Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Legal… Illegal… Schäissegal…
Fail Neiegkeeten

Legal… Illegal… Schäissegal…

Lëtzebuerg wäert de rekreative Konsum legaliséieren, am Frankräich ass esouguer

US-President kritt vu Geriicht den Ëmgang mat Twitter erkläert
Fail Neiegkeeten

US-President kritt vu Geriicht den Ëmgang mat Twitter erkläert

New Yorker Geriicht verbitt dem US-President, seng Kritiker op Twitter

Staatsvertrag mat Google: Alles geheim?
Fail Neiegkeeten

Staatsvertrag mat Google: Alles geheim?

Am Sträit deen d‘CSV mat der Regierung wéinst der „streng

dislike

Päerdshormoner an der Schwéngszuucht: déi gréng besuergt

Päerdshormoner an der Schwéngszuucht: déi gréng besuergt

D‘Agrarindustrie, déi wéi all Wirtschaftszweig op Profitmaximéierung getrimmt ass, bedéngt sech net ëmmer onëmstriddener Methoden. An der Schwéngszuucht zum Beispill, huet sech eng nei Form Schwangerschaftsdopping etabléiert: De Sai gëtt eng Substanz, déi als eCG (Equine chorionic gonadotropin) bekannt ass, gesprëtzt.

Dëst Hormon, dat op Funktioun vun den Eeërstäck an de Hoden awierkt, gëtt genotzt, fir d‘Reproduktiounszyklen ze synchroniséieren. Einfach ausgedréckt ass d’Päerdshormon e Stimulant, dee sech positiv op d‘Befruchtung beim Schwäin auswierkt.

Ënner schreckleche Konditiounen erhalen

Déi Deputéiert Gérard Anzia an Henri Kox sinn allerdéngs besuergt, wat den Asaz vun dësem Hormon ugeet. Esou schéngt et erwisen ze sinn, datt fir dësen Hormon ze gewannen, trächteg Mieren an dorop spezialiséierte Bauerebetriber Blutt gezaapt kréien. Dat geschitt virzuchsweis an Argentinien, Uruguay a Südkorea – wou d‘Mieren ënner gräissleche Konditioune gehale ginn!

Ofgesi vun den Aspekter, déi der Pharmaindustrie eege sinn, steet d‘Method u sech an der Kritik vun den Déiereschutzorganisatioune. Si denoncéieren d‘Mësshandlung vun de betraffene Päerd, déi bis zu zéng Liter Blutt an der Woch ofgeholl kréien. D‘Folge sinn: Anemie, Feelgebuerten an Ënnerernierung. Dat iwwerliewe vill Déiere net, an déi wou et iwwerliewen, wann d‘Fruchtbarkeet ofhëlt, gi geschluecht fir wéinstens nach um Fleesch ze verdéngen.

Och zu Lëtzebuerg am Asaz?

An Däitschland géifen, esou déi gréng Deputéiert, bis zu engem Drëttel vun de Schwäi mat dësem Hormon behandelt ginn. Si wëllen also vum Landwirtschaftsminister wëssen op dëst Hormon och zu Lëtzebuerg agesat gëtt, a falls jo wéi vill Déieren dovunner betraff sinn. Natierlech géifen se och gäre wëssen op a wéi den Asaz vun der Veterinärsinspektioun gepréift gëtt.

Et gëtt berechtegt Bedenke géintiwwer der Behandlung vun den Spender-Déieren, déi erwisenermoossen ënner katastrophalen Ëmstänn gehale ginn. Do stellt sech och d‘Fro op dëse Produit net misst zu Lëtzebuerg verbuede ginn. Eleng scho well déi Déieren ënner Konditioune geziicht ginn, déi wäit ënner den europäeschen a lëtzebuergesche Standarde leien.

Ähnlech Sujeten déi gréng
Nächsten Artikel Virrechten Artikel