Dammefussball: Jonglënster mat engem „Remis“ zu Beetebuerg
Et war um 16 Spilldag an de éischter Liga vum
Et war um 16 Spilldag an de éischter Liga vum
Den israelesche Premierminister Benjamin „Bibi“ Netanyahu huet sech um Dënschdeg
Ob et eleng d‘Wut iwwert eng korrupt Regierung ass oder
Scho säit laangem hat d’Stéphanie d’Iddi am Kapp. Iwwert vill Joren huet si, zesumme mat hirem Mann an Groussbritannien gelieft, wou dës Zort Parken immens beléift ass. Wisou awer gëtt et esou eppes net och zu Lëtzebuerg? Schnell hat een eng Nisch fonnt, duecht een. Bei genauer Recherche hu si allerdéngs schonns ee Konkurrent am klenge Ländche fonnt, an déi eege Pläng nees verdrängt.
Wou dat zweet Kand bis op der Welt war, de Wonsch nom Trampolinpark och no laanger Zäit nach ëmmer an de Fangerspëtzte gekëddelt huet, ass schliisslech d’Recherche ugaangen. Lénks a riets ass no enger Hal gesicht ginn, bis een endlech zu Féiz d’Zouso kritt huet. Bis zum éischte Sprong hunn d’Preparatiounsaarbechten 4 Joer gedauert. Senge Cliente wëll d’Grënnerin nämlech een amüsant a sportlecht Erliefnis bidden, bei dem och all Sécherheetsaspekter berécksiichtegt ginn.
Nodeems ee sech weltwäit Trampolinsparken ugekuckt huet a genau Informatiounen zum Equipement gesammelt hat, ass dem Stephanie den europäesche Standard a Saache Sécherheet net duergaangen. Soumat huet ee sech zu Féiz fir Polsterungen no den englesche Sécherheetsnormen entscheet. Doriwwer hinaus ginn all Dag, souwuel Moies, wéi och Owes genau Kontrolle vun den Trampoliner, Parcoursen an anere Spiller duerchgefouert.
© Martine de Lagardère/moien.lu
Iwwregens, sollt och Dir emol bis an den Ozone kommen – an dat recommandéiere mir – esou kritt och Dir ee spezielle Sécherheetsvideo gewisen, deen et zu Féiz direkt op 3 Sprooche gëtt. Hei ginn op visuell attraktiv Aart a Weis nämlech d’Reegele vum Parc opgezielt. Fir Dommheeten ass um Trampolin nämlech keng Plaz!
Nodeems déi speziell Rutschstrëmp, déi dir an der Keess kritt, un Äre Féiss dru sinn, kann et dann endlech mat Spill, Spaass a Geschéck lassgoen. Bei all Spill passt natierlech och op mannst eng Persoun vum sportleche Personal op, sou datt och de Butzen näischt geschéie kann, wann d’Elteren uewen ee Kaffi drénken. Well ee schnell an d’Schweesse kënnt – jo och sprangen ass Sport – sollt een locker an/oder sportlech Kleedung droen.
Trampolin-Sprange gehéiert laang net méi ausschliisslech den Aktivitéite fir kleng Kanner un! Bei dëser spaasseger Aktivitéit deet een nämlech och sengem Kierper eppes Guddes. An enger Stonn kann een bis zu 1000 Kalorië verbrennen. Souguer d’NASA notzt Trampoliner fir d’Astronauten ze trainéieren. Dobäi sollen 10 Minutten Hopsen a Sprangen esou effektiv sinn, wéi 30 Minutte joggen.
Zur gläicher Zäit ginn och nach d’Musekeln gestäerkt. Wie spréngt schafft konstant mam ganze Kierper a Gläichgewiicht. Duerch déi stimuléiert Bluttzirkulatioun gëtt esou an engems nach de Sauerstofftransfer am Kierper gefërdert an – wéi kéint et anescht sinn – gëtt Stress reduzéiert. Mat deenen Argumenter léisst ee sech dach gären op d’Spréng hëllefen.
© Martine de Lagardère/moien.lu
Generell ass den Trampolinpark geduecht fir Kanner ab 6 Joer. Fir déi méi jonk Clientèle huet d’Stephanie sech awer och eppes afale gelooss: de sougenannte Softplay bitt de Butzen een zouene Spillberäich, op deen d’Elteren vun all Positioun an der Hal een Aen op hiert Kand geheie kënnen. Den Ozone Trampolin- an Ninjapark ass donieft och nach equipéiert mat:
Feieren am Ozone Trampolin- an Ninja Park? Guer kee Problem! © Ozone Trampoline & Ninja Parc
Déi genee Auerzäite fannt Dir op der Internetsäit vun Ozone. Donieft ginn awer och speziell Auerzäite just fir Schoulklassen, Crèchen a Firmen ugebueden. Wie wëll, dee ka fir säi Gebuertsdag, eng Betriibsfeier oder och ee sportlecht Fest de Park lounen. Heibäi sinn extra Offeren um Programm: vun spezieller Party-Beliichtung bis hin zum Catering mat personaliséiertem Kuch setzt d’Stephanie an dat ganzt Team vun Ozone Är Dreem ëm! Do gëtt natierlech och op all Intoleranzen an aner Wënsch respektéiert.
Wourop waart Dir also nach? Rutschstrëmp un a lass geet et!