Verfassungsreform: Alt nees eng Phas zum Ofschloss bruecht
Um Dënschdeg hunn d‘Membere vum Ausschuss zur Revisioun vun der
Mat der 6er Editioun vun der „Nuit de la Culture“
Déi amerikanesch Justiz huet Groussbritannien op en neits opgefuerdert de
Dobäi sinn dës Zuele méi niddreg, wéi nach am Joer 2016 an 2015. Allerdéngs ass dëst net déi heefegst Strofdot, déi d’Police bei hire Kontrolle fënnt. Tatsächlech waren an de leschten dräi Joer op mannst 1.000 Persounen, déi keng gëlteg technesch Kontroll haten.
Dëst ergëtt sech aus den Statistiken, déi bei der Äntwert vum Justizminister Felix Braz (déi gréng) an dem Inneminister Etienne Schneider (LSAP) op dem Deputéierten Fernand Kartheiser (adr) seng parlamentaresch Fro, verëffentlecht. D’Zuel vun de Kontrollen, déi vun der Police gemaach ginn ass dobäi geklommen: Waren et der 2015 nach 37.910, waren et der 2017 39.081. Dobäi ass awer nëmmen en Deel vun de Kontrollen op d’Pabeiere fixéiert, déi egal wéi gefrot ginn. 7.605 waren 2017 op d’Autospabeieren axéiert.
Et loossen sech och nach aner interessant Zuele fannen. Esou goufen 2017 och 628 Persounen ouni eng gülteg Steiervignette an 143 ouni e gültegt Immatrikulatiounszertifikat erwëscht. A béide Fäll ass e liichte Réckgang vis a vis vum Virjoer (vun 189 op 143 a vun 686 op 628) fest ze stellen.