Glow-Up – Wéi al Behälter zum Liichte bruecht ginn!
Eng weider kreativ Iddi kënnt aus dem Lycée Michel Lucius!
Eng weider kreativ Iddi kënnt aus dem Lycée Michel Lucius!
Mam Buch Uncover – Die Trollfabrik (Loewe Verlag) trëfft den Auteur
Um Site Pirmesknupp bei Kauneref ginn archeologesch Ausgruewungen ënnerholl, an
Eréischt leschte Samschdeg huet den zweeten OUNI, dës Kéier zu Diddeleng, seng Dieren opgemaach. Duerch déi rasant Ausbreedung vum neiaartege Coronavirus COVID-19 an de strikte Moossname vun der Regierung, huet d’Cooperative all seng Méiglechkeeten a Kraaft zesummegeluecht, fir deenen ënnert d’Ärem ze gräifen, déi Hëllef benéidegen.
Och zur Zäite vun der Coronakris kann ee bei den Akeef op Verpackunge verzichten. A grad elo, wou Ressource gespuert musse ginn, sollt d’Konzept vun de Geschäfter ouni onnéideg Plastiksverpackungen sech duerchsetzen. D’Dieren zouzemaachen ass dofir keng Optioun fir d’Ekipp.
Opgrond vun der aktueller Situatioun, wäerten d’OUNI-Geschäfter zu folgenden Zäiten op hunn:
Aktuell bitt den OUNI Liwwerungen am ganze Land un, fir esou och an dësen schwéieren Ëmstänn nohalteg versuergt ze ginn. Fir vum Service profitéieren ze kënnen, ass folgend Telefonsnummer ageriicht ginn:
28 12 56 20
Eng Lëscht mat alle Produiten, fannt Dir HEI. Dir rufft un, si këmmere sech ëm de Rescht. An dësem Kader nach ee Message vun der Ekipp: „Passt op iech op a bleift gesond!“
Opmaacherbild: © OUNI Coop / Facebook