Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Coronabuerg gräift duerch: Recommandatioun fir grouss Evenementer
Kultur Neiegkeeten

Coronabuerg gräift duerch: Recommandatioun fir grouss Evenementer

Viru knapp 2 Wochen ass zu Lëtzebuerg den éischte Fall

Wann s du eis national Wanderweeër kenns, ass dëse Quiz kee Problem fir dech!
Kultur Neiegkeeten

Wann s du eis national Wanderweeër kenns, ass dëse Quiz kee Problem fir dech!

D’Wierder gëtt erëm besser, do froen sech der verschiddener, op

money
Ze halal, ze wéineg Wäin: Dowéinst huet dëst Geschäft a Frankräich seng Pacht verluer
Kultur Neiegkeeten

Ze halal, ze wéineg Wäin: Dowéinst huet dëst Geschäft a Frankräich seng Pacht verluer

Eng Epicerie déi weder Alkohol nach Schwéngefleesch verkeeft, awer seng

Ozone Trampolinpark zu Féiz: Esou léisst ee sech op d’Spréng hëllefen!

Ozone Trampolinpark zu Féiz: Esou léisst ee sech op d’Spréng hëllefen!
© Martine de Lagardère/moien.lu

Vergaangene Freideg huet zu Féiz den Trampolin- an Ninja Park Ozone seng Diere fir Grouss a Kleng, déi net op rouege Been kënne stoen, opgemaach. An enger riseger Hal gëtt ee mat Trampoliner um Buedem an der Mauer, sou wéi usprochsvolle Parcoursen senger Energie lass. A fir datt keen zu Schued kënnt, suergt professionellt Personal dofir, datt nieft de Fiederen och d’Knéie ganz bleiwen!

Lafe goen ass out! Den neien Trend läit beim Sprangen, an dat am beschten an engem Trampolinpark. Esou ginn nämlech d’Been an d’Gelenker besser gefiedert, an donieft genau esou gestäerkt, wéi bei anere Konditiounssportaarten. Wat déi meescht vun eis als Aktivitéit fir Kanner ugesinn erweist sech och fir déi grouss Kanner a couragéiert Erwuessener als spaassegt Erliefnis, bei deem een herno mat engem décke Laachen Heem geet.

Mat 42 interconnectéierten Trampoliner, 3 Ninja-Parcoursen, Klotermaueren, interaktive Spillmaueren wou Schnellegkeet a Geschéck gefuerdert ginn, ass Ozone déi gréisst an neisten Trampolinhal a ganz Lëtzebuerg. Wie sech traut, dee ka mat Ulaf an engem gekonnte Salto souguer vum Tuerm sprangen, fir uschléissend an engem angenehm mëlle Loftbett ze landen.

Zum Lëtzebuerger Ninja ginn

Mat voller Faszinatioun huet eis Ninja Warrior begeeschtert. Sollt ee sech net virun d’Kamera trauen, esou muss ee just bis op Féiz fueren, fir mat 3 Parcourse mat ënnerschiddleche Schwieregkeetsgrade säi Kënnen ze testen oder och seng Muskelen an den Äerm ze kräftegen. Sou einfach verschidden Aufgaben och ausgesinn, si hunn et all a sech an et sollt ee se op kee Fall ënnerschätzen!

Direkt niewendru fënnt een de Beräich, wou ee sech wéi Gladiatoren zerklappen a géinteneen untriede kann. Ausgerëscht mat engem mëlle laange Stab mussen déi zwee Rivalen op engem schmuele Steg probéieren, den aneren ëmzestoussen. Dëse lant natierlech an engem mëlle Feld aus Schaumstoffwierfelen – esou mëscht souguer verléiere Spaass!

© Martine de Lagardère/moien.lu

Un alles geduecht

D’Grënner vun dësem immense Park un Aventuren hunn all Detail ausgeschafft. Nieft dem risege Beräich fir senger Energie lass ze ginn, wéi een Hopsball vu lénks no riets a widder d’Mauer ze sprangen oder sech einfach falen ze loosse gëtt et vir déi ganz Kleng ee flotten a séchere Beräich, wou si iwwert e puer Etage spille kënnen. All Gaascht kritt speziell Rutschstrëmp, déi ee vir op den Terrain undoe muss.

A sollt een emol Honger oder Duuscht kréie – wat bei dësem Sport sécher virkënnt – esou ass een bei Ozone och beschtens verfleegt. Eng Bar bitt fir Grouss a Kleng eng räichhalteg Offer un, sou datt ee gestäerkt nees op d’Feld hopse kann. Natierlech hutt Dir och d’Méiglechkeet den nächste Gebuertsdag vun äre Léifsten hei ze organiséieren, woufir Iech een ofgetrennte Beräich zu Verfügung stoe wäert.

Fazit

Och mir hunn den Trampolin- an Ninjapark Ozone getest a sinn – esou hate mir et och erwaart – net enttäuscht ginn. Et sollt een op alle Fall drun denke, Sportskleedung, Energie, Ausdauer a Freed matzebréngen. Esou kënne mir och bestätegen, datt Eltere sech keng Suergen ëm d’Sécherheet vun hire Kanner maache mussen. Dat engagéiert a motivéiert Personal hëlleft Kleng a Grouss bei all Statioun a bitt engem och gären seng Hëllef un. Ozone ass nëmmen ze recommandéieren!

Fir weider Informatiounen, d’Ëffnungszäiten a Präisser sollt dir onbedéngt ënnert ozoneparc.lu laanscht kucken!

Opmaacherbild: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Féiz, Ninja, Ozone, Parcours, Sport, Trampolin
Nächsten Artikel Virrechten Artikel