Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Dem Donald Trump säi Mann fir dat „Grafft“
flirty dating service

Dem Donald Trump säi Mann fir dat „Grafft“

An der Affär ëm dat ominéist Telefonsgespréich tëscht dem US-President

mexican american dating sites
flirty dating service

are dating sites good or bad

Et gëtt vill flott Säll am Land, wou een als

Brexit: …en „haarden“ wëllen d‘Briten och net
flirty dating service

Brexit: …en „haarden“ wëllen d‘Briten och net

Nodeems en Dënschdeg erwaardungsgeméiss e „Brexit mat engem Accord“ am

Pacemakers Nuclearban Tour – 750 Kilometer um Vëlo!

Radsportler setzen sech bei den EU-Wahle fir e weltwäiten Atomwaffeverbuet an

Pacemakers Nuclearban Tour – 750 Kilometer um Vëlo!

Als „Begleetmoossnam“ zu den Europawahlen, féiert den „Pacemakers Nuclearban Tour“ mat 75 Radsportler vum 23. bis de 26. Mee duerch Däitschland, Frankräich, der Belsch a Lëtzebuerg. Start an Zil fir d‘Cyclisten ass Karlsruhe.

De 750 Kilometer laange Vëlosmarathon ass déi séierst Friddensdemonstratioun an Europa. Sënn an Zweck: „Mir wäerten ënnerwee op déi aktuell Geforen duerch Atomwaffen opmierksam maachen an déi grouss Suerg virun engem neien atomare Wettrëschten no der Kënnegung vum INF-Vertrag ausdrécken. Eis Hoffnung berout op engem neie multilateralen Accord“.

Esou gëllt och den Asaz vum „Pacemakers Nuclearban Tour“ der Ënnerstëtzung vum „Nuclearban treaty“ (Atomwaffespärvertrag), deen – esopu den aktuelle Stand – vun 71 Länner ënnerschriwwen a vun 23 Länner Ratifizéiert ginn ass.

Mat Nobelpräis

Déi international Campagne „ICAN“ (International Campagne zur Ofschafung vun Atomwaffen) war maassgeeblech um Zustanekomme vun dësem Vertrag bedeelegt, an hat 2017 fir säin Asaz de Friddensnobelpräis erhalen.

Während d‘Gefor vun engem Weltënnergank net ausgeraumt ass an déi sougenannten „Doomsday Clock“ och weiderhin op 2 Minutte virun zwielef steet, wuesse weltwäit d‘Beméiunge fir d‘Zerstéierung vun allen Atomwaffen. Dat ënnert anerem och mat der Ënnerstëtzung vun den iwwer 8.000 Gemengen „Mayors for Peace“ an dem weltwäiten ICAN-Appell.

Zu Lëtzebuerg hu bis ewell ganzer véier Gemengen den Appell zum weltwäite Verbuet vun allen Atomwaffen eestëmmeg am Gemengerot ugeholl: Esch, Déifferdeng, Réiser a Suessem.

Nieft der Iwwerwannung vun der atomarer Ofschreckung ass d‘Fërdere vum Fridden duerch Dialog a Kooperatioun, Versöhnung an Ofrëschtung, Stäerkung vum Vëlkerrecht an déi zivil Konfliktveraarbechtung dat zweet Standbee vun dëser Tour. Dozou gehéiert de Wonsch enger europäescher, jo weltwäiter Kultur vum Fridden eppes méi no ze kommen.

E Freideg zu Lëtzebuerg

De „Pacemakers Nuclearban Tour“ ass muer Freideg (24. Mee) zu Lëtzebuerg. An der Mëttegstonn (12.30 Auer) ginn d‘Cyclisten an der Gemeng Réiser empfaangen, vu wou aus si an d‘Belsch fueren an iwwer Arel dann nees a Richtung Stad Lëtzebuerg rullen.

Si gi géint 17 Auer an der Jugendherberg erwaart, wou – nodeems sech eppes erholl ginn ass – um 20 Auer mat de Radsportler vun dëser Tour ka geschwat ginn. Geplangt ass och e Virtrag vum Marion Küpker, international Koordinatorin a Spriecherin vun der Campagne „Büchel ass iwwerall – Atomwaffefräi elo!“ vun der däitscher Friddensgesellschaft (DFG-VK).

Organiséiert gëtt de „Pacemakers Nuclearban Tour“ vun der däitscher Friddensgesellschaft DFG-VK, Landesverband Baden-Würtemberg. De Passage zu Lëtzebuerg geet ënnerstëtzt vun der „Friddens- a Solidaritéitsplattform Lëtzebuerg“.

Foto: © Pacemakers Nuclearban Tour

Ähnlech Sujeten Atomwaffeverbuet, DFG-VK, Lëtzebuerger Friddens- a Solidaritéitsplattform, Mayors for Peace, Pacemakers Nuclearban Tour
Nächsten Artikel Virrechten Artikel