Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Nationalfeierdag a Klimawandel
https://moien.lu/dating-site-for-foreign-ladies/

Nationalfeierdag a Klimawandel

Nodeems de Xavier Bettel (DP) e Freideg enttäuscht vum EU-Sommet

humber speed dating
https://moien.lu/dating-site-for-foreign-ladies/

Den Donald snobbt de Vladimir

Nach iert et zu Buenos Aires zum G20-Sommet komm ass,

Israel huet op e neits géint Rakéiten aus Gaza ripostéiert
https://moien.lu/dating-site-for-foreign-ladies/

Israel huet op e neits géint Rakéiten aus Gaza ripostéiert

Déi israelesch Loftwaff huet zéng Objektiver vun der Hamas bombardéiert.

Ouschtermarsch 2019: Wann de Message net bei de Leit ukënnt!

Wien de Fridde fir selbstverständlech hält sollt sech géint de Krich mobiliséieren

Ouschtermarsch 2019: Wann de Message net bei de Leit ukënnt!
© Martine de Lagardère/moien.lu

E Samschdeg huet et zu Lëtzebuerg no enger gefillten Éiwegkeet emol nees en Ouschtermarsch ginn. Déi meescht Jonk erënneren sech awer net dorunner oder hunn et nach net vun den Elteren erzielt kritt, mee hei geet ëm d‘Bekenntnis zum Fridden. Dee schéngt awer iwwerbewäert ze sinn.

Kuerz no zwou 14 Auer hunn sech déi éischt Militante mee och ganz einfach interesséiert Bierger um Glacis afonnt. Si sinn dem Appell vun der Friddens- a Solidaritéitsplattform an dem OGBL nokomm, déi de „Marsch fir de Fridden an d‘Ofrëschtung“ no laanger Zäit nees opliewe loossen. Eng populär Initiativ déi awer eppes „verstëbst“ ze si schéngt, well ee awer bemierke muss, datt den Duerchschnëttsalter sech hei am gehuewene Segment gehalen huet.

Ugesiichts de ganze Konflikter (Ukrain, Syrien, Palestina, Libyen…) an de sëllechen diplomatesche Verfeelungen (Venezuela, INF-Ofkommes, Handelskrich, denigréiere vun international unerkannten Institutiounen, avm) déi et Weltwäit gëtt, mee och am Kontext vum Kampf géint d‘Äerderwiermung an dem Wonsch no méi a besserem Naturschutz, hätt ee sech hei d‘Massen erhofft an erwaart.

Et muss een dann awer feststellen, datt et alt nees déi „üblech Verdächteg“ waren – Gewerkschaften a politesch Partien aus dem „Mëtt-lénks“ bis ganz „lénke“ Spektrum -waren, déi sech zum fridde bekannt hunn. Wann een allerdéngs dovunner kann ausgoen, datt déi meescht Parteien (DP, CSV, ADR, déi Konservativ, asw) och „friddlech Absichten“ hunn, esou war déi demonstrativ Ofso hei matzemaachen och e politescht Signal: „Mir si fir de Fridden awer net géint de Krich!“

Léif Schüler, wat un der Fuerderung no Fridden ass onverständlech?

Wéi d‘Leit sech um 15 Auer opgestallt haten, an de Cortège sech a Beweegung gesat huet, waren se zu hirer ronn 600. Eng Zuel déi engem ze Denke muss ginn, eng Zuel déi bedenklech ass. 600 Leit déi sech zwou Stonnen Zäit fir de Wonsch no Fridden huelen, an d‘Politiker ermahnen alles ze ënnerhuele fir dat eis erhale bleift, steet e Land géinteniwwer, dat sech net nëmme vun der Politik lassgesot huet, mee sech offensichtlech weigert d‘Aktualitéit zur Kenntnis ze huelen.

Ganz bedauerlech: De Mouvement „Youth for Climate Lëtzebuerg“ – datt ass dee Veräin an deem sech Schüler a Studenten zesummefonnt hunn fir de Klima ze retten – huet duerch Ofwiesenheet geglänzt. Do stellt ganz Eescht d‘Fro op si déi Zesummenhäng verstanen hunn. Et wier en Artikel fir sech, eleng nëmmen opzelëschte wat ëm Detail d‘Konflikter zum Klimawandel bäidroen.

Sech aktiv fir de Fridden anzesetzen, ass an der Schlussfolgerung och en Asaz fir de Klima- an Naturschutz. Et wier – als ganz agreabel Niewewierkung – esouguer déi perfekt Geleeënheet gewiescht all déi Ligen ze strofen, déi behaapten, datt wann de „Klimastreik op e Samschdeg geluecht gi wier kee Schüler/Student matgemaach hätt“. De facto, ass dëst Argument vun deene Jonken net entkräftegt ginn, an déi 15.000 Jonker wiere gutt berode gewiescht Presence ze weisen.

Fir e friddlecht zesummeliewe brauch et gesellschaftleche Konsens

Mee et muss een och aneren de „Stee geheien“. Esou hätt et dem LCGB net wéi gedoen, sech mat enger Delegatioun zum Fridden ze bekennen. Dat selwecht un d‘Adress vun allen anere Syndikater déi iergendwéi schénge vergiess ze hunn, dat Kricher an/oder Konflikter keng Aarbechtsplaze schafen, mee zerstéieren. An esou wei et sech e Samschdeg presentéiert huet, gëtt et och politesch Partien, déi de Fridde fir iwwerbewäert halen. Do sollt ee sech dann och emol eng Rei Froe stellen.

Gutt et ass richteg, datt wien sech um Ouschtermarsch bedeelegt, riskéiert virgehalen ze kréien, d‘NATO ofschafen ze wëllen. Datt der vill net iwwert den eegene Schied sprange kënnen ass verständlech a muss e respektéieren. Mee wann d‘LSAP sech ka fir de Fridde begeeschteren ouni direkt d‘NATO ze condamnéieren, sollt et och anere méiglech sinn fir de Fridden anzetrieden.

Et sollt ee schliisslech – onofhängeg vun der Zuel u Participanten – net vergiessen, datt de Marsch fir de Fridden, ergo den Ouschtermarsch 2019, an éischter Linn e symboleschen Akt ass. En Akt och vun der Solidaritéit mat deene Mënschen op der Welt, deenen hiert Liewen duerch Kricher a Konflikter bedreet ass. Fridden ass en Deel vun der Léisung an der Immigratiounsproblematik, dréit zur wirtschaftlecher Entwécklung bäi, an oh Wonner kann Aarbechtsplaze schafen. Verréckt, nee?

Foto: © Martine de Lagardère

Ähnlech Sujeten Fridden, Lëtzebuerger Friddens- a Solidaritéitsplattform, Ouschtermarsch 2019
Nächsten Artikel Virrechten Artikel