President André Roeltgen, wieren nach ëmmer bereet sech mat de Vertrieder vun der UEL an der Regierung am Kader vum „Permanente Comité vun der Aarbecht a Beschäftegung“ (CPTE) iwwert d‘Aarbechtsrecht 4.0 ze ënnerhalen. Erzwéngt d‘UEL awer de soziale Konflikt, da musse si sech op eppes gefaast maachen.

Ähnlech Sujeten Aarbecht, Aarbechtsrecht, Accord, CGFP, Employeur, Kollektivvertrag, LCGB, OGBL, Parc Hotel Alvisse, Patron, Patronat, Protestmanifestatioun, salariatsfeindlech Handlung, Salariatskummer, Salarié, Sozialdialog, UEL, Verhandlung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel