Search

You may also like

Personalofbau an onmoralesch Offeren bei NV-Getronics
International Neiegkeeten

Personalofbau an onmoralesch Offeren bei NV-Getronics

Um 3. Juli 2020 huet d’Direktioun vun NV Getronics matgedeelt,

USA: „Russland soll sech aus Venezuela eraushalen“
International Neiegkeeten

USA: „Russland soll sech aus Venezuela eraushalen“

Gëschter war d‘Fabiana Rosales, d‘Fra vum Juan Guaido – dee

Pissblummen, Salzdeeg an d’Welt – Ënnerhalung wärend der Kris
International Neiegkeeten

Pissblummen, Salzdeeg an d’Welt – Ënnerhalung wärend der Kris

Gëschter hu mir eis laang an der Sonn ameséiert, ma

Ouni Pass kee Besuch vu Groussbritannien

Ab Oktober 2021 geet den Auswäis net méi duer wann ee sollt Loscht op Fish & Chips kréien

Ouni Pass kee Besuch vu Groussbritannien

Um Donneschdeg huet déi brittesch Regierung seng Virstellungen zum europäesche Grenzverkéier verëffentlecht. Dorausser geet ervir, datt all d‘EU-Bierger ouni Ausnam, mee och d‘Gäscht aus Island, Liechtenstein, Norwegen an der Schwäiz ee Pass bei der Arees virweise mussen. Et ass jo och eng Fro vun der nationaler Sécherheet.

Laut der Begrënnung vun der brittescher Regierung, gehéiert den Auswäis zu deenen am mannste sécheren Dokumenter. Dës Noriicht gouf gëschter nach net vu Bréissel kommentéiert, et dierft een awer kaum iwwert dës Mesure erfreet sinn. En neie Sträit am souwisou scho komplizéierte Brexit ass wuel virprogramméiert. Op där aner Säit mécht et och nees Sënn, well esou wéi sech dat de Boris Johnson den Ament virstellt, wäert et zu enger richteg haarder Scheedung kommen.

Zanter Januar ass sinn eis brittesch Frënn op eegene Wonsch net méi Deel vun der grousser Famill, déi si iwwert Joerzéngten esou gräisslech an hannerlëschteg ausgenotzt huet. An et soll een hei net ausblennen, datt d‘Britten och als EU-Bierger ëmmer hu missen hire Pass matbréngen, wa si Festland betriede wollten. Dat war awer net well iergend een europäescht Land, jo nach net emol d‘EU-Kommissioun dat gefuerdert huet. Nee d‘Britten hunn einfach keng Carte d‘Identité.

Wat den eigentlech dréngend noutwennegen Handelsvertrag betrëfft, ouni deen d‘Britten sech quasi selwer d‘Diere vum europäesche Bannemaart verspären, esou gëtt et do nach ëmmer näischt Erfreeleches ze mellen. London wëll nach ëmmer en Amendement am engem längst vu béide Säite gezeechenten Accord, a Bréissel huet es mëttlerweil genuch vum brittesche „mimimi“… Zudeem huet London mam neie Bannemaartgesetz fir d‘Insel, all d‘Ingredienten zum engem gréisseren Dissens bereet gestallt. Woubäi et net dat ass, wat déi brittesch Bierger vum Boris verlaangt huet.

mat indymedia/lon

Illustratioun: © Jakob Cotton / unsplash

Related topics Bannemaartgesetz, Boris Johnson, Brexit, Groussbritannien, Handelsofkommes
Next post Previous post