Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Halbzeit fir de franséische President: Messias oder Blender?
Neiegkeeten Stories

Halbzeit fir de franséische President: Messias oder Blender?

Et ass déi franséisch Versioun vum amerikanesche „Midterm-Bilan“ woubäi sech

Opgepasst: Köfte Harci enthalen net-vermierkte Gluten!
Neiegkeeten Stories

Opgepasst: Köfte Harci enthalen net-vermierkte Gluten!

Wéi d’Liewensmëttelsécherheet elo matdeelt soll de Produzent TADAL S.A. Säi

Neie Quartier Areler Strooss: Chance fir e mënschlechen an ökologesche Wunnprojet notzen
Neiegkeeten Stories

Neie Quartier Areler Strooss: Chance fir e mënschlechen an ökologesche Wunnprojet notzen

D‘Bevëlkerungszuel vun der Stad Lëtzebuerg wiisst a mat hir d‘Nofro

Ouni Solidaritéit kee Fridden – Ouni Fridde keng Mënscherechter?

Ouni Solidaritéit kee Fridden – Ouni Fridde keng Mënscherechter?
© Martine de Lagardère/moien.lu
Ouni Solidaritéit kee Fridden – Ouni Fridde keng Mënscherechter?
© Martine de Lagardère/moien.lu
Ouni Solidaritéit kee Fridden – Ouni Fridde keng Mënscherechter?
© Martine de Lagardère/moien.lu
Ouni Solidaritéit kee Fridden – Ouni Fridde keng Mënscherechter?
© Martine de Lagardère/moien.lu
Ouni Solidaritéit kee Fridden – Ouni Fridde keng Mënscherechter?
© Martine de Lagardère/moien.lu
Ouni Solidaritéit kee Fridden – Ouni Fridde keng Mënscherechter?
© Martine de Lagardère/moien.lu
Ouni Solidaritéit kee Fridden – Ouni Fridde keng Mënscherechter?
© Martine de Lagardère/moien.lu
Ouni Solidaritéit kee Fridden – Ouni Fridde keng Mënscherechter?
© Martine de Lagardère/moien.lu
Ouni Solidaritéit kee Fridden – Ouni Fridde keng Mënscherechter?
© Martine de Lagardère/moien.lu
Ouni Solidaritéit kee Fridden – Ouni Fridde keng Mënscherechter?
© Martine de Lagardère/moien.lu
Ouni Solidaritéit kee Fridden – Ouni Fridde keng Mënscherechter?
© Martine de Lagardère/moien.lu
Ouni Solidaritéit kee Fridden – Ouni Fridde keng Mënscherechter?
© Martine de Lagardère/moien.lu
Ouni Solidaritéit kee Fridden – Ouni Fridde keng Mënscherechter?
© Martine de Lagardère/moien.lu
Ouni Solidaritéit kee Fridden – Ouni Fridde keng Mënscherechter?
© Martine de Lagardère/moien.lu
Ouni Solidaritéit kee Fridden – Ouni Fridde keng Mënscherechter?
© Martine de Lagardère/moien.lu
Ouni Solidaritéit kee Fridden – Ouni Fridde keng Mënscherechter?
© Martine de Lagardère/moien.lu
Ouni Solidaritéit kee Fridden – Ouni Fridde keng Mënscherechter?
© Martine de Lagardère/moien.lu
Ouni Solidaritéit kee Fridden – Ouni Fridde keng Mënscherechter?
© Martine de Lagardère/moien.lu

Gëschter huet de Friddensmarsch zu Esch-Uelzecht leider net déi grouss Massen ugezunn, wat awer net um Wieder ka geleeën hunn, datt war de Militanten an och soss Mënschen deenen de Fridden als demokratescht Fundament net friem ass, éischter frëndlech gesënnt.

Message vun den verschiddenen Intervenanten, dorënner d‘Presidentin vum OGBL Nora Back, eng Delegatioun vu Youth For Climate Luxembourg (YCFL) – op dären Interventioun mir Muer nach emol separat aginn – an d‘Devim Gunyel (Women Defend Rojava), si huet sech fir d‘Rechter vun der LGBTI+ Communautéit agesat, hunn dësen Evenement an dat richtegt Liicht gestallt.

Fridden

Grouss Versammlungen a sech un d‘Recommandatiounen (Sécherheetsofstand/Maskeflicht) halen ass méiglech. Et ass wéi mat villem, mat eppes Verstand a Vernonft kann een Oprecht seng Fuerderungen an Meenungen zum Ausdrock bréngen. © Martine de Lagardère/moien.lu

De Friddensmarsch gëtt vun 13 Verbänn/Organisatioune gedroen, ëm d‘Organisatioun këmmert sech den OGBL. D‘Gewerkschaft ass net nëmmen Initiator vun dëser wichteger Aktioun, mee huet och méi Moyenen esou eng Kundgebung ze organiséieren. Dat awer a Concertatioun mat (an alphabetescher Reiefolleg) ASTI, AVAS Asbl, CLAE, CPJPL, déi lénk, FNCTTFEL, Frères des Hommes, KPL, Lëtz rise Up, OGBL (solidarité syndicale), Union des Femmes Luxembourgeoises, Velovution, Youth for Climate Lëtzebuerg.

Op dëser Plaz dierf dann och begréisst ginn, datt den OGBL d‘lescht Joer de Friddensmarsch nees zu neiem Liewen erwächt huet. Den OGBL steet an fir sozial Gerechtegkeet, d‘Rechter vun de Lounofhängegen an eng liewenswäert Gesellschaft. Wäerter déi a Gefor geroden, wann de Fridde bedreet ass. An aus dësem Grond huet dës Kundgebung op der Stadhausplaz seng Berechtegung.

Brout, Fridden a Fräiheet

Dëse Sproch, deen am Original „Pain, Paix et Liberté“ als Slogan nach ëmmer am Casino zu Bouneweg all d‘Gäscht drun erënnert, datt een all Dag op en Neits fir Demokratie, Mënscherechter a de Fridde kämpfe muss, well et vläicht bei eis „normal“ ass, dofir awer uechtert d‘Welt nees méi Konflikter gëtt wéi ee Plaz et se all opzezielen. Sech fir de Fridden asetzen ass imminent wichteg.

Fridden

Wann de Bléck esou Eescht wéi den Thema selwer ass, da weess een datt d‘Nora Back hir Roll als Presidentin vum OGBL richteg ze interpretéiere weess. Direkt an inzisiv war hir Ried, mee si huet d‘Leit um Samschdeg zesummegefouert. Et wäert net hir lescht Ried fir de Fridde gewiescht sinn. © Martine de Lagardère/moien.lu

„Et kee gréissert Hindernis fir d‘Liewensqualitéit vun den Aarbechter wéi de Krich. Si leiden netz eleng dorënner well Krich Misär a Beschränkunge mat sech bréngt, mee et sinn och d‘Aarbechter, an hei besonnesch déi Jonk, déi als Kanounefudder hierhalen. Si gi vun de Krichsdreiwer benotzt an sinn de Sege fir déi wou vum Krich en Notzen an de Profit hunn“, esou d‘Nora Back.

D‘OGBL-Presidentin erënnert drun, datt et 2019 uechtert d‘Welt 27 Kricher an/oder bewaffent Konflikter ginn huet. Eng Gewalt déi sech och duerch d‘Covid19-Pandemie net ophale gelooss huet, net emol wéi den UN-Generalsekretär Antonio Guterres all d‘Konfliktparteien zu engem Waffestëllstand opgeruff huet. En Appell deen – wéi soll een et soen – net „gehéiert“ ginn ass.

Et ass zudeem keen Zoufall, datt de Friddensmarsch dëst Joer op den 20. Juni gefall. Eigentlech fënnt dësen am Mäerz statt, mee d‘Pandemie huet dat dëst Joer verhënnert, firwat – bedéngt duerch den Deconfinement – beschloss gouf, d‘Kundgebung um internationalen Dag vun de Flüchtlingen ofzehalen. Iwwer 80 Millioune Mënsche sinn op der Flucht viru Krich, Gewalt an Aarmut.

Wien de Bléck ofwennt ka muer d‘Affer sinn

Datt mir, déi trotz sanitärer Kris an der annoncéierter Wirtschaftskris eis net a Kellere verkrauche mussen an all Dag genuch z‘Iessen hunn, dierf net doriwwer ewech täuschen, datt eis politesch Entscheedungen dës Konflikter net nëmme méiglech maachen, mee och d‘Ursaach fir eben d‘Flucht oder den Dout vun all dëse Mënsche sinn. „Dofir ass et ganz besonnesch wichteg, an dësen Zäiten op d‘Strooss ze goen an ze weisen, datt dat net Wee ass dee mir wëllen“, betount d‘Nora Back.

An d‘Presidentin vum OGBL trëfft dat richtegt Argument: „Grad dës Kris huet eis gewisen, wéi wichteg et ass zesummenzestoen. Solidaritéit ass grouss geschriwwe ginn. An Zäite wou mir all zesumme géint en onsiichtbare Feind kämpfen, gëtt ersiichtlech wéi onsënneg et ass, datt sech d‘Mënschheet bekämpft. Krich ass destruktiv a Mënscheveruechtend, dofir brauche mir méi Zesummenhalt a Solidaritéit, statt eng Spléckung vun der Gesellschaft an zoue Grenzen“.

Fridden

© Martine de Lagardère/moien.lu

Wann déi engagéiert Gewerkschaftlerin an all hir Leit, wéi och déi vill Verbänn/Organisatiounen sech géint d‘Oprëschtung an ëmmer méi Finanzmëttel fir de Militärkomplex zu wier setzen, dobäi net vergiessen och d‘Roll vu Lëtzebuerg an dat richtegt Liicht ze réckelen, da sollt een dat als Opruff verstoen, wëssen datt een dergéint steiere muss oder bereet sinn zum „Affer“ ze ginn.

Wann dee Verdeedegungsminister de Militärbudget verduebelt, ass dat kee Beitrag fir de Fridden. Firwat brauch Lëtzebuerg e Militärsatellit, dee grondsätzlech geduecht ass, Militärverbänn déi Informatiounen ze liwweren, déi zu nach méi Doudeger bäidréit. Eis Investitiounen a Waffen, Material an eben och esou Satellitten, sinn de facto ee Beitrag zu de Fluchtursaachen. An dat mécht d‘Regierung nëmmen, fir d‘NATO-Ziler, 2% vum BIP vun alle Memberlänner ze kréien, anzehalen.

Mat 1,8 Milliarden Euro déi Lëtzebuerg an d‘Oprëschtung stécht leescht si kee Beitrag fir de Fridden an et muss ee wuel net betounen, datt besonnesch, wann engem d‘Wirtschaftskris an d‘Haus steet, et offensichtlech besser Zwecker gëtt Steiergeld opzewennen, wéi domadder fir weider Konflikter ze suergen an neu Fluchtursaachen ze schafen. E „Weider Esou!“ kann net sinn.

Wat de Klima domatter ze dinn huet

D‘Nora Back huet dann och d‘Iwwerleedung zu den Zesummenhäng vu Krich a Klimakris hikritt. Wa vill Politiker mëttlerweil erkannt hunn, datt d‘Klimakris keng „Erfindung“ vun enger esou léiwer wéi och erfrëschend nerveger Knetzel aus Schweden ass, esou schéngen déiselwecht Politiker et net wëllen anzegesinn, datt déi sëlleche Konflikter, mee och d‘Manöver/Übunge weder dem Klima a schonn emol guer net der Ëmwelt an/oder Aartevillfalt entgéint kommen.

Aus dëser Siicht, sinn all hir „Green Deals“ a sonsteg Méie fir den Naturschutz an d‘Anhale vun de Klimaziler Makulatur. Milliarden déi a Waffen, Oprëschtung an Ausbeutung gestach ginn, si Milliarden déi besser a Friddensprojeten, d‘Gesondheet (weltwäit) an déi jo awer gewënschten energetesch Transitioun opgehuewe wieren. De Klimawandel wéi och eng schlecht Versuergung a Punkto Gesondheetssecteur, si schliisslech weider Fluchtursaachen, déi mir ze veräntwerten hunn.

Et ass och egal (also eigentlech net) ob mir bereet sinn et a Kaf ze huelen, datt Mënschen op der Flucht am Mëttelmier ersaufen, a Lager (wéi Moria a Griicheland) mënschenonwierdeg gehalen oder op de Grenze vun „Auserwielte“ Kläpper doutgeschloe ginn. Mat iwwer 80 Millioune Leit déi verdriwwe ginn, wäerten ëmmer Mënschen e Wee fannen dat „rettend Ufer“ ze erreechen.

Fridden

Déi „nei Technologie“ sënnvoll notzen. Livestream ass keng Hexekonscht an net de Medie virbehalen. Et hëlleft zudeem och déi deel huelen ze loossen, déi net konnten op der Plaz deelhuelen. © Martine de Lagardère/moien.lu

Mee ausser „deem Fridden“ gëtt et och de soziale Fridden. Dee beschäftegt eis wuel éischter National a wuel och Regional – zumindest aus der Siicht vun eisem butzege Land – an ass nëmmen da méiglech, wann et eis geléngt déi sozial Ongerechtegkeeten ze bekämpfen an auszemäerzen. An d‘OGBL-Presidentin ass däitlech: wa mir esou weider maachen, gi mir an eng Richtung déi eis nach vill Schmäerzen a Leed wäert operleeën. Et wier un der Zäit ze erwächen an aktiv ze ginn.

Wann ee bedenkt, datt 26 Milliardären esouvill Besëtz beusprochen, wéi d‘Hallschent vun der Weltbevëlkerung, si Sozialkonflikter – besonnesch wann et do drënner gëtt, déi massiv vun der sanitärer wéi der bevirstoender Kris op Käschte vun allen anere profitéiere wëllen a wäerten – d‘Folleg. Mënsche ginn da vu Polizisten néiergeschloen, wou dach där hir Roll eigentlech de Schutz vun dëse Mënschen ass. Wie fir Fridden ass, muss och fir d‘Mënscherechter antrieden…

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Esch-Uelzecht, Fridden, Friddensmarsch, FSPL, Nora Back, OGBL
Nächsten Artikel Virrechten Artikel