Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Russland reagéiert op US-Sanktiounen
Business Neiegkeeten

Russland reagéiert op US-Sanktiounen

Et war ze erwaarden: no den neie Sanktioune géint Russland

Wat huet de Franséische Wahlkampf zu Lëtzebuerg verluer?
Business Neiegkeeten

Wat huet de Franséische Wahlkampf zu Lëtzebuerg verluer?

Des Fro stellt sech d’Sylvie Mischel op Facebook. D’Presidentin vun

Michael Bloomberg for President
Business Neiegkeeten

Michael Bloomberg for President

Den Demokrat huet elo offiziell annoncéiert, datt hie sech als

Den OUNI mécht seng Dieren zou, Heemliwwerunge si weiderhi méiglech

Den OUNI mécht seng Dieren zou, Heemliwwerunge si weiderhi méiglech

Fir d’Gesondheet vun de Clienten a Mataarbechter ze garantéieren an de Moossname vun der Regierung gerecht ze ginn, mussen elo béid verpackungsfräi Bio-Buttecker vun OUNI fir déi nächst Zäit zou maachen. Bestellungen a Liwwerungen ginn weiderhi garantéiert.

Och wann den OUNI am Garer Quartier, wéi och zu Diddeleng elo net méi besicht kënne ginn, erméiglechen déi motivéiert Mataarbechter de Liwwerservice bis Heem. Donieft kann de Client seng Bestellunge per Telefon (28 12 56 20) oder Email (corona@ouni.lu) bei engem vun den zwee Butteker opginn.

D’Artikelen, déi zur Verfügung stinn, wéi och déi entspriechend Präisser fannt Dir ënnert corona.ouni.lu, respektiv an DËSER LËSCHT. Soubal d’Commande ageet, kritt Dir d’Zäit matgedeelt, wou Dir d’Artikele kënnt siche kommen.

Opmaacherfoto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Bestellung, Commande, Coronavirus, Covid-19, Gesondheet, Hygiène, Liewensmettel, Liwwerservice, OUNI, Schutz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel