What the Fakt – De René Magritte koum haut virun 120 Joer op d’Welt!
„Ceci n’est pas une pipe“ – wien kennt et net?
„Ceci n’est pas une pipe“ – wien kennt et net?
Den 12. Juli gëtt iech d’Kulturfabrik Rendezvous mat der éischter
Et gëtt dausend gutt Grënn fir en Tour iwwert d’Schueberfouer
Nodeems de Stater OUNI een immense Succès erliewen duerft, ass et elo och am Süden endlech esou wäit ze beweisen, datt Verpackungen onnéideg, een entschleunegt Akafserliefnis dofir ëmsou méi essentiell ass. Op 100 Quadratmeter Verkafsfläch ginn ronn 900 Produiten ugebueden. Dobäi ass de Prinzip ganz einfach: Bréngt Är Glieser, Dëppercher a Stoffsäck mat, weit se virum Befëllen of an zerwéiert Iech uschléissend un den zuelräiche Bokaler mat den dréchene Produiten, lassenem Uebst a Geméis oder och Kéis vun der Téik.
Ëm déi eege Reflexioun kënnt een allerdéngs net dolaanscht. Et ass vu Virdeel sech am viraus ze froe, wat a wéi vill ee wierklech braucht, wat een uschléissend domat ustellt a wéi eng Behälter een dofir apäckt. Sief et elo den éischte Besuch am OUNI oder Froen zum Oflaf, respektiv engem Produit, da steet engem hëllefsbereet Personal gären zur Säit. Si beweisen, datt een net einfach just verkeeft, mee d’Wuer bis an den Detail kennt.
©Martine de Lagardère/moien.lu
Dem Gérant Joshua Streitz, grad emol 24 Joer jonk an Meeschter a sengem Wierk, war et schonn ëmmer vu grousser Bedeitung, datt de Client all Produiten an engem Geschäft fënnt an ee sech de reale Besoinen upasst. Seng Beschreiwung vum entschleunegten Akfaserliefnis dréit sech virun allem dorëm, datt den OUNI zur Plaz vun der Zesummekonft gëtt, een gemeinsam bei enger Taass Kaffi potert an gläichzäiteg vu Liewensmëttel, iwwert Hygiènsartikelen bis hin zu Alldagsgéigestänn kafe kann.
„OUNI ass ee Liewensstil“, erkläert de Joshua Streitz. „D’Schéinheet vum Geschäft spiggelt de Wonsch vu wëlle, gesonde Produiten fir eis Mënschen a fir eise Planéit unzebidden – ouni Verpackungen, ouni Konschtstof, ouni Offall…ouni Problemer! Duerch Schéinheet ka Verännerung stattfannen!“
Wien am OUNI, respektiv an der Cooperative, déi mëttlerweil méi wéi 1300 Memberen zielt, schafft, lieft d’Konzept. Aus dësem Grond ass een net op den Profit, mee op d’Verbreedung vun der ekologescher Denkweis, dem gemeinsamen Handelen an d’Bewosstsinn fir de Produit aus. Beweisen konnt een dës Tatsach schonn eleng duerch déi Honnerte Fräiwëlleger, déi zënter Méint Dag an Nuescht un der Realisatioun vum Projet aktiv matgewierkt hunn.
©Martine de Lagardère/moien.lu
Mat immensen Enthusiasmus a Passioun, Fläiss an haarder Aarbecht konnt een d’Zil esou just pünktlech zur Erëffnung erreechen. Der ganzer Ekipp un äifrege Beien, wéi och der Cooperatioun a virun allem Transitioun Diddeleng seet de Joshua an dësem Kader Merci fir d’Ënnerstëtzung an den Asaz. Jiddweree vun eis kann duerch kleng Aktiounen an een konsequent Ëmdenke säi Beitrag zu enger méi ekologescher Welt, manner Plastik a Liewensmëttelverschwendung, wéi och zum Ëmweltschutz bäidroen. Elo ass et un Iech: Mat OUNI gëtt Akafen nees zum Genoss!
Fotoen: Martine de Lagardère/moien.lu