Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’Cité Bibliothéik feiert 10 Joer
Neiegkeeten

D’Cité Bibliothéik feiert 10 Joer

Zum 10te Gebuertsdag vun der Cité Bibliothéik huet de Schäfferot

OPCW bestätegt britesche Verdacht am Fall Skripal
Neiegkeeten

OPCW bestätegt britesche Verdacht am Fall Skripal

D‘Briten haten d‘Organisatioun fir de Verbuet vu chemesche Waffen (OPCW)

D‘Pëtrolshändler halen Accisenerhéijung fir de falsche Wee
Neiegkeeten

D‘Pëtrolshändler halen Accisenerhéijung fir de falsche Wee

Dat de „Gruppement vun de Pëtrolieren zu Lëtzebuerg“ (GPL) sech

Zum 1. November geet d‘Transitiounsphas vun der PAG-Erneierung op en Enn

D‘Chambre immobilière fuerdert eng Drénglechkeetsmoossnam fir ze verhënneren datt et bei de Geneemegungen zur Blockad kënnt

Zum 1. November geet d‘Transitiounsphas vun der PAG-Erneierung op en Enn

2017, wéi sech d‘Gemengewahlen ofgezeechent hunn, hat d‘Chambre immobilière vu Lëtzebuerg (CIGDL) sech schonn emol agesat, fir datt déi spéider gewielte Volleksvertrieder, séierst méiglech d‘PAGen (Plan d‘Aménagement Général), entspriechend dem ofgeännerte Gesetz zum kommunalen Amenagement an der urbaner Entwécklung vun 2004, unhuelen.

Sënn an Zweck vun dëser Fuerderung: d‘Investissementer ofsécheren, wou gewosst ass, datt de Besoin u Logementer weider zouhëlt. Haut ass d‘Feststellung „batter“: nëmmen 32 vun 102 Gemenge hunn dat bis ewell ëmgesat. An ab dem 1. November, léisst sech näischt méi veränneren.

Aktuell ass et esou, datt déi kommunal Territoire vun dräi PAG-Versioune regéiert ginn, déi aus dräi op enaner folgende Legislatiounen entstane sinn. Déi PAGen vun der „neier Generatioun“ (2011) déi sech op déi aktuell gülteg Legislatioun stäipen, sinn déi eenzeg, déi déi noutwenneg Flexibilitéit opweisen, déi et erméiglechen sech den Erausfuerderungen ze stellen, déi den zäitgenësseschen Urbanismus mat sech bréngt.

D‘Frist versträicht den 1. November 2019

Déi Gemengen déi sech op de PAG „Versioun 1937“ oder vu virun 2011 stëtzen hunn nach just e puer Wochen, fir sech den Ufuerderunge vum aktuell gültege Gesetz unzepassen, andeems si d‘Prozedur zur Adoptioun vun engem PAG „nei Generatioun-Gesetz 2011“ aleeden. Nom 1. November ka keng punktuell PAG-Modifikatioun a kee PAP (Plan d‘Aménagement Particulier) an deene Gemenge virgeholl ginn déi net a Konformitéit mat verännerte Gesetz vun 2004 stinn.

Fir de President vun der CIGDL, Jean-Paul Scheuren „ass dës Situatioun engem Land onwierdeg, wou d‘Fro vum Logement eng absolut Prioritéit ass“. D‘CIGDL bedauert staark, datt trotz engem Delai vun iwwer 15 Joer, manner wéi d‘Hallschent vun de Gemengen iwwert en aktualiséierte PAG verfügen. Dës Situatioun riskéiert derzou ze féieren, datt et bei der Attributioun vun de Geneemegungen zu weidere „Behënnerunge“ kënnt, an dat an enger ugespaanter Maartsituatioun.

„Ech invitéieren d‘Inneministesch nach emol hir Decisioun, d‘Transitiounsperiod net iwwert den 30. Oktober eraus ze verlängeren, nach emol ze iwwerdenken. Et ass evident, datt vill Gemenge wäerten op eng Fristverlängerung ugewise sinn. Et geet heibäi drëms ze verhënneren, datt et zu enger Situatioun kënnt an där Autorisatioune blockéiert ginn, an dat an enger besonnesch bis extrem ugespaanter Situatioun um Niveau vum Wunnengsmaart“, insistéiert de Jean-Paul Scheuren.

Juristesch Onsécherheet

D‘Ursaach vun „net genuch Wunnraum a Logementer“ sinn enger extremer Komplexitéit vun der Legislatioun geschëlt, wat zu enger juristescher Onsécherheet féiert, déi d‘Entwécklung vun den Fachleit aus dem Secteur bremst. „D‘Unzuel vu Logementer déi an de leschte 17 Joer gebaut goufen, war ëmmer wäit ënnert dem reelle Besoin vun der Bevëlkerung an dat wéinst den Delaie bei den administrative Prozeduren. Et brauch net seelen tëscht 10 a 15 Joer fir e Lotissement aus dem Buedem ze hiewen…“

Während dëser Zäit klammen d‘Präisser: „Wat d‘Prozedure fir e Lotissement méi laangwiereg sinn, ëmsou méi extrem ass den Ustuerm op déi nei Logementer a Bauterrainen“, stellt de President vun der CIGDL fest. An eenzeg d‘Adoptioun vun de PAGen no neiem Muster, kann de Kader bidden, fir d‘Schafe vu Wunnengen ze dynamiséieren. Eenzeg d‘Absence vum PAG ass nach schlëmmer, wat eigentlech méi wéi Grond genuch misst sinn eng Fristverlängerung hei zouzeloossen.

Matgedeelt vun der Chambre immobilière zu Lëtzebuerg, fräi aus dem franséischen iwwersat vum Laure Schlesser

Foto: Robert Forster/Pixabay

Ähnlech Sujeten Chambre immobilière zu Lëtzebuerg, CIGDL, PAG, PAP, Wunnengsmaart
Nächsten Artikel Virrechten Artikel