Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

The Freedom Georgia Initiative: Eng sécher Plaz fir déi Schwaarz Bevëlkerung
Neiegkeeten

The Freedom Georgia Initiative: Eng sécher Plaz fir déi Schwaarz Bevëlkerung

Nom Dout vum Ahmaud Arbery am Februar 2020 koum dem

Porte Ouverte bei de Lëtzebuerger Naturisten um 1. an 2. Juni 2019!
Neiegkeeten

Porte Ouverte bei de Lëtzebuerger Naturisten um 1. an 2. Juni 2019!

Um éischte Weekend vum Juni organiséieren d’Lëtzebuerger Naturisten hir Porte

dislikesurprise
Wat soll dee Kaméidi?
Neiegkeeten

Wat soll dee Kaméidi?

Et gëtt do eng Saach, déi ech nach ni sou

Opgepasst! Onbestallt Päck mat Som ënnerwee

Opgepasst! Onbestallt Päck mat Som ënnerwee

De Landwirtschaftsministère informéiert de Public, datt Päck mat Som um Postwee ënnerwee sinn déi kee bestallt huet, an appelléiert un all Mënsch deen esou ee Pak sollt kréien oder schon erhalen hunn, sech beim Service „Planzeschutz“ ze mellen an dësen och op kee Fall opzemaachen.

Service de la Protection des Végétaux

Tel: 45 71 12 205 – e-Mail: Phytopathologie@asta.etat.lu

Tatsächlech huet d‘EU-Kommissioun d‘Verwaltung doriwwer a Kenntnis gesat, datt a Länner vun der EU (Däitschland, Frankräich, Holland an Irland) Päck mat net zougeloossenem Som iwwert de Postwee ukomm sinn. Si kommen aus de Länner: China, Malaysien, Singapur, Taiwan a Vanuatu.

Dës Päck goufen net bestallt. Den Import vu Som, Planzen oder hiren Derivaten ënnerläit der EU-Direktiv EU2016/2031 deen sech op d‘Schutzmoossname géint planzeschiedlech Organisme bezitt.

Dësen net an der EU zougeloossene Som, enthält an der Reegel Som vu verschiddene Planzenzorte wéi och aner planzlech Offallproduiten. Et kënnen och Insekten, Larven, Champignonen an/oder Buedem enthale sinn. Dat stellt eng Gefor fir déi lokal Fauna an Flora duer an dierfen op kee Fall ausbruecht ginn.

Illustratioun: © Joshua Lanzarini / unsplash

Ähnlech Sujeten Direktiv EU2016/2031, Landwirtschaftsministère, Phytopathologie, Service de la Protection des Végétaux
Nächsten Artikel Virrechten Artikel