Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – Iwwert dat architektonescht Genie Antoni Gaudí
https://moien.lu/dating-seasonality/ Neiegkeeten

https://moien.lu/indian-dating-contact-number/

Mir all kennen de katalaneschen Architekt Antoni Gaudí wuel duerch

radioactive dating short definition
https://moien.lu/dating-seasonality/ Neiegkeeten

Weess du, a wéi enge Gemengen dës Uertschafte leien? – 3

Lëtzebuerg huet vill kleng a grouss Uertschaften. Mee et weess

D‘ADR besuergt ëm d‘Roll vun der Monarchie (eng feministesch Analys)
https://moien.lu/dating-seasonality/ Neiegkeeten

D‘ADR besuergt ëm d‘Roll vun der Monarchie (eng feministesch Analys)

En Donneschdeg ass dem Premierminister Xavier eng parlamentaresch Fro vum

„Earth Overshoot Day“ – Elo hu mir d‘Ressource vun der Äerd fir d‘ganzt Joer verbraucht!

„Earth Overshoot Day“ – Elo hu mir d‘Ressource vun der Äerd fir d‘ganzt Joer verbraucht!

Um haidege Méindeg, d‘Joer ass 210 Deeg al, huet d‘Mënschheet der Äerd méi Ressourcen entzu wéi d‘Welt der nohalteg produzéiere kann. Laut dem WWF Schwäiz, ass dat vill méi fréi wéi nach 2018.

Aus dem Communiqué vun der Ëmweltschutzorganisatioun WWF geet ervir, datt esou wéi mir den Ament konsuméieren, d‘Mënschheet bis zu fënnef Äerde bréicht fir hire „Bedarf“ ze decken. Den onbestriddene Weltmeeschter si weiderhin d‘USA déi den top Score erreechen. Déi europäesch Länner verbrauchen dräi Äerden am Joer, d‘Inder – e Schwelleland – kënnt dogéint op ganzer 0,7.

ÄerdNo de Berechnunge vun Denkfabrick „Global Footprint Network“ si mir am Kalenner esouwäit no vir geréckelt wéi nach ni. A wann hir Rechnung stëmmt, huet d‘Weltbevëlkerung d‘Ressource vun 1,75 Äerden verbraucht. An der Schwäiz – esou de WWF – ginn 19% vun den Zäregaser an 28% vun der privater Ëmweltverschmotzung duerch d‘Verhale bei der Ernierung verursaacht.

ÄerdGlobal betruecht beroue 60% vun eisem ekologesche Foussofdrock op den CO²-Emissiounen. Géife mir nëmmen dräimol an der Woch Fleesch iessen, kéinte mir eisen eegenen „Ofdrock“ schonn ëm 20% reduzéieren. D‘Entwécklung ass bedenklech. Virun 20 Joer, huet den Dag ab deem de Mënsch iwwert seng Verhältnisser gelieft huet nach am Oktober ugefaangen, 2018 war et den 1. August.

Liewen op Messersschneid

Haut also um Äerdiwwerlaaschtungsdag (Earth Overshoot Day) huet d‘Mënschheet méi Ressource verbraucht wéi d‘Welt an der Lag ass ze produzéieren. Dat heescht haut hu mir méi CO² an d‘Atmosphär ofginn, wéi d‘Weltmierer an d‘Bëscher ophuele kënnen. Mir hunn zudeem méi Fësch gefaange a méi Holz ofgebaut, wéi d‘Bestänn amstand sinn sech ze regeneréieren. An et ass net nei.

ÄerdDe „Phenomen“ léisst sech zanter de 70er Jore feststellen, an et schéngt es wéi wann de Mënsch net nëmme „giereg“ wier, mee och nach berodungsresistent. A mir droen alleguerten derzou bäi, datt sech d‘Situatioun net verbessert. Et ass dann och an éischter Linn eist Konsumverhalen, dat sech eis Welt net leeschte kann. Dat alles huet och Afloss op de Klima, an dee bedreet eis Ekosystemer.

ÄerdWie wësse wëll wéi säi perséinlechen ekologesche Foussofdrock ausgesäit, dee kann sech dat ganz einfach mat dem „WWF-Footprint Rechner“ virun Ae féieren. Ganz interessant ass et festzestellen, datt ee grad bei der Ernierung vill Méiglechkeeten huet senger Ëmwelt eppes guddes unzedoen. Dat an eng gutt Offallgestioun, esou wéi de Verzicht op Plastik, an et wier e grousse Fortschrëtt erziilt.

Foto: © Greenpeace Köln

Ähnlech Sujeten #FridaysForFuture, Earth Overshoot Day, Global Climate Strike, Greenpeace, Klimawandel, Ressourcen, WWF
Nächsten Artikel Virrechten Artikel