Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Australien: IS revendiquéiert Geiselnam
https://moien.lu/miss-ko-na-yung-dating-tayo-in-english/ park seo joon dating rumours

https://moien.lu/advice-on-dating-a-man-going-through-a-divorce/

De Grupp „islamesche Staat“ huet fir sech d’Geiselnam vu Melbourne

https://moien.lu/online-dating-no-email-required/
https://moien.lu/miss-ko-na-yung-dating-tayo-in-english/ park seo joon dating rumours

Wierksam Léisungen erfuerderlech

D‘Aarbechtszäitregelung, déi mam Gesetz zur Aféierung vun den Zäitspuerkonten agefouert

Si hunn e bessert Aarbechtsgesetz gestëmmt
https://moien.lu/miss-ko-na-yung-dating-tayo-in-english/ park seo joon dating rumours

Si hunn e bessert Aarbechtsgesetz gestëmmt

Mat 57 Stëmmen dofir an zwou Enthalungen ass dat neit

Ourdaller Hanna: En naturdréiwe mat besonnesche Qualitéiten

Ourdaller Hanna: En naturdréiwe mat besonnesche Qualitéiten

Mam Ourdaller Hanna, zu Hengescht vun der Brauerei Simon gebraut, huet een e weideren esou héichwäerteg wéi och ganz lëtzebuergesche Béier am Grapp. Et ass ee spezial Béier, mat héijer Gärung deen ongefiltert ofgefëllt gëtt. Dat dësen Ourdaller „Hanna“ genannt gëtt, huet evidenter Weis eppes mat senger Rezeptur ze dinn. An déi ass duerchaus interessant…

Gebraut gëtt den Hanna mat Geescht-Malz an Blieder wéi och Bléie vun der Hanfplanz. Déi sinn et dann och déi dësem schéi gëlle liichtende Béier säi besonneschen awer harmonesche Geschmaach verléinen. De genotzten Hanf kënnt iwwregens vum landwirtschaftleche Betrib Eilenbecker, deen am noen Ëmkrees vun der Ourdaller Brauerei ugesidelt ass. Dat mécht schliisslech och Sënn.

Simon bezitt, esouwäit dat méiglech ass, all seng Ingredienten aus Lëtzebuerg. Kuerz Weeër si gutt fir de Klima an et huet ëmmer e Bléck op d‘Qualitéitsstandarden. Schliisslech gëtt heibäi ëm ee Spëtzeprodukt, wat mat sech bréngt dat d‘Uspréch un dat wat „dra kënnt“ mat entspriechender Suergfalt formuléiert goufen. Handwierk ass nu emol net „Industrie“ an dat léisst sech schmaachen.

Mat 4,8% Alkoholgehalt ass den Hanna eng gutt Begleedung vir de Feierowend an och soss bitt hie sech fir geselleg Aktivitéiten un. Hien ass ee vun den „doucen“, drängt sech net op, huet awer e flott fruuchtegen Ofgang. Zerwéiere sollt en hie gutt Kill, esou ëm déi 6°C an engem kuerze Glas vum Typ „Lager“ oder enger Flütt. Et ass en éierlechen handwierklech gebraute Béier mat gudder Laun.

Als Begleedung zu engem Plat Kniddele mat Speck a Rahm, oder enger gudder Träip kann hie sech op all Dësch weisen. Et ass elo awer kee kriddelegen, a wiem eng Portioun Fritte mat Mayonnaise léiwer ass, dierf do derbäi och roueg den Hanna drénken. Wien dann elo mengt et kéint ee „bekifft“ ginn, deem sief gesot: „Nee“. Et geet wierklech just ëm de Goût, de genotzten Hanf ass THC-Fräi.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten artisanale Béier, Béieradventskalenner, La Punta, Ourdaller Hanna
Nächsten Artikel Virrechten Artikel