Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Rock the South 2018: Legacy of Atlas als grousse Gewënner!
best one year dating gifts

Rock the South 2018: Legacy of Atlas als grousse Gewënner!

Vergaangene Samschdeg kruten um Rock the South véier Lëtzebuerger Bands

is dating in 7th grade ok
best one year dating gifts

Chantier: Brëtell zur A1 Richtung Kierchbierg gespaart!

Am Kader vun den Ëmbauaarbechten am Rond-Point Irgäertche wäert d’Brëtelle

Policegewerkschaft a Minister fannen en Accord
best one year dating gifts

Policegewerkschaft a Minister fannen en Accord

Mir hate viru gutt enger Woch nach missen drop hiweisen,

D’Kris am Logement: „D’Leit si méi wäit, wéi d’Politik“

D’Kris am Logement: „D’Leit si méi wäit, wéi d’Politik“

Gëschter haten déi Lénk op hir Pressekonferenz zum Pacte Logement 2.0 geruff. Dobäi ass de Gesetzesprojet emol méi genee ënnert d’Lupp geholl ginn. Fazit: Et ass net alles schlecht, mee nach laang näischt gutt. Virun allem d’Konsequenz vum Pacte Logement 2.0 an d’Duerchsetze vun Obligatioune läit de Lénke besonnesch um Mo.

Schonn am Koalitiounsaccord 2018-2023 vun der Regierung DP-LSAP-déi Gréng ass ugekënnegt ginn, datt een um Gesetzesprojet vum Pacte Logement 2.0 schaffe géif. Déi Lénk gesinn hannert dëser Approche vill Geschwätz a wéineg Besserung – Esou kéint een net géint d’Kris am Logementsy ukämpfen.

Enn 2020 leeft de Pacte Logement aus der éischter Generatioun aus, wouduerch elo natierlech een Nofolger muss opgestallt ginn. No villen Diskussiounen tëscht der Regierung an de Gemenge ginn et nach ëmmer keng Äntwerten op wichteg Froen. Kleng- a Mëttelverdénger kréie keng Chance an Zukunft duerch eege Moyenen een Daach iwwert dem Kapp ze hunn.

Mee wou läit de Problem?

De Gary Diderich, Porte-Parole vun déi Lénk, huet de Pacte Logement 2.0 wéi een Teller fir Niklosdag beschriwwen. Zuelräich Iddien a Wënsch goufen an engem Katalog gesammelt an op dësem Teller regruppéiert. Verschidde Kanner – an dësem Fall Gemengen – huele gär de ganze Contenu un a setzen en och ëm, anerer picken sech just d’Knippercher eraus oder verweigeren alles. De Problem läit kloer doran, datt de Gesetzesprojet fir d’Gemengen net verflichtend ass. De Manktem un Terrain, mee och u politeschem Wëlle wäerten net vill un der Kris änneren.

Virun allem gëtt kritiséiert, datt:

  • keng Obligatioune fir d’Gemenge bestinn. Si musse keng Konventioune mam Ministère ënnerschreiwen, soumat och kee lokalen Aktiounsplang ausschaffen an eng consultativ Kommissioun opstellen. Esou kënnen d’Gemenge mat gekräizten Äerm der Situatioun einfach aus de Féiss goen.
  • keng ugepasst Instrumenter fir d’Notzung vun de Flächen bestinn. D’Gemenge kënne keng effikass a sécher Moossnamen opweisen, fir een Terrain ënnert dem Präis vum Marché ze kréien.
  • keng kloer Ziler festgesat sinn. Sief et um nationalen oder kommunalen Niveau steet nach ëmmer näischt Genaues fest, wann et ëm d’Baue vu bezuelbaren a soziale Wunnenge fir d’Ëffentlechkeet geet.
  • den Zäitplang sech potentiell kontraproduktiv auswierke kéint. D’Preparatiounsaarbechten tëscht dem Staat an de verschiddene Gemenge riskéieren ee weidere Retard. Elo schonn huet een d’Frist op 2025/2026 verlängere missen.
Logement

Den David Wagner vun déi Lénk © Shari Pleimelding

D’Propositioune vun déi Lénk

Natierlech hunn och d’Membere vun de Lénken sech hir Gedanken zur schwaacher Struktur vun dësem Projet gemaach. Aus dësem Grond hu si verschidde Virschléi opgestallt, wéi een de Problem bei der Wuerzel pake kéint. Ënnert anerem verlaangen si:

  • Eng Obligatioun fir d’Gemenge fir Logementer ze bauen
  • Konkret Ziler opzestellen
  • Wunnraum fir d’Ëffentlechkeet schafen, deen zur Locatioun geduecht ass
  • De Prozess vun der Elaboratioun vum Gesetzesprojet an den Obligatioune rapid beschleunegen, sou datt schonn 2030 neie Wunnraum vun de Gemenge kéint gebaut sinn
  • D’Expropriatioun fir den ëffentlechen Notze konsequent duerchsetzen
  • Wunnengen, déi eidel stinn, kloer zielen ze loossen, net méi op Schätzungen (10.000-20.000 Wunnenge sollen eidel stoen) ze handelen an aus dësen Zuelen déi néideg Schlussfolgerungen ze zéien
  • D’Erhéijung vun 30 % vum abordabele Wunnraum, deen zur Locatioun geduecht ass, fir PAP’en, déi 25 Unitéiten iwwerschreiden (10 % si virgesinn, just 2 % ginn tatsächlech ëmgesat)

Geet et ëm ee bezuelbaren Daach iwwert dem Kapp, da kéint ee sech net méi weiderhin hannert eidelen Diskussioune verstoppen. „Mir sinn an enger Urgence“, sou den David Wagner. Déi aktuell Regierung géif sech wieren, fir géint déi grouss Spekulante virgoen ze wëllen a géif soumat d’Kafkraaft afferen. „Ech weess net, wéi déi Regierung wëll weider regéieren, wann se esou handelen“. Mat dëser Ausso riicht ee sech virun allem un déi Blo, déi -soubal et ëm Kapital a Besëtz geet, net méi gären op Diskussiounen aginn.

Et ass kloer spierbar, datt d’Leit es genuch hunn. Datt Leit virum SNHBM campéieren, fir hiren Dossier anzereechen an esou eventuell d’Chance op eng Wunneng kréien, oder och datt sech mëttlerweil ee Mieterschutzbund grënnt, ass ondrobar. „D’Leit si vill méi wäit, wéi d’Politik“, sou de Gary Diderich. Pläng opzestellen a se net ëmzesetze géif just un enger Regierung leien, déi hiert Gesiicht net verléiere wéilt.

Déi konkret Propositiounen, mat den dozou gehéieregen Erklärunge fannt Dir bei www.dei-lenk.lu. D’Ziler vum Pacte Logement 2.0 kënnen HEI erofgeluede ginn.

Ähnlech Sujeten Bezuelbare Wunnraum, déi lénk, Gemeng, Gesetzesprojet, Koalitioun, Konsequenz, Obligatioun, Pacte Logement 2.0, Propositiounen, Regierung, Soziale Wunnraum
Nächsten Artikel Virrechten Artikel