Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

déi gréng schloen en neit Kapitel op
Kultur Neiegkeeten WTF

déi gréng schloen en neit Kapitel op

Zwee Männer ginn a zwou jonk Damme kommen. Och esou

Fir eng „Propper Stad“ muss och de Bierger eng Hand upaken
Kultur Neiegkeeten WTF

Fir eng „Propper Stad“ muss och de Bierger eng Hand upaken

Bei der Virstellung vum Bilan 2018 vum de Stater Hygiènesdéngscht

Weider Grenziwwergäng wäerten opgoen
Kultur Neiegkeeten WTF

Weider Grenziwwergäng wäerten opgoen

De Jean Asselborn, Europa- an Inneminister begréisst d’Decisioun vun der

surprise

Päischtkiermes zu Esch-Uelzecht: Impressiounen

Päischtkiermes zu Esch-Uelzecht: Impressiounen
© Martine de Lagardère/moien.lu

Et ass wuel déi 184. Editioun vun der Escher Päischtkiermes, mee déi éischt an senger „neier Form“ firwat och am Virfeld Vergläicher mat der Schueberfouer gemaach goufen. Dat ass wuel Quatsch mee et huet awer fir Gespréich an domatter och fir eng gëlleg Reklamm gesuergt.

An et war och nach e Renne géint Zäit fir alles esou hinzekréien, datt de Manegen och déi néideg Infrastrukturen zur Verfügung konnte gestallt ginn. Wéi ee feststelle kann, ass dësen Optrag mat Bravour erfëllt ginn. All d‘Kiermesleit sinn iwwert den neie Layout vun der Kiermes erfreet, déi mat dësem Changement iwwer wäit méi Plaz verfüügt, wéi dat bis ewell de Fall war.

D‘Päischtkiermes déi e Freideg offiziell erëffent ginn ass, kann een nach bis de 16. Juni besichen a de Krapperten e puer Flott Stonne bidden. Woubäi déi Erwuessen, ugesiichts der grousser an variéierter gastronomescher Offer, net dierften ze kuerz kommen. An ze entdecke gëtt et vun der Stadhausplaz bis hannert de Parvis vum Geriicht masseg. Ass jo och alles nei…

Päischtkiermes

© Martine de Lagardère/moien.lu

Esou d‘Riserad, dat engem eng flott Iwwersiicht iwwert de Quartier bitt. Oder de „King“ wou der Dronkenelle scho beim einfachen Nokucken ausginn. Mee och d‘Klassiker si present: den Tagada, deen eng éischter jonker Clientèle virenthalen ass, d‘Knuppautoen, d‘Schéissbuden an déi geckeg Apparater wou d‘Leit Geld ageheie wéi wann es muer nees géif nowuessen.

Mee eng Kiermes ass hautdesdaags keng Kiermes méi wann et net och Animatioun, oder besser, e Kaderprogramm gëtt. Dat wëssen d‘Schlakendätscher schonn eppes méi laang an esou gouf ee ganz flotte Programm opgestallt, dee mir eise Lieser géifen un d‘Häerz leeën. Et ass bestëmmt fir all Mënsch eppes derbäi an eng gutt Dot kann een och maachen (8. Juni).

vum Laure Schlesser an dem Martine de Lagardère (Fotoen)

Opmaacherfoto: De Manege mam schéinen Numm „KING“. Eng 18 Meter héich „Schaukel“ fir e Wénkel vun 120° an Sëtzer déi sech an all Richtung dréinen. Net wierklech eppes fir eeler Gäscht, well hei gëtt ee gutt duerchgerëselt. © Martine de Lagardère/moien.lu

Nächsten Artikel Virrechten Artikel