Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – Déi éischt Impfung géint d’Pouken virun 223 Joer!
Neiegkeeten

What the Fakt – Déi éischt Impfung géint d’Pouken virun 223 Joer!

Viru méi wéi 200 Joer huet den engleschen Dokter Edward

dislike
Kris am Venezuela: Wat mécht Lëtzebuerg?
Neiegkeeten

Kris am Venezuela: Wat mécht Lëtzebuerg?

Am Venezuela herrscht säit längerem Krisestëmmung. Dëst well de President

Sea Shepherd Luxembourg: Weltwäit a lokal aktiv
Neiegkeeten

Sea Shepherd Luxembourg: Weltwäit a lokal aktiv

Zu Esch Belval hat ee Samschdeg déi Lëtzebuerg Sektioun vun

Outreach Youth Work probéiert d’Jugendaarbechtslosegkeet ze bekämpfen a feiert éischt Erfolleger

Virun allem déi sougenannten NEET ginn hei cibléiert

Outreach Youth Work probéiert d’Jugendaarbechtslosegkeet ze bekämpfen a feiert éischt Erfolleger

Et ass e Projet, deen sech eppes Schwéieres virgeholl huet. Outreach Youth Work wëll net nëmmen d’Jugendaarbechtslosegkeet bekämpfen. Nee, e cibléiert jonk Leit tëscht 16 an 26, déi als NEET bezeechent ginn. Dat sinn Jugendlecher, déi sech net am Bildungssystem oder um Aarbechtsmarché befannen (NEET = Not in Education, Employment or Training).

Si gëllen och als déi, déi am schwéiersten ze erreeche sinn. Ënnert hinne fënnt ee vill Schoulofbriecher, wou et och oft u Selbstvertraue feelt a se Gefor lafen, sech komplett sozial ze isoléieren. Jugendaarbechter ginn am Kader vun dësem Programm ganz direkt op si zou, fir dëst ze verhënneren. Dobäi geet et dann éischter ëm den Opbau vu Vertrauen an dem Opweise vu Perspektiven, wéi d’Abannen an iergendwellech Programmer. Tatsächlech ginn se esou ënnerstëtzt a begleet, datt se herno bereet sinn, ënnerstëtzend Moossnamen unzehuelen.

Fir dës Jugendlecher erreechen ze kennen, gouf intensiv mat verschiddenen Jugendhaiser zesumme geschafft. Matgemaach hu siwe Gemengen: Lëtzebuerg-Stad, Déifferdeng, Diddeleng, Keel/Téiteng, Péiteng, Schëffleng a Rëmeleng.

Keng Zuelen, ma ganz vill positive Feedback

De 4. Juni gouf eng éischt Auswäertung vun der Pilotphas vun dësem Projet presentéiert. De Fazit fält positiv aus: Déi Jugendlech, déi um Projet matgemaach hunn, weisen sech zefridden domat. Dobäi ass et kloer, datt et keng Quantitativ Zuele ginn, mee de Feedback ass an dëser Hisiicht wichteg. D’Mesur gouf am Januar 2016 am Kader vun der Jugendgarantie an dem Jugenpakt gestart. Finanzéiert gouf e mat enger Lafzäit vu 24 Méint, woubäi och op den europäesche Sozialfonds zeréckgegraff gëtt. De Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend huet déi rechtlech Mëttelen zur Verfügung gestalt. No der erfollegräicher Pilotphas gëtt de Projet elo weider vum Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend ënnerstëtzt.

Während senger Lafzäit gouf de Pilotprojet vun de Mataarbechter vun der Jugendfuerschung op der Universitéit Lëtzebuerg ënnert de Leedung vum Prof. Dr. Helmut Willems begleet an ausgewäert.

Mam Service Information et Presse

Ähnlech Sujeten Aarbechtslosegkeet, Déifferdeng, Diddeleng, Jugendaarbechtslosegkeet, Keel/Téiteng, Lëtzebuerg, Lëtzebuerg Stad, Péiteng, Rëmeleng, Schëffleng
Nächsten Artikel Virrechten Artikel