Et ass net domadder gedoen en oppent Ouer ze hunn
Dëse 6. Oktober sinn déi fënnef Gewerkschaften a Beruffsverbänn, déi
Dëse 6. Oktober sinn déi fënnef Gewerkschaften a Beruffsverbänn, déi
Gëschter Moien hu S.A.R. de Groussherzog an d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert
Obwuel de Kompensatiounsfong (FDC) ëmmer nees seng Nohaltegkeetspolitik ervirhieft, gëtt
D’Ourdall Promenade, déi am Juni 2015 ageweit ginn ass, stoung scho säit Ufank des Jores op menger Lëscht un Aktivitéiten, déi ech onbedéngt zu Lëtzebuerg ënnerhuele wéilt. Datt mir spontan als éischt Etapp vun eisem Trëppeltour decidéiert hunn, um Veianer Niklosbierg d’SEO-Waasserkraftwierk kucken ze fueren, sollt sech nach als gudden Afall erausstellen, a recommandéieren ech soumat och all Persoun, déi de Wee an Zukunft goe wëll.
Nodeems mir schliisslech den Auto um Parking an der Rue du Vieux Marché stationéiert hunn, konnt et endlech lass goen. Iwwert de ganze Wee begleeden een raschteg-rout „Portaler“ , sou wéi 10 Tafelen, ob deenen nëtzlech Informatiounen zur Ëmgéigend, zur Geschicht vun der jeeweileger Plaz, oder dem Späichere vu Waasser stinn (ech sot jo, datt de klenge Schlenker op den Niklosbierg nach nëtzlech wäert sinn).
Wärend um Internet déi pittoresk Landschaften an déi schéin Holzstege laanscht d’Waasser presentéiert ginn, ware mir déi éischt Kilometer nawell e bëssen enttäuscht. D’Streck ass laanscht d’Strooss verlaf a vun der Rou an der Natur konnt een net schwätzen. Ma, dës éischt kleng Enttäuschung sollt awer schnell nees gutt gemaach ginn.
Nodeems et nämlech als éischt iwwert, an dunn ënnert enger Bréck erduerch gaangen ass, koum endlech d’Gefill vun Aventure a Genoss op. De Bësch an d’Our hu sech ofgewiesselt mat klengen Ablécker an d’Dierfer. A grad mat de faarwege Blieder, déi d’Beem bei all Wandzoch ofgeheien, erlieft een eng magesch Atmosphär.
Och de bänzeg erwaarten Holzsteg, deen eis vun de Fotoe bekannt war, ass opgedaucht a konnt uschléissend vun enger immens bequemer Holzlieg aus bewonnert ginn. An dann déi Rou – fantastesch!
Den Trëppelwee, deen iwwregens 8,5 Kilometer laang ass, leet een zum Schluss iwwert déi däitsch Säit op Stolzebuerg. Do ukomm ginn et e puer Méiglechkeeten:
Ob zu Fouss oder um Vëlo, d’Ourdall Promenade sollt ee grad elo am Hierscht emol gemaach hunn. Net nëmmen kënnt een un déi frësch Loft, et léiert een ënnerwee och nach dobäi.
Eng Kaart mat den Informatiounen zur Ourdall Promenade fannt Dir HEI.
Billergalerie © Shari Pleimelding/moien.lu